Dësen zweckgebonnene Fong soll der Kierch zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttele ginn, fir hir Pastoral ofzesécheren. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den Haaptamtlechen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn.
Am Laf vum Joer 2021 huet d’Stëftung d’Rekordzomm vu 671.679 € un Done fir den Zukunftsfong krut. Op den 31. Dezember 2021 hu sech d’Reserven am Fong op am ganzen 2.325.574 Euro belaf. Dës Mëttele esou wéi all aner temporär Liquiditéite vun der Stëftung kënnen nëmmen a Finanzproduiten investéiert ginn, déi den Ufuerderunge vun der Sozialléier vun der kathoulescher Kierch entspriechen an dëst bei Finanzinstituter mat enger exzellenter Bewäertung, déi d’Zréckbezuele vum investéierte Kapital garantéieren.
„Hëlleft eis, den Ënnerhalt an d’Formatioun vum Klerus a vun de Laienam Dénscht vun der Kierch z’assuréieren.
Montant à collecter:
200.000 €
DON MAM VERMIERK: ZUKUNFTSFONG
CCPLLULL LU79 1111 7038 7846 0000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
