Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei

Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei

De Projet “Formatioun vun de Bridder vu Verbum Spei” ënnerstëtzt finanziell d’Ausbildung vun de Bridder, déi hei zu Lëtzebuerg sinn.

Formatioun vun de Bridder vu Verbum SpeiVerbum Spei gouf 2012 a Mexiko gegrënnt. D’Vocatioun vun de Bridder ass virun allem kontemplativ, mat enger apostoulescher Ausstralung. Hir Spiritualitéit ass vun Uerden, déi vum Heesche liewen, inspiréiert. Esou liewe si gréisstendeels vu Spenden.

Bannen 10 Joer ass d’Brudderschaft gewuess an zielt haut 45 Memberen, vun deenen déi meescht nach an der Ausbildung sinn. Aacht Bridder wunnen den Ament zu Lëtzebuerg, sechs dovunner sinn a Formatioun.

 

Formatioun Verbum SpeiD’Formatioun vun de Bridder, souwuel mat Bléck op hiert Priistertum wéi och op hiert reliéist Liewen, ass wichteg fir d’Zukunft vun der Kierch zu Lëtzebuerg. Gutt ausgebilte Paschtéier a Bridder, déi oppe sinn fir déi grouss Erausfuerderunge vun der Kierch an der haiteger Welt, droen zu engem méi groussen apostoulesche Rayonnement an zum gudde Gelénge vu pastorale Missioune bäi, déi hinne vun der Kierch hei zu Lëtzebuerg uvertraut ginn.

 

Spendenopruff

Sidd generéis, maacht wgl. en Don a bedeelegt Iech esou un den Onkäschte vun den Aschreiwungen fir déi verschidde Formatiounen, un de Käschte vun de Sessiounen a Foren, un de Materialkäschten an un aner Fraisen, déi mat hirer Ausbildung zesummenhänken.

Mentioun vum Don: BRIDDER VU VERBUM SPEI

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Formatioun Bridder Verbum Spei Payconiq
Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 50,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.