Ënnerstëtzung fir d’Formatioun vun den zukünftege Priister zu Lëtzebuerg

Ënnerstëtzung fir d’Formatioun vun den zukünftege Priister zu Lëtzebuerg

Eng véier bis fënnef Seminariste bereede sech den Ament op d’Priistertum an der Äerzdiözees Lëtzebuerg vir. Dës Männer hu sech entscheed, de Wee vu Christus nozegoen a Priister ze ginn. Si sinn d’Zukunft vun der Kierch. Et ass eis Aufgab, si dobäi z’ënnerstëtzen, besonnesch mat eisem Gebiet.

 

En zukünftege Priister ze forméieren an z’ënnerhalen huet e Käschtepunkt. Et muss ee mat 20.000 Euro pro Joer oder esouguer méi rechnen, wann de Seminarist am Ausland studéiert. Dëse laangfristegen Effort – déi Ausbildung dauert am Schnëtt 7 Joer – ass noutwendeg, fir d’Nofolleg vun de Geeschtleche sécherzestellen. Är finanziell Ënnerstëtzung ass eis ganz wichteg.

Dir kënnt eis hëllefen, zukünfteg Priister an der Äerzdiözes auszebilden, andeems Dir en Don un d’Fondation Sainte-Irmine maacht, mat der Mentioun: „Ënnerstëtzung fir d’Formatioun vun den zukünftege Priister”. Dir kënnt Iech awer och entscheeden, fir d’Ausbildung vun engem Priister laangfristeg z’ënnerstëtzen, andeem Dir all Mount („Ordre permanent”) e Betrag vun Ärem Choix maacht.

 

Den 18. Mee, wärend der Oktav 2019, hat d’Äerzdiözees d’Freed, mam Yves Olinger en neie Priister a mam Vincent de Smet en neien Diakon ze kréien. D’priisterlech Ordinatioun vum Vincent De Smet war e Samschdeg 10. Oktober 2020 an der Notre-Dame Kathedral.

Fir der Kierch ze hëllefen, d’Formatioun an de Liewensënnerhalt vun de Geeschtlechen a Laien am Déngscht vun der Äerzdiözees sécherzestellen, kënnt Dir en Don op den Zukunftsfong maachen.
Merci.

KONTAKT

Abbé Patrick MULLER
Grand Séminaire de Luxembourg
patrick.muller@cathol.lu

Abbé David RODRIGUEZ
Séminaire Redemptoris Mater
david.rodriguez@cathol.lu

Montant à collecter:

50.000 €

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 5,00€

DON MAM VERMIERK: ËNNERSTËTZUNG FIR D’FORMATIOUN VUN DEN ZUKÜNFTEGE PRIISTER

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen (Artikel 109 an 112 vun der L.I.R.).