Blog

Happy birthday, ACFL!

Virun 80 Joer ass d‘Action catholique des femmes du Luxembourg, kuerz ACFL, gegrënnt ginn. Zanter deemools a bis haut zeechne sech d’Fraen a Mammen aus duerch hire grousse benevolen Engagement an der Kierch, an der Gesellschaft, fir Mënschen an Nout, heiheem an an den Entwécklungslänner, a fir hiren Asaz fir d‘Rechter vun der Fra.

Mat enger Séance académique a Presenz vun enger Partie Éiregäscht gouf den 29. September 2026 am Centre Atert zu Bartreng op déi 80 Joer zréck an och no vir gekuckt.An deene verschiddene Riede vun der Nationalpresidentin Jij Linster-Bech, der fréirer Presidentin Carine Manderscheid-Hirtz, dem Aarbechtsminister Marc Spautz an dem Weibëschof Leo Wagener goufen och déi vill reliéis, kulturell a sozial Aktivitéite vun de Lokalsektiounen uechter d’Land gewierdegt an ënnerstrach, datt d’Aarbecht vun de Fraen a Mammen an enger verännerter Gesellschaft wichteg bleift.

D’Fondatioun Sainte-Irmine, déi duerch hire Generalsekretär vertruede war, schléisst sech de ville Gratulantinnen a Gratulanten un a wënscht der ACFL all Guddes fir d’Zukunft. Zum Schluss vum offiziellen Deel vun der Feier gouf a Presenz vun den Éiregäscht an de Membere vum Nationalcomité de grousse Gebuertsdagskuch ugeschnidden. Happy birthday, ACFL!

Wann och Dir de Projet vun der ACFL, dee viru 6 Joer lancéiert gouf, ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.