Vum 7. Januar 2024 un an nodeems den Tëleessender .dok opgehalen huet, kënnt Dir d’Sonndesmass um 9 Auer suivéieren op apartTV (Post TV, nr. 82 / Eltrona, nr. 95 ou 75). Wéi bis elo gëtt d’Tëleesmass nach eng Kéier um 11 Auer op RTL ZWEE iwwerdroen.
De Chanoine Georges Hellinghausen Responsabel vum Projet Tëleesmass wënscht der Fondation Sainte-Irmine alles Guddes fir de Gebuertsdag !
Am Kader vum 10. Gebuertsdag vun der Fondatioun gëtt d’Tëleesmass dëse Sonndeg aus der neier Kapell vum Foyer Saint Jean-Paul II um Belval iwwerdroen.
Am Kader vun hirem 10. Anniversaire iwwerhëllt d’Fondatioun Sainte-Irmine d’Organisatioun vun der Tëleesmass e Sonndeg, den 19. Mäerz 2023, um 9 Auer.
Mir soen Iech villmools MERCI fir Är Generositéit!