Blog

D’Fondation Sainte-Irmine

D’Fondation Sainte-Irmine ass 2012 gegrënnt gi mam Zil, d’pastoral Projete vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen.

Déi vun den Initiateure vun der Fondatioun gewielten Ausriichtung ass d’Promotioun vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg, a besonnesch d’Ënnerstëtzung vu Projeten, op nationalem an internationalem Plang, déi e Lien hunn mat enger pastoraler Aktivitéit um Territoire vun der Äerzdiözees.

 

De Verwaltungsrot vun der Stëftung zielt fënnef Memberen a gëtt vum Mgr. Jean-Claude Kardinol Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, deen um Ursprong vun dëser Initiativ stoung, presidéiert. Déi aner Membere vum Verwaltungsrot sinn de Mgr. Leo Wagener, den Här Marc Wagener, den Här Guy Schleder an den Här Christian Descoups.

Fir datt d’Kierch lieweg ass an hier Missioun erfëlle kann, brauch si Ënnerstëtzung. D’Fondation Sainte-Irmine ass en Instrument, dat, op mannst zum Deel, eng Äntwert op dëst Zil gi soll.

 

 

 

Perimeter vun den Aktivitéiten – Ënnerstëtzung vu verschiddene Projeten

D’pastoral Aktiounenbetreffen un éischter Plaz déi Jonk. Eng vun den Aktivitéite vun der Fondatioun ass et, zanter hirer Grënnung, Initiativen wéi d’Participatioun vu Jonke vu Lëtzebuerg un de Weltjugenddeeg, déi lescht Editioun war am Januar 2019 am Panama. Am selwechte Joer huet d’Fondation Sainte-Irmine sech um Finanzement vun enger vun der Jugendpastoral organiséierter Rees an de Kambodschan an Thailandbedeelegt. De Programm, op deem och kulturell Visitte stoungen, huet et de Participanten an de jonke Pilger erlaabt, op der Plaz lieweg Gemeinschaften z’entdecken an de Glawen ze deelen wéi och Momenter vu Gebiet mat de Jugendlechen aus Thailand z’erliewen.

Eng zweet Achs vun der Stëftung ass den Zukunftsfong vun der Äerzdiözees. Dëse Fong ass spéiderhi geduecht, fir dem Äerzbistum vu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttelen ze ginn, déi et dësem erlaben, d’pastoral Déngschter um Gebitt vun der Äerzdiözees z’assuréieren. Déi gesammelt Mëttele ginn an Zukunft exklusiv fir d’Paie vum Klerus a vun deenen anere Persounen mat enger kierchlecher Missioun, déi zanter dem Akraafttriede vun der Konventioun vum 26. Januar 2015 tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der kathoulescher Kierch agestallt goufen.

An där selwechter Optik wëll d’Fondatioun d’Formatioun vun den zukünftege Priister ënnerstëtzen. Eng véier bis fënnef Seminariste bereede sech am Moment op hiert Priistertum an der Äerzdiözees vir. Dës Männer, jonker a manner jonker, hu sech entscheet, Christus nozefollegen a sech mat Courage an den Déngscht vu senger Kierch ze stellen.. Si sinn d’Zukunft vun eiser Kierch. Mee, e Priister ze forméieren a fir säin Ënnerhalt ze suergen huet e Präis. Et ass deemno ganz wichteg, si z’ënnerstëtzen.

Doriwwer eraus erweidert sech d’Zuel vun de Projete vun der Stëftung, déi haut ganz verschidden Initiativen ëmfaasst, déi, wéi den Objektiv vun der Fondatioun et virgesäit, all e Bezuch zur pastoraler Aktivitéit hunn. Fir e Beispill ze ginn: D’Fondatioun intervenéiert zu Gonschte vu kranke Mënschen am Kader vun der diözesaner Pilgerrees op Lourdes. Aus dësem Grond gouf e sou genannte Krankefong gegrënnt; dës solidaresch Aktioun huet eng gutt Resonanz bei den Donateuren fonnt. Och déi diözesan Demarche „Reech eng Hand – eng Initiativ fir Flüchtlingen” mat hire ville Projete kritt en Appui vu Säite vun der Fondatioun. En anere Projet, d’Radiosmass, bei deem et ëm de Finanzement vun der Iwwerdroung vun der Sonndesmass geet, gëtt immens geschat vun eelere Leit. Fir dës Emissioun mat Hëllef vu professionellen Déngschtleeschter z’assuréieren si gréisser Zommen néideg.

Wie sinn d’Donateuren?

D’Fondatioun geréiert eng Datebank vun 8.700 Nimm, virun allem Privatpersounen. Dës Zuel ënnersträicht, datt d’Fondatioun eng gutt Presenz am Public an eng gewëssen Unerkennung huet. Et ass awer wichteg, d’Populatioun vun de Spender ze diversifiéieren; mir sinn iwwerzeegt, datt e weidere Wuesstem méiglech ass, besonnesch och bei auslänneschen Awunner an am Beräich vun den Entreprisen. Dëse Potenzial wëlle mir notzen duerch geziilte Sensibiliséierungsaktiounen an Donateurskreesser, déi haut nach kaum iwwer d’Aktivitéite vun der Fondatioun Bescheed wëssen.

Ierfschaften an Donatiounen

Och wat d’Ierfschaften an d’Schenkungen ubelaangt, gleeft d’Fondatioun drun, datt et hei e Potenzial gëtt, dat entwéckelt ka ginn. Den neien Internetsite vun der Fondatioun gräift de Sujet op, andeem’s en deene Leit, déi iwwer d’Zukunft vun hirem Patrimoine nodenken, Basisinformatioune liwwert.

D’Informatiounen um Site sinn zimmlech ausféierlech, mee et bleift wichteg, de Rot vu Fachleit a vun engem Notaire am konkrete Fall anzehuelen.

www.irmine.lu

info@irmine.lu

D’Donen, déi un d’Fondation Sainte-Irmine gemaach ginn, sinn ofsetzbar vun der Akommessteier an de Limitte vun den Artikelen 109 an 112 vun der L.I.R. Fir vun enger Steiererliichterung ze profitéieren, muss sech de Gesamtmontant vun Donen, déi an engem Joer u verschidden Organisatiounen iwwerwise goufen, op wéinstens 120 Euro belafen an däerf net 20% vum ganze Revenu resp. 1.000.000 Euro iwwerschreiden.