Wärend dem Exercice 2020 huet d’Fondatioun d’Gesamtzomm vun 1.964.248 € gesammelt, géintiwwer 1.187.157 € am Joer 2019 an 851.109 € am Joer 2018. D’Done sinn deemno ëm 65% am Verglach mat 2019 an ëm 130% am Verglach mat 2018 geklommen. .
2020 huet d’Fondatioun ënnert anerem dës Projeten ënnerstëtzt:
- Zukunftsfong vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg
Dësen zweckgebonnene Fong soll der Kierch zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttele ginn, fir hir Pastoral ofzesécheren. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den Haaptamtlechen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den Haaptamtlechen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn.
Am Laf vum Joer 2020 huet d’Stëftung d’Rekordzomm vu 584.985 € un Done fir den Zukunftsfong (Fonds d’Avenir) krut. Op den 31. Dezember 2020 hu sech d’Reserven am Fong op am ganzen 1.593.027 € belaf. Dës Mëttele esou wéi all aner temporär Liquiditéite vun der Stëftung kënnen nëmmen a Finanzproduiten investéiert ginn, déi den Ufuerderunge vun der Sozialléier vun der kathoulescher Kierch entspriechen an dëst bei Finanzinstituter mat enger exzellenter Bewäertung, déi d’Zréckbezuele vum investéierte Kapital garantéieren.
- D’Initiativ vun der Diözees „Reech eng Hand” a besonnesch de Projet „Accueil vu Flüchtlingen”
„Reech eng Hand”ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. E gouf 2015 gegrënnt, wéi vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn.
Dräi Joer no senger Visitt op der griichescher Insel Lesbos huet de Poopst Franziskus en neien Appell gemaach fir méi Opmierksamkeet fir d’Flüchtlingen a méi Solidaritéit an der europäescher Migratiounspolitik.
Et war an dem Kader, an deem eng Delegatioun am Mee 2019 vum Vatikan, mat ë.a. de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, eng Visitt op Lesbos gemaach huet, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune gelieft hunn. D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: mam Accord vum Immigratiounsministère zwou Familljen, déi am Flüchtlingscamp op Lesbos liewen, hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.
Déi zwou Famillje sinn den 19. November 2019 hei zu Lëtzebuerg ukomm. Si gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer dréit d’kathoulesch Kierch all Käschten.
Déi zwou Famillje kréien déi selwecht Hëllef wéi all anere Flüchtling. No zwee Joer kënne si, wann néideg, op Sozialhëllef vum Staat zréckgräifen, jee no hirem Statut.
Wat d’Resultater ubelaangt, huet d’Initiativ „Reech eng Hand” wärend dem Joer 2020 e remarkabelen Opschwong kannt. D’Fondatioun huet fir dësen Zweck op den 31. Dezember 2020 e Gesamtmontant vun 120.470 € un Done krut, dorënner 13.740 €, déi fir den Accueil vun de Flüchtlinge vu Lesbos bestëmmt waren. An awer brauch dëse Projet, dee keng staatlech Subventioune krut, fir d’Zukunft nach eng däitlech méi grouss finanziell Ënnerstëtzung vun den Donateuren, wëll den Encadrement vun den zwou Flüchtlingsfamillje fir d’Joren 2020-2021 op 180.000-200.000 € geschat gëtt.
- D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav (Projet „Radiosmass”/ „Mediemass”)
Zanter Januar 2017 finanzéiert den Äerzbistum d’Opnam an d’Audio- resp. zanter 2020 d’Teleesiwwerdroung (Initiativ lancéiert wärend der Pandemie) an d’Diffusioun am Internet vun de Sonndesmassen a vun der Oktav. Dës Déngschtleeschtunge ginn assuréiert vu professionellen Entreprisen an hunn en héije Käschtepunkt. An awer erlaabt dëse pastorale Projet et, dank der Notzung vun de moderne Kommunikatiounsmëttelen, deene Persounen, déi wéinst Alter oder Krankheet net kapabel sinn, an d’Kierch ze goen, um Liewe vun der chrëschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen.
Dës Initiativ huet 2020, wéi gesot, duerch d’Iwwerdroung als Videomass via Tëlee an Internet en Opschwong kannt. Déi chrëschtlech Gemeinschaft hutt duerch hir generéis Done gewisen, datt dëse Projet fir si vu grousser Wichtegkeet ass. 2020 krute mir 158.540 €, géintiwwer 58.584 € 2019, wat enger Erhéijung vun 270 % enstprécht. Besonnesch an der schwéirer Zäit vum Coronavirus ass dëse Projet e “must” ginn.
- D’Formatioun vun den zukünftegePriister
Enn 2016 initiéiert, huet d’Fondatioun dëse wichtege Projet an der Ëffentlechkeet besonnesch promouvéiert. Dësen Effort um Niveau vun der Kommunikatioun huet et der Stëftung erlaabt, 2020 18.391 € ze sammelen, déi genotzt ginn, fir d’Formatioun vun de Seminariste vun der Äerzdiözees mat ze finanzéieren.
- Missio – Parrainage vu 4 Seminairen an der „Drëtter Welt”
De Parrainage vun de Seminairen ass eng Initiativ vum Hl. Apostel Paulus-Wierk (zu Lëtzebuerg genannt “Priister fir d’Drëtt Welt”), dat zanter méi wéi 125 Joer d’Formatioun vun de Priister an den Entwécklungslänner ënnerstëtzt.
An dësem Kader huet Missio Lëtzebuerg sech engagéiert, e puer Seminairen z’ënnerstëtzen, fir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister an afrikaneschen an an asiateschen Diözeesen sécherzestellen. An de Missiounslänner ass de Priister dacks net nëmmen den Hiert a Grënner vu Gemeinschaften, mee hien engagéiert sech och, d’sozial Entwécklung ze fërderen. Dofir brauch et eng zolidd Formatioun.
De Käschtepunkt fir de Studium vun engem Seminarist beleeft sech op 1.500 € pro Joer; d’Zomm, déi all Joer gesammelt soll ginn, entsprécht dem Finanzement vun de Studie pro Joer fir 40 Seminaristen.
Hebergéiert vun der Fondation Sainte-Irmine säit hirer Grënnung huet dëse Projet eng ganz schéin Entwécklung iwwer d’Jore gemaach; 2020 konnten 70.087 € ënner Form vun Donen an Ierfschafte gesammelt ginn.
- Restauréierung vun der symphonescher Uergel “Haupt” an der Kathedral vu Lëtzebuerg
D’Joer 2020 war och gepräägt vun der Prise en Charge vun engem neie Projet, deen d’Restauratioun vun der symphonescher Uergel an der Kathedral vu Lëtzebuerg betrëfft. Zanter hirer Konstruktioun an de Joren 1937/1938 duerch d’Firma “Manufacture d’orgues luxembourgeoise G. Haupt” huet dëst historescht Instrument – mat sengen 106 Regësteren dat gréisst, dat jee zu Lëtzebuerg gebaut gouf – all grouss reliéis an national Feiere vum Land begleet, vum Te Deum op Nationalfeierdag an der Oktav all Joer bis hin zu eenzelen Evenementer wéi den Te Deum vun der Befreiung 1945, d’Visitt vum Poopst Jean-Paul II. 1985 oder och nach d’Prënzenhochzäiten an d’Staatsbegriefnesser vum Herrscherhaus vu Lëtzebuerg.
War d’Uergel bis an d’Siwwenzegerjoren eng absolut Referenz an der Uergellandschaft hei zu Lëtzebuerg an ass se och haut nach e wichtegen Zeie vum Uergelbau vun hirer Zäit, huet sech den Zoustand vun dem Instrument dach iwwer vill Jore lues ma sécher verschlechtert wéinst hirem Alter an der Ofnotzung vum Material. Haut bleiwen eng Partie vun den nach 82 Regësteren zum Deel stomm; d’elektronesch Kombinatioun an d’elektro-pneumatesch Iwwerdroung fonctionéieren net méi zouverlässeg; Startproblemer, stomm Tasten oder Päifen si méi heefeg ginn, de generellen Zoustand vum Material erlaabt kee stabille Klang vun der Uergel méi.
Eng komplett Restauréierung vun der grousser Uergel vun der Kathedral gouf dowéinst am Joer 2008 decidéiert. D’Aarbechten un der Uergel dauere vun no der Oktav 2020 bis zum Advent 2021 a goufen der éisträichescher Firma “Rieger Orgelbau GmbH” uvertraut.
Vum Chantier vun der Restauratioun gëtt och profitéiert, fir en neie performante Tounsystem (Omniwave) z’installéieren zu Gonschte vun enger allgemenger Verbesserung vun der Akustik an der Kathedral.
Aner Projeten:
Wéinst der Ënnerstëtzung vu villen Donateure konnt d’Fondatioun doriwwer eraus dës Projete finanziell matdroen:
- – “Karibuni”, eng humanitär Initiativ, déi vum JRS (Jesuit Refugee Service) ënnerstëtzt gëtt, fir jonke Flüchtlingen an hirem Integratiounsprozess ze hëllefen.
- « Entwécklung vum Centre spirituel um Cents » fir den Ënnerhalt vum Kloschtergebäi a fir déi pastoral Aarbecht vun de Schwëstere vum Institut des Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará.
- « Adveniat »als Ënnerstëtzung fir déi humanitär a spirituell Missioune vum Här Paschtouer Julien Braun a Latäinamerika.
- « Esch 2022, Zesummen wann och Verschieden », e Projet, deen op Initiativ vum Pastoralrot vun der Por Esch-Uelzecht Helleg Famill am Kader vun Esch 2022, europäesch Kulturhaaptstad, organiséiert gëtt. D’Zil ass et, d’Liewen, d’Kultur an d’Dynamik vun der kathoulescher Kierch wéi och hire Beitrag an der Populatioun ervirzehiewen an ze weisen, datt eng Zesummenaarbecht mat den anere Konfessioune méiglech ass.
- « Entwécklungsfong vun der Scuola Materna Cattolica Internazionale » fir d’Zukunft vun der “Scuola” a besonnesch fir d’Wäerter vun der chrëschtlecher Erzéiung ze erhalen, déi vun de Schwëstere vun der “Congregazione delle Suore Francescane Missionarie del Sacro Cuore” am Joer 1965 gegrënnt ginn ass.
- « Fong fir déi Krank », Ënnerstëtzung fir d’Aktivitéite vu LuxPélé asbl, dem diözesane Pilgerservice, deen e Programm a Pilgerreesen fir krank, eeler a Mënsche mat enger Behënnerung organiséiert. De Pilgeruert Lourdes ass esou eng privilegéiert Destinatioun. De Pilgeruert Lourdes ass esou eng privilegéiert Destinatioun.
- De « Réseau mondial de la prière du Pape »ass e peepstlecht Wierk, dat sech un all Chrëschte riicht, fir datt si sech am Gebiet mobiliséiere fir d’Erausfuerderunge vun der Mënschheet a vun der Missioun vun der Kierch, déi de Poopst ons all Mount uvertraut.
- « D’Europa Scoute vu Lëtzebuerg (ESL) »sinn eng Scoutsbeweegung, déi, komplementar zur Famill, fir kathoulesch Erzéiung steet. D’Zil ass et, d’Generositéit vun de Jonken ze fërderen. Begéinungen tëscht jonken Europäer an deem selwechte chrëschtleche Geescht gi favoriséiert. Hirt Zil ass et, konkreet Geste vu Generositéit bei de Jonken z’entwéckelen an ze promouvéieren. Begéinungen tëscht jonken Europäer an deem selwechte chrëschtleche Geescht gi favoriséiert.
- « De Projet “Tweeting with GOD” »ass an d’Liewe geruff ginn, fir en Dialog mat jonke Mënschen ze féieren, besonnesch iwwer Froen, déi si sech iwwer hiert Liewen, iwwer Gott an de Glawe stellen. (Dëse Projet ass Enn 2020 ofgeschloss ginn).
- « Ënnerstëtzung fir d’ACFL »ass en neie Projet op Initiativ vun de Fraen a Mammen hei zu Lëtzebuerg. Et ass eng kierchlech Beweegung, an där sech Fraen zesummefannen, déi bereet sinn, hire chrëschtleche Glawen ze verdéiwen, d’Kultur ze liewen, sech sozial ze engagéieren a sech weiderzebilden.
Ënnert de verschiddene Projeten, déi vun der Fondatioun ënnerstëtzt goufen, fannt Dir hei an der Grafik, d’Projeten (ausser den Zukunftsfong) déi am Joer 2020 dee gréissten Erfolleg um Niveau vun de Spende kannt hunn.
Promotioun an Ëffentlechkeetsaarbecht
- Promotiounscampagne
Am Laf vum Joer 2020 huet d’Fondatioun e puer Campagne gemaach, fir de Public fir verschidde Projeten ze sensibiliséieren.
Obwuel 2020 e gutt Joer um Niveau vun de Finanzzuele war, war den direkte Kontakt zu den Donateuren wéinst der Pandemie net esou méiglech wéi gewinnt. Déi mënschlech Relatioune tëscht der Ekipp vun der Fondatioun an den Donateure hu leider gefeelt.
Am leschte Joer hunn d’Donateure besonnesch positiv op 3 wichteg Projete vun der Fondatioun Sainte-Irmine reagéiert, iwwert déi och an der Press geschriwwe gouf (an ofstéigender Reiefolleg): den Zukunftsfong, de Projet Radiosmass, an d’Aktivitéiten, déi mam Accueil vun de Flüchtlingen (Reech eng Hand (REH) a Lesbos) verbonne sinn.
- Eng intensiv an diversifiéiert Kommunikatioun
Am Beräich vun der Kommunikatioun ass 2020 vill Zäit investéiert ginn, fir dem Publik an engem neien Depliant eng Iwwersiicht vun den Aktivitéiten an den Initiativen ze ginn. Den Depliant vun der Fondatioun Sainte-Irmine (iwwersat an dräi Sproochen: däitsch, franséisch an englesch), deen op eng einfach Manéier d’Missioun vun der Stëftung resuméiert, ass 2020 an enger zweeter Editioun erauskomm, parallel zu neie lëtzebuergeschen an italienesche Versiounen. Dësen Depliant ass och un all neien Donateur, deen sech un d’Fondatioun geriicht huet, geschéckt ginn an huet esou gehollef,
déi diözesan Ziler duerzestellen. Den Effet war gutt an d’Resultater vun dëser Aktioun ware vill verspriechend, besonnesch wat d’Zomm vun den Donen 2020 ugeet.
- D’Promotioun vum Internetsite geet virun
2019 hat d’Fondatioun eng Partie Aarbechte gemaach, fir hir Websäit www.irmine.lu ze starten, déi den 13. Mee vun deem selwechte Joer lancéiert gouf.
Ënnert der WordPress Dimensioun entwéckelt, bitt dëse Site e konkreten Iwwerbléck iwwer déi verschidde Projeten, déi vun der Fondatioun Sainte-Irmine hebergéiert ginn. Zousätzlech wëll de Site och e “liewegt” Kommunikatiounsinstrument sinn, dat fäeg ass, d’Internetnotzer z’informéieren iwwer déi vill Aktivitéiten, Initiativen oder Eventer, déi d’Fondatioun am Laf vun der Zäit promovéiert. D’Attraktivitéit vum Site ass Deel vun der Missioun vun eisem Team, dat beméit ass d’Informatiounen à jour ze halen. Vu datt e groussen Deel vum Public vun der Fondatioun d’lëtzebuerger Nationalitéit huet, war et essentiell, den Notzer eng Versioun op Lëtzebuergesch vum Site unzebidden; zanter Oktober 2020 ass dëst de Fall.
Zousätzlech huet d’Fondatioun am Joer 2020 e System fir Online-Donen” via Kreditkaart op der Websäit ageriicht. Wärend dëse Service am Ufank nëmme wéineg vun den Donateuren genotzt gouf, huet d’Fondatioun am leschte Véierel 2020 a besonnesch am Dezember festgestallt, datt däitlech méi dacks vun dëser Funktioun Gebrauch gemaach gouf. D’Fondatioun hofft, datt dëst Mëttel, dat den direkten Transfert vum Betrag vun den Donen op d’Konte vun der Fondatioun Sainte-Irmine vereinfacht, am Joer 2021 nach méi benotzt gi wäert, dëst fir déi klassesch Bankiwwerweisungen ze kompenséieren, déi méi laang a méi ëmständlech sinn.
- Ännerung am Verwaltungsrot an an der Ekipp vun der Fondatioun
D’Joer 2020 war och vun e puer Ännerungen an der Ekipp vun der Fondatioun Sainte-Irmine a vun hirem Verwaltungsrot markéiert.
No aacht Joer gutt an trei Déngschter huet de Christian Descoups, deen de Poste vum “Generalsekretär” vum Äerzbistum a vun der Fondation Sainte-Irmine hat, de Bistum Enn 2020 verlooss, fir a Pensioun ze goen. D’Funktioun vum “Generalsekretär” vun der Fondatioun Sainte-Irmine huet de Roger Nilles, dee virdru verantwortlech war fir de Kommunikatiouns- a Pressedéngscht vum Äerzbistum, am August 2020 iwwerholl.
Donieft krut d’Nelly Linster d’Aufgabe vun der administrativer Assistentin iwwerdroen. Zanter hir besteet d’Ekipp aus dräi Leit, nämlech: Zanter hir besteet d’Ekipp aus dräi Leit, nämlech:
- Roger Nilles – Generalsekretär
- Antoine Wagner – Missiounsbeoptraachten
- Nelly Linster – Administrativ Assistentin
Um Niveau vum Verwaltungsrot gouf d’Mandat vum Administrateur Guy Schleder ëm 3 weider Joer verlängert. Den Här Christian Descoups gouf als neien Administrateur vun der Fondatioun Sainte-Irmine ernannt. Le nouveau Conseil ainsi composé compte désormais 5 administrateurs :
- Seng Eminenz Mgr Jean-Claude Kardinol Hollerich – President
- Seng Exzellenz Mgr Leo Wagener, Weibëschof – Exekutivpresident
- Här Christian Descoups, Administrateur
- Här Guy Schleder, Administrateur
- Här Marc Wagener, Administrateur
Aktiounsplang fir 2021
- Dynamesch Kommunikatioun
Wëll d’Pandemie och 2021 e groussen Impakt op d’Aarbecht vun der Stëftung wäert hunn, ass et schwéier, zu dësem Moment Prognosen ze maachen iwwer d’Kommunikatiounsaktivitéit vun der Fondatioun Sainte-Irmine.
Natierlech steet am Virdergrond vun der Fondatioun de Wonsch, hir Kommunikatiounspolitik aktiv ze relancéieren vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet a vun den Donateuren; eng Aarbecht, déi tëscht 2017 an 2020 hir Friichte gedroen huet.
Donieft wäert d’Fondatioun Sainte-Irmine weider de Kontakt mat de Verantwortleche vun de verschiddene Projeten sichen, si an hirer Aarbecht ënnerstëtzen an den Donateuren eng transparent Informatioun zur Verfügung stellen.
An deem selwechte Kontext denkt d’Fondatioun och iwwer eng aktiv Presenz a bestëmmte sozialen Netzwierker no, fir esou nach méi bekannt ze ginn. Entspriechend Projete sinn amgaang analyséiert ze ginn; eis Donateure ginn natierlech mat Zäit iwwer nei Entwécklungen informéiert.
- Entwécklung vun der Internetsäit
D’Joer 2021 wäert och genotzt ginn, fir d’Websäit weider ze entwéckelen a fir iwwer geziilten Aktiounen d’Zuel vun de Visiteuren ze erhéijen, déi potenziell Donateure sinn.
- Fortsetzung vun den Donen zu Gonschte vum “Kierchefong”
D’Fondatioun Sainte-Irmine spillt weiderhin eng wichteg Roll am Transfert vun Donen zu Gonschte vum “Kierchefong” a besonnesch vun de KF (Kierchefabricken) an de CGP (Conseils de Gestions Paroissiaux).
De Betrag vun den Donen zu Gonschte vum Kierchefong via d’Fondatioun huet 2020 d’Rekordzomm vu 421.818 € abruecht, géint 244.073 € 2019, deemno eng Erhéijung vun 73% an engem Joer.
An dëser Perspektiv huet d’Fondatioun Sainte-Irmine wëlles, och 2021 hir Vermëttlungsaktivitéit zugonschte vum “Kierchefong” fir all Donateuren, déi et ufroen, virunzeféieren.
- Relance vun den Donateuren
Mat Bléck op d’Resultater, déi d’Fondatioun am Januar 2020 kritt hat op Base vun enger “Campagne de relance” vu fréieren Donateuren, wäert d’Stëftung am Mäerz 2021 eng nei Campagne starten. Dëst betrëfft en Deel vun den 2.000 Donateuren, déi virun 2019 fir d’lescht e Projet ënnerstëtzt hunn.
E Bréif gëtt u 400 Donateure geschéckt, fir hinne Merci ze soen a si ze encouragéieren, hir Loyalitéit zu der Fondatioun ze erneieren. Wann déi éischt Resultater positiv sinn, plangt d’Fondatioun dës Campagne méi spéit am Joer ze widderhuelen.
Zousätzlech lancéiert d’Fondatioun eng nei Campagne fir d’Restauréierung vun der Kathedralsuergel, e Projet, deen net nëmme der Stëftung, ma engem groussen Deel vun der kathoulescher Gemeinschaft hei zu Lëtzebuerg um Häerz leit.
Och wann d’Kollekt vun Donen am Joer 2020 mat ongeféier 105.000 € ganz zefridde stellend war (51.000 € sinn un d’Fondatioun gaangen), ass de Wee nach laang, bis de komplette Finanzement vun der Restauréierung assuréiert ass. Am ganze ginn nach 250.000 € gebraucht.
An dësem Sënn plangt d’Fondatioun am éischte Véierel vun 2021 eng intensiv Campagne, fir den Uergel-Restauratiounsprojet vis-à-vis vun hiren Donateuren ze promovéieren.