Beschreiwung vum Projet:
Op Invitatioun vum Monseigneur Jean-Claude Kardinol Hollerich, wëll d’Jugendpastoral vill Jonker invitéieren, un de Weltjugenddeeg (JMJ), déi am Summer 2023 zu Lissabon sinn, deelzehuelen an esou zesummen eng déif Glawenserfarung ze maachen. D’Zil ass et, datt ongeféiert 200 Jonker deel huelen. Den Depart ass a Presenz vum Kardinol a Form vun enger Pilgerrees mam Bus vu Lëtzebuerg op Lissabon mat Statiounen zu Lourdes – Loyola – Braga – Fatima.
Virum Depart ass virgesinn, e “pré – JMJ @home” hei zu Lëtzebuerg z’organiséieren a Jonker aus Thailand, Vietnam, Japan an Australien ze empfänken. Dës 3 Deeg vun de JMJ @home sollen der ganzer Kierch zu Lëtzebuerg en Impuls ginn.
D’Rees selwer dauert 15 jDeeg a gesäit dës Etappe vir:
3 Deeg als Pilgerrees am Bus Lourdes – Loyola
5 Deeg an der Diözees vu Braga
6 Deeg op de JMJ zu Lissabon
Am Kader vun der Participatioun vun eiser Äerzdiözees un de JMJ, huet de Mgr Jean-Claude Hollerich 10 Jonker aus Thailand invitéiert, fir datt si zesumme mam JMJ-Grupp vu Lëtzebuerg aus deel huele kënnen. Dës Jonker aus Thailand brauchen eng besonnesch finanziell Ënnerstëtzung, wëll si net oder nëmmen deelweis d’Käschte vun der Pilgerrees selwer droe kënnen.
De Präis, fir un der Rees deelhuelen ze kënnen, ass ofhängeg vun de finanzielle Mëttel vun de Participanten. D’Fongen, déi vun der Fondatioun Sainte-Irmine gesammelt ginn, ginn zum gréissten Deel genotzt, fir déi Jonk ze ënnerstëtzen, déi eng (deelweis oder komplett) finanziell Hëllef brauchen.
Virbereedungsaktivitéite fir dës Rees sinn integrale Bestanddeel vun dësem Projet. Et ass virgesinn, datt déi Jonk u Virbereedungsdeeg deel huelen, an och “fundraising”-Aktivitéite plangen an organiséieren.
Wéinst de genannte Grënn freet d’Jugendpastoral d’finanziell Hëllef vun der Fondatioun Sainte-Irmine a mécht en Appell fir Donen bei den Donateuren, fir si ze sensibiliséiere fir d’Bedeitung vun de JMJ an esou Jonken et ze erméiglechen, eng déif Glawenserfarung op dësem onvergiesslechen Treffen ze maachen.
Weltjugenddeeg (JMJ)- Erklärung
De World Youth Day (WYD) ass en Treffe vu jonke Leit aus der ganzer Welt mam Poopst. Et ass och eng Wallfaart, eng Feier vun de Jonken, en Ausdrock vun der universeller Kierch an e staarke Moment vun Evangeliséierung an der Welt vun de Jonken. Dës Wallfaart wëll alle Participanten eng Erfarung vun der universeller Kierch erméiglechen, andeem si eng perséinlech Begéinung mat Jesus Christus favoriséieren.
D’JMJ sinn och en neien Impuls fir de Glawen, d’Hoffnung an d’Näechsteléift vun der Gemeinschaft aus dem Gaaschtland. D’Weltjugenddeeg wëlle Fridden, Eenheet a Bridderlechkeet tëscht de Vëlker an den Natioune ronderëm d’Welt fërderen, mat de Jonken als Haaptakteuren.
Dës Weltjugenddeeg goufe vum hellege Poopst Johannes Paul II lancéiert; hie sot: “Tous les jeunes doivent se sentir accompagnés par l’Église: c’est pourquoi toute l’Église, en union avec le Successeur de Pierre, se sent plus engagée, dans le monde entier, en faveur des jeunes, leurs préoccupations et demandes, leur ouverture et leurs espérances, pour correspondre à leurs aspirations, en communiquant la certitude que le Christ est, la Vérité qui est le Christ, l’Amour qui est le Christ, à travers une formation appropriée ».
De Poopst Franziskus luet déi Jonk an a seet zu hinnen:
“Wenn du die innere Kraft, die Träume, den Enthusiasmus, die Hoffnung und die Großmut verloren hast, tritt Jesus vor dich, wie er vor dem toten Sohn der Witwe erschien, und fordert dich mit all seiner Auferstehungsmacht auf: Junger Mensch, ‘ich sage dir: Steh auf!’ ”
MENTIOUN VUM DON: JMJ2023
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Patrick De Rond
patrick.derond@cj23.lu
Michel Rémery
youth@cathol.lu
Carolina Medrano
carolina.medrano@cathol.lu
Tel.: 436051-372
Montant à collecter:
100.000 €
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen

