Klickt op d’Bild, fir de Video op Youtube ze kucken!
De Projet Karibuni bitt jonke Flüchtlingen eng ganzheetlech Ënnerstëtzung an hirem Integratiounsprozess.
E baséiert op de Besoinen, den Talenter an den Interesse vu jonke Leit jee no hire spezifesche Besoinen an hirem Alter (13-17; 18-23; 24-29 Joer).
- De Projet fërdert eng Gemeinschaftsapproche, andeems e jonk Flüchtlingen a jonk Awunner fir kulturell Aktivitéiten, kreativ Atelieren a Sportaktivitéiten zesummebréngt.
- Déi jonk Flüchtlingen an hir Eltere solle sech bewosst ginn iwwert déi verschidde pedagogesch Modeller bei hinnen a bei eis a kucken, wat am Beschten an hirer neier Situatioun ass.
- Hie preparéiert, begleet an evaluéiert den éischte Kontakt mat der Aarbechtswelt zu Lëtzebuerg duerch Studentenjobs an duerch déi gutt Kontakter mat de Firmen, déi hei matschaffen
- Déi jonk Leader sollen valoriséiert ginn duerch eng zertifiéiert Ausbildung als Animateur, fir datt si ënnert hire Leit eng positiv Roll an de Foyeren, Jugendhaiser an an de Schoulen hunn.
A) Programmstrategie
1) Approche no Altersgruppen; d’Summerakademie gëtt haaptsächlech fir Jonker tëscht 12 a 17 Joer ugebueden, wärend Studentenjobs sech un déi iwwert 16 Joer Al riicht; den Atelier fir d’Elteren ëmfaasst och déi eeler Bridder oder Schwësteren, Tuteure vun de Jonken.
2) Ganzheetlech a participativ Approche.
-
- Vun de Besoinen an den Interessi vun de jonke Leit ausgoen.
- D’Fäegkeete vun de Participante valoriséieren.
3) Gruppenapproche
-
- Op Gruppendynamik setzen, fir eng géigesäiteg Beräicherung ze schafen.
4) Vun enger Plaz op an der Integratiounsplazen ausstralen.
- Schafe vun engem frëndleche Raum, eng Referenz- an Identifikatiounsuert.
5) Treffen tëscht jonke Flüchtlingen an Awunner favoriséieren.
- An de proposéierten Aktivitéite sinn 1/4 vun de Participante keng Flüchtlingen.
B) Zilpopulatioun
D’Gesamtzuel vun de Participanten un de verschiddenen Aktivitéiten gëtt op 300 geschat, ouni d’Lycéesschüler aus dem 3. Joer ze zielen.
C) Aktivitéiten
1) Kulturell a Sportsatelieren
Déi verschidden Zorte vu Workshops kënne sinn: Schwätzen, fir am Austausch Franséisch ze üben; Ausdrock (Theater, Danz, Gesank, Zeechnen, Schreiwen); Sport (Fussball, Danzen, Wanderen, Vëlofueren, Schwammen); Debaten an engem Kaffi an interreliéis Treffen; kulturell Ausflich mat Visitte vu Muséeën, Participatioun un traditionelle Lëtzebuerger Fester; festlech Owender a Vakanzen.
Resultat 1: 7 Ateliere mat 65 Participanten ginn all Joer ugebueden (am ganzen 205)
2) Kenne léiere vun der professioneller Welt duerch Studentenjobs
De Projet probéiert gutt Bezéiunge mat verschiddene Firmen opzebauen a bitt als Géigeleeschtung un, déi Jonk op hir éischt Aarbecht virzebereeden, se ze begleeden an um Enn d’Erfarung, déi de jonke Mënsch, säi Patron a seng Kolleege gemaach huet, ze bewäerten.
Resultat 2: 20 Entreprise sensibiliséiert; 9 Firmae bidden Aarbechtsplaze fir 27 Schüler / Studenten un
3) Summerakademien
D’Summerakademie gesäit 7-10 intensiv Deeg vir, déi sech aus Coursen, Atelieren a kulturell an historesch Entdeckunge zu Lëtzebuerg zesummesetzt.
Resultat 3: 3 Summerakademien; 45 jonk Participanten
4) Formatioun fir Animateuren
Resultat 4: 9 jonk Flüchtlinge forméiert fir d’Animatioun
5) Sensibilisatioun an de Lycéeën
An engem leschte Volet sollen d’Lycéesschüler sensibiliséiert ginn fir d’Realitéit vum Asyl.
Resultat 5: 5 Gruppe karibuni a 5 Lycéeën; 15 Sensibilisatiounssitzungen
D) Mënschlech Ressourcen
D’Ekipp fir de Projet ëmzesetzen setzt sech zesummen aus:
- 1 professionnelle Projetskoordinator (Vollzäit)
- 6 Leit fir de Suivi all Mount vum Projet
- 4 europäesch Fräiwëlleger fir eng Mindestdauer vun 8 Méint all Kéiers (32 Stonnen / Woch)
- 9 Fräiwëlleger fir d’Summerakademien fir eng Mindestperiod vun 10 Deeg all Kéiers
- 25 Fräiwëlleger (2-4 x 4 Stonnen / Mount)
MENTIOUN VUM DON: KARIBUNI
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
All Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
“Am Déngscht vun de Flüchtlingen.”
Montant à collecter:
30.000 €
