D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav

D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav

Dëst ass e pastorale Projet, dee sech un déi Chrëschte riicht, déi iwwer déi modern, klassesch oder elektronesch Kommunikatiounsmëttel un de Gottesdéngschter deelhuele wëllen. Dacks sinn dëst Mënschen, déi op Grond vun hirem Alter oder hirer Krankheet net méi an der Lag sinn, fir an d’Kierch ze goen, deenen d’Deelhuelen un der Feier vun der Gemeinschaft iwwer d’Medien awer e wichtegt Uleies bleift an engem reellen existenzielle Bedierfnes entsprécht.

 

D’Produktioun vun der Sonndesmass aus verschiddene Kierchen aus der Äerzdiözees duerch d’BCE an d’Iwwerdroung op apartTV, RTL Zwee a cathol.lu ginn zanter 2017 vum Äerzbistum finanzéiert. D’Kierch muss och d’Käschten droe fir d’Ausstralung vun der deeglecher Pontifikalandacht wärend der Oktav. D’Iwwerdroung vun enger Mass kascht am Schnëtt 5.250 € (Diffusiouns- an Abonnementskäschten abegraff), woubäi dee gréissten Deel vum Betrag fir d’Produktioun vun Toun a Bild gebraucht gëtt. De Käschtepunkt fir d’Retransmissioun vun der Pontifikalandacht beleeft sech op ongeféier 1.650 €.

Kuckt d’Sonndesmass (Tëleesmass)!

 

DON MAM VERMIERK : TËLEESMASS

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

KONTAKT

Georges HELLINGHAUSEN
Bëschofsvikar fir d’Medien
georges.hellinghausen@cathol.lu

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen