Blog

Ënnerstëtzung vun de Flüchtlinge vu Lesbos

D’Fondation Sainte-Irmine huet kierzlech en Don un d’Communauté de Sant’Egidio gemaach, fir datt si hir Aktivitéit zu Gonschte vun de Flüchtlingen, déi op der Insel Lesbos sinn, assuréiere kann.

Am August huet d’Communautéit vu Sant’Egidio eng humanitär Missioun am Camp vu Moria op d’Bee gesat.

Déi 150 Benevoller vun der Gemeinschaft, déi hir Vakanz zesumme mat de Flüchtlinge verbruecht hunn, hunn eng bemierkenswäert Aarbecht geleescht: Si hunn e Solidaritéitsrestaurant ageriicht, an deem all Dag méi wéi 1.000 Iessen ausgedeelt goufen. Doriwwer eraus konnten an dësem Kontext méi wéi 150 Flüchtlingen (virun allem Fraen a Kanner) Engleschcoursen suivéieren (fir Ufänger an Avancéierter). Zu gudder Lescht hunn déi Benevolle eng “Schoul vum Fridden” an d’Liewe geruff, déi et 300 Kanner am Camp erméiglecht huet, u klenge Fester mat ofwiesselend Schoulstonnen deelzehuelen. All dës Aktivitéite goufen duerchgefouert am strikte Respekt vun den Covid-Reegelen.

 

Dës Missioun, déi an engem gudde Klima verlaf ass, wollt deene ville Familljen an Nout, déi schrecklech Erfarunge wärend hirer Flucht aus Syrien, Afghanistan oder aus afrikanesche Staaten hu misse maachen, nei Hoffnung schenken.

D’Bedingungen am Camp Moria sinn einfach schrecklech. Nieft dem grousse Brand, deen immens Schied gemaach huet an zanter deem vill Flüchtlinge keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn, feelt et op enger Partie Plazen am Camp u Waasser an u Stroum. Dobäi kommen onméiglech hygienesch Konditiounen.

D’Gemeinschaft vu Sant’Egidio huet en immens wichtegen Déngscht geleescht, mee vill weider Efforten a Moossname sinn néideg, fir de Familljen z’erméiglechen ënner bessere Bedingungen ze liewen an no an no an aner Länner an Europa bruecht ze ginn.

AUS DËSEM GROND APPELLÉIERT D’FONDATION SAINTE-IRMINE UN ÄR GENEROSITÉIT, FIR DE FAMILLJE VU LESBOS ZE HËLLEFEN DUERCH EN

DON FIR DE PROJET « REECH ENG HAND »mat der Mentioun “LESBOS” .

E GROUSSE MERCI IECH ALL FIR ÄR ËNNERSTËTZUNG!

MENTIOUN VUM DON: REECH ENG HAND – LESBOS

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.