Fir d’Kommunikatioun an d’Promotioun vum Fonds d’avenir ze verbesseren, hat d’Fondatioun Sainte-Irmine den 8. Juli e klenge Sondage lancéiert an huet Donatricen an Donateure grad wéi Leit, déi d’Fondatioun oder de Fonds d’avenir haut net ënnerstëtzen, ëm hir Meenung zu dësem Fong gefrot. Bis Enn Juli sinn méi wéi 300 Äntwerte per Mail a per Post erakomm. D’Fondatioun Sainte-Irmine seet alle Leit en häerzleche Merci fir d’Participatioun un der Ëmfro a fir all Feedback.
Wéi geet et elo virun?
An den nächste Woche gëtt d’Ëmfro ausgewäert an éischt Conclusioune gi gezunn. Zesumme mam Verwaltungsrot wäert d’Ekipp vun der Fondatioun uschléissend Piste fir d’Zukunft developpéieren, fir de Fonds d’avenir nach méi bekannt ze maachen a besser ze kommunizéieren. Zu engem spéideren Zäitpunkt deele mir Iech op dëser Plaz an aller Transparenz och d’Resultater vum Sondage mat.
Wat ass de Fonds d’avenir?
De Fonds d’avenir gouf 2014 vun der Fondatioun Sainte-Irmine an d’Liewe geruff, fir an Zukunft ze hëllefen, d’Pastoral an der Äerzdiözees matzefinanzéieren. An enger éischter Phas gouf via Donen an Ierfschaften, déi iwwer d’Joren erakomm sinn, e Kapital opgebaut. Zanter dem Exercice 2024 iwwerweist d’Fondatioun den Ertrag, d.h. d’Zënsen, vun dësem Kapital un de Bistum, fir esou ze hëllefen, Paie vu Geeschtlechen a Laien am pastoralen Déngscht ze bezuelen, déi an de leschten zeng Joer agestallt goufen. An der Tëschenzäit läit d’Kapital vum Fonds d’avenir bei ronn 4 Milliounen Euro; d’Zil ass, dëst Kapital weider opzebauen an no responsable Critèren ze placéieren; bal 300.000 Euro un Zënse konnte bis elo un de Bistum iwwerwise ginn. All Don ass duerfir net eng eemoleg Ënnerstëtzung, mee hëlleft ëmmer erëm! Villmools Merci!
Wann Dir de Fonds d’avenir ënnerstëtze wëllt, klickt hei!

