Geschicht an Architektur vun der Kapell
Am Juli 1931 hunn d’Jesuitte sech zu Lëtzebuerg néiergelooss, deemools an der rue Bel Air, déi haiteg Avenue Gaston Diderich. An dësem Stater Quartier, deen am Opbroch war, hu si d’Organisatioun vun der kathoulescher Relioun iwwerholl.
Well de Quartier vum “Belair” keng ëffentlech Kierch hat, huet d’Gemeinschaft vun de Jesuitten decidéiert, eng Kapell ze bauen. Den Architekt Hubert Schumacher (1896-1961) gouf mat de Pläng chargéiert. De Grondstee gouf de 6. Oktober 1931 geluecht an de 16. August 1932 gouf d’Kapell vu Christus de Kinnek (Christ-Roi) feierlech ageweit.

Wat besonnesch an dësem Raum, dee bis zu 300 Leit Plaz bitt, opfält, ass seng grouss Eenheet a seng Einfachheet. D’ästhetescht Virbild ass dat vum “Bauhaus”. Fir de 400. Anniversaire vun der Néierloossung vun de Jesuitten zu Lëtzebuerg am Joer 1594 würdeg ze feieren, huet d’Gemeinschaft d’Kapell no den initiale Pläng a mat Hëllef vum Architekt Jean Petit restauréiere gelooss.
Spendenopruff
Mir appeléieren un Är Generositéit fir d’Renovatioun vum Daach vun der Kapell an d’Installatioun vun enger Solaranlag, déi et erméiglecht, d’Kapell vum Christ-Roi an d’Gebaier ronderëm mat erneierbarem Stroum ze versuergen.
D’Kapell vum Christ-Roi, Proprietéit vun der Jesuitte-Gemeinschaft, brauch e reegelméissegen Entretien; dëse Projet vun der Fondatioun Sainte-Irmine hëlleft, den Erhalt vun der Kapell ofzesécheren.
MENTIOUN VUM DON: KAPELL VUM CHRIST-ROI
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
Montant à collecter:
25.000 €
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.











