Scuola Materna Cattolica Internazionale

Scuola Materna Cattolica Internazionale

D’ Scuola Materna Italiana gouf am Joer 1965 op Ufro vum deemolegen italieeneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, SEM Bamassei, gegrënnt. Eng Gemeinschaft vu Schwëstere vun der Congregazione Delle Suore Francescane Missionarie Del Sacro Cuore huet zanterhier d’Kanner an hirer mënschlecher a spiritueller Entwécklung gefërdertan och eng pedagogesch Ausbildung vun héijem Niveau assuréiert.

Ufanks waren d’Kanner virun allem italieenescher Originn, awer déi pedagogesch Offer, déi och op enger staarker kathoulescher Identitéit baséiert, huet Familljen aus anere Sproochegemeinschaften ugezunn.

Déi häiteg zweesproocheg Offer (italieenesch a franséisch), kombinéiert mat Notiounen vun der englescher an der lëtzebuergescher Sprooch, bereet d’Kand op aner Entwécklungs – a Bildungsberäicher vir, fir him et esou z’erlaben, seng Schoulkarriär an der Grondschoul oder an anere Bildungsariichtungen hei am Land weiderzeféieren.

D’Schoul proposéiert den Elteren dräi Sektiounen zur Wiel:

  • italienisch – franzéisch,
  • italienisch – englesch
  • franzéisch – englesch

an eng Aféierung an d’lëtzebuergesch Sprooch fir jiddereen duerch Mammesproochler.

De familiäre Kader vun der Schoul, integréiert an e Wunnquartier, a seng mënschlech Dimensioun ginn hir en aussergewéinleche Charakter an der Schoullandschaft vum Land. An dësem Kontext gëtt d’Botschaft vu Jesus Christus a vum Chrëschtentum duerch Fester, Riten, Symboler a biblesch Geschichten presentéiert, déi den Alldag vun dëser Spillschoul duerch dat ganzt Schouljoer beräicheren. D’Traditiounen, d’Fester an d’chrëschtlech Aspekter vum Liewe ginn am Respekt vun der Diversitéit thematiséiert, dëst och mat Bléck op de kulturellen Ursprong vun de Kanner, deen et jidderengem erlaabt, seng Wuerzelen ze fannen a sech an engem ëmmer méi komplexe gesellschaftleche Kontext ze situéieren.

Eng ASBL gouf gegrënnt, fir d’Aarbecht vun de Schwëstere weiderzeféieren. D’Weiderbildung um edukativen a reliéisen Niveau fir d’Léierpersonal ass als Deel vun dëser professioneller Dynamik geplangt.

 

Fir hir ursprénglech pedagogesch Offer z’erhalen, sicht d’Schoul Fongen, fir d’Entwécklung ze garantéieren a fir Boursen ze finanzéieren, déi verschidde Kanner kréien. De Schoulministère dréit net zur Finanzéierung vun den ausserschouleschen Aktivitéite bäi, a wat d’Schoulkäschten ugeet, gëtt kee finanzielle Bäitrag gefrot fir Schoulkanner ënner 4 Joer.

Dëse Projet ass am Aklang mat den Aktivitéiten, déi um Niveau vum Äerzdiözees stattfannen, fir d’Pastoralversuergung vu Kanner a Jonken ze fërderen. Op dës Manéier gi wesentlech Wäerter un déi zukünfteg Generatioune vermëttelt als Deel vun engem aussergewéinlechen edukative Projet um Niveau vun der chrëschtlecher Erzéiung.

MENTIOUN VUM DON

Entwécklungsfong Scuola Materna Cattolica Internazionale

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Stéphanie DUVAL
Direktesch
secretariat@scmi.info

Op der Foto ass d’Schwëster Luciana a Begleedung vum Kardinol Jean-Claude Hollerich. D’Schwëster Luciana war jorelaang Direktesch vun der “Scuola Materna”. Am Juli 2020 ass si zréck gaangen an hiert Heemechtsland Italien.

“Ech wënschen Iech all, Elteren, Léierpersonal, Leit, déi an de Schoule schaffen, Schüler, e gudde Wee duerch d’Schoulzäit, e Wee, deen et erlaabt, dräi Sproochen ze entwéckelen, déi eng erwuesse Persoun kenne sollt: d’Sprooch vum Geescht, d’Sprooch vum Häerz an d’Sprooch vun den Hänn.”

Pourquoi j’aime l’école, Poopst François

 

Montant à collecter:

30.000 €

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 5,00€