D’Missioun vun der LSRS – D’Luxembourg School of Religion & Society, 2015 gegrënnt, ass e Fuerschung- an Bildungsinstitut ouni Gewënnzweck ënnert der Verantwortung vun der kathoulescher Kierch, dat Fuerscher vu verschiddenen Nationalitéiten, Fachrichtungen a reliéisen Iwwerzeegungen empfänkt, déi zesummen un engem Thema fuerschen. D’LSRS wierkt zu Gonschte vun der Begéinung an der Kommunikatioun tëscht de Reliounsgemeinschaften, de verschiddenen Iwwerzeegungen, Forme vu Spiritualitéit an der Gesellschaft insgesamt, an deems datt si praktesch Orientatiounen an eng konstruktiv-kritesch Reflexioun proposéiert. D’LSRS wierkt zu Gonschte vun der Begéinung an der Kommunikatioun tëscht de Reliounsgemeinschaften, de verschiddenen Iwwerzeegungen, Forme vu Spiritualitéit an der Gesellschaft insgesamt, an deems datt si praktesch Orientatiounen an eng konstruktiv-kritesch Reflexioun proposéiert. Doriwwer eraus sensibiliséiert d’LSRS d’Ëffentlechkeet fir dës Themen.
D’Visioun vun der LSRS – D’LSRS wëll duerch hir interdisziplinär Approche en Acteur sinn, deen déi verschidde Gesellschaften zu Lëtzebuerg an op europäeschem Niveau zesumme bréngt.
D’Versprieche vun der LSRS – D’LSRS engagéiert sech, Froen am Zesummenhang mam reliéisen a kulturelle Pluralismus ze verdéiwen an Äntwerten ze ginn. D’Institut fërdert héichwäerteg Versammlungen, fir déi géigesäiteg Relatioune tëscht “Gesellschaft” a “Relioun” besser ze kennen an ze verstoen a säi Wësse mat spezifeschen Acteuren a mat der Allgemengheet ze deelen. Dofir limitéiert d’LSRS sech net nëmmen op de lokale Plang, mee entwéckelt seng Fuerschung a Kommunikatioun mat Hëllef vun engem qualitativ héichwäertegen internationale Netzwierk.
D’LSRS sammelt Fongen, fir dës Beräicher ze ënnerstëtzen:
- e spezifesche Fuerschungsprojet
- seng Aktivitéite fir de Grand public
- eng Publikatioun
- en Evenement
- seng Missioun am Allgemengen.
D’Spende ginn zu Gonschte vu spezifeschen Aktivitéiten a Projete vun der LSRS affectéiert.
Fir méi iwwer d’LSRS gewuer ze ginn: lsrs.lu
MENTIOUN VUM DON : LSRS – ACTIVITÉS DE FORMATION ET DE RECHERCHE
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
Luet w.e.g. d’Payconiq App erof fir dëse Code fir Ären Don ze benotzen.
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen