Maison Iñigo

Maison Iñigo

Direkt nieft der Kapell vum Christ-Roi um Belair steet d’Maison Iñigo als en oppent Haus fir jiddereen, deen no Sënn sicht, grad och wéi fir all Mënsch, dee säi Glawe verdéiwen, nei Kraaft fannen oder sech ganz konkreet engagéiere wëll fir säin Nächsten.

D’Maison Iñigo ass e besonneschen Uert. An der Kierch ass et en Uert, dee komplementar zu de Poren ass, agebonnen a verschiddene soziale Realitéiten, offe fir ekologesch a kënschtlerech Kreativitéit an engem gemeinschaftleche Geescht. Et ass en Espace fir e spirituellt Sichen. Dëse favoriséiert d’Begéinung vu Fraen a Männer, déi gudde Wëllens sinn. D’Haus stellt de Kader fir eng ganz Rëtsch apostolesch Aktivitéiten, besonnesch fir d’Katechees, fir déi Jonk vum “Mouvement Eucharistique des jeunes” (MEJ) a vun der “Jeunesse Etudiante Chrétienne” (JEC), fir d’Ekippe vun jonke Leit am Beruffsliewen (Magis) a fir de Flüchtlingsdéngscht vun de Jesuitten (JRS-Luxembourg); donieft fannen hei och kulturell, kënschtlerech a sportlech Aktivitéite statt.

  • Dësen Uert declinéiert déi véier apostolesch Präferenze vun der Gesellschaft Jesu weltweit vun der Verdéiwung vum Glawen a vum Wee op Gott zou, wéi et an de spirituellen Exerzitien vum hellegen Ignatius steet,
  • d’Begleedung vun de Jonken an hirem Wuesstum,
  • d’Opmierksamkeet fir déi Ärmst a fir déi, déi am Schwaachste sinn an
  • d’Suerg fir eist “gemeinsaamt Haus”.

 

Am ganze sinn all Woch eng 400 Persounen (Kanner, Jonker, Erwuessener a Benevoler) an deene verschiddene pastoralen a sozialen Aktivitéiten implicéiert, nieft de Gottesdéngschter.

Den Accueil vum Public a bessere Konditiounen an d’Entwécklung vun der pastoraler Aktivitéit bréngen natierlech Käschte mat sech, déi et iwwer en anere Wee wéi eleng duerch d’Ënnerstëtzung vun der Gemeinschaft vun de Jesuitten ze finanzéiere gëllt.

Är Donen zu Gonschte vun der Fondation Sainte-Irmine hëllefen, d’pastoral Aktivitéiten, déi hei ugebuede ginn, matzedroen.

MENTIOUN VUM DON : MAISON IÑIGO

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

All Done fir d’Fondation Sainte-Irmine kënne vun der Akommessteier ofgesat ginn an de Limitte vum Gesetz.

Montant à collecter:

50.000 €

3.920€ of 50.000€ raised
Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
j'accepte l'utilisation des cookies strictement nécessaires à mon paiement, en savoir plus
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 50,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen