Blog

Eis Ekipp

Roger NILLES

Generalsekretär

roger.nilles@cathol.lu / Tel. 46 20 23 93

De Roger Nilles huet wärend 16 Joer am Journalismus an am humanitäre Beräich geschafft, éier hien 2013 bei den Äerzbistum komm ass als Verantwortleche vum Pressedéngscht an als Pressespriecher. Zanter 2020 ass hien responsabel vum Generalsekretariat vum Bistum an zoustännech fir d’Gestioun vun der Fondatioun. Wärend enger Partie Jore war hien éierenamtlech am Beräich vun den ONGD aktiv.

Marie-Ange DE SAVIGNAC

Missiounsbeoptraagt

marie-ange.desavignac@cathol.lu / Tel. 46 20 23 43

D’Marie-Ange de Savignac huet an Entreprisen an a Kommunikatiounsagencen zu Paräis an zu Lëtzebuerg geschafft. Spezialiséiert an der Kommunikatioun “corporate”, huet hatt am Laf vun de Joren Erfarungen am assoziative Milieu an am Déngscht vun der Kierch gesammelt. Zanter Mäerz 2022 ass hatt bei der Fondation a schafft zesumme mam Roger a mam Nelly fir d’Promotioun a fir de Fundraising-Beräich vun der Stëftung.

Nelly LINSTER

Administrativ Assistentin

nelly.linster@cathol.lu / Tel. 46 20 23 34

D’Nelly Linster-Hinzy huet eng zolitt Erfarung vu 14 Joer bei der Kierch als Porsekretärin, als éischt am Déngscht vun der Por Lampertsbierg-Rolléngergronn, duerno, zanter 2016, an der neier Por Lëtzebuerg Notre-Dame. Zanter dem Juni 2020 verstäerkt hatt d’Ekipp vun der Fondatioun als administrativ Assistentin an ass ganz frou mam Marie-Ange a mam Roger zesummenzeschaffen an esou zur Entwécklung vun den Aktivitéite bäizedroen.

EIS BANKKONTE FIR EN DON ZE MAACHEN

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.