De “Réseau Mondial de Prière du Pape” ass e peepstlecht Wierk dat sech un all Chrëschte riicht, fir datt si sech am Gebiet mobiliséiere kënne fir d’Erausfuerderunge vun der Mënschheet a vun der Missioun vun der Kierch, déi de Poopst ons all Mount uvertraut. An enger “Welt vu Gläichgëltegkeet” invitéiert de Poopst eis, eis Verantwortung an der Gesellschaft an an der Kierch z’iwwerhuelen, am Déngscht vun der Allgemengheet.
MISSIOUN
Fir datt de Mënsch Apostel duerch säi Gebiet gëtt, gëllt et déi missionaresch Verantwortung vun all Chrëscht an him z’erwächen, egal wéi seng Situatioun a Liewenszoustand ass.
De Poopst vertraut ons all Mount zwou Gebietsintentiounen un, déi seng grouss Suerge fir d’Mënschheet a fir d’Missioun vun der Kierch zum Ausdrock bréngen.
HISTORIK
Gegrënnt am Joer 1844 a Frankräich ënner dem Numm “Apostolat vum Gebiet”, besteet dem Poopst säi Gebietsnetzwierk haut aus méi wéi 35 Millioune Leit, present an 89 Länner.
1929 huet d’Gebietsnetzwierk sech zu Lëtzebuerg etabléiert. Ee vun de bekanntste Promoteuren ass de Pater Joseph Schaack, s.j., deen eng Rëtsch Priedegten a reliéis Konferenzen a Paren zu Lëtzebuerg vun den 1950er bis 1980er Jore gehalen huet.
Fir dem Poopst säi Gebietsnetzwierk en neien Ufank ze ginn an zu sengen Aktiounen bäizedroen, kënnt Dir et ënnerstëtzen, andeems Dir en Don un Fondation Sainte-Irmine maacht.
Temoignage
Mat hire Kanner Louis-Marie a Gilles erzielen de Fréderic an d’Maylis Lacoste hir Begéinung mam Jesus, deen d’Kanner empfänkt. Si betounen, wéi vill Hëllef Famillje brauchen, an enger Welt, an där alles ganz séiert ännert: si wëllen informéiert a forméiert ginn, wéi si mat hire Kanner dialogéiere kënnen, wann d’ëffentlech Schoul e Bild vu Famill vermëttelt, dat géint déi Wäerter geet, déi si virugi wëllen. De Gilles deelt seng Erfarung mat, vu Jesus geseent ze sinn.
Fir hiren Temoignage ze lauschteren, klickt wgl. op dëst Bild.
“Am Déngscht vum Dialog mat de Jonken”

Montant à collecter:
30.000 €
MENTIOUN VUM DON: WELTGEBIETSNETZ VUM POOPST
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
