Projet ACFL

Projet ACFL

D’ACFL (Action Catholique des Femmes du Luxembourg) schafft mat a fir chrëschtlech Fraen zu Lëtzebuerg. Mat sengen 7.500 Memberen ass d’ACFL dee gréisste Frae-Mouvement am Land. D’ACFL ass en Deel vun der Lëtzebuerger Kierch, e kathoulesche Verband, dee sech d’Aufgab ginn huet, fir seng Memberen an de Beräicher Relioun, Kultur, sozialem Engagement a Weiderbildung ze begleeden.

D’ACFL engagéiert sech aktiv an der Kierch a bitt eng Partie konkret Aktivitéiten, déi e liewege Glawen favoriséieren, andeems datt si:

  • reliéis Feiere wéi de Votum Solemne a fir d’Oktav organiséiert;
  • Konferenzen an Diskussiounsowender zu Aktualtéitstheme vum Kiercheliewen a vun der Pastoral a Begéinungen, déi di perséinlech Entfalung vun hire Memberen fërderen, organiséieren (z.B. de spirituelle Moment Eng Dräivéierelstonn fir mech, Wallfarten, de Schöpfungdsag…)
  • op nationalem Plang un Aktivitéiten zu Gonschte vun de Fraen, wéi d'”Orange Week” (géint Gewalt géint Fraen), deelhëlt

 

  • aktiv bedeelegt u Veranstaltunge vum “Nationale Fraerot”, vun der diözesaner Kommissioun ‘Fra an der Kierch’
  • op internationalem Plang mat europäesche Schwësterassociatiounen zesummeschafft, fir d’Würd, d’Rechter an d’Bedürfnisser vun de Fraen ze verteidegen an engem Geescht, dee vun der Sozialethik an der Spiritualitéit vun der Kierch gepräägt ass.

D’ACFL ass en onofhängege Mouvement a kritt kee Subsid vum Staat. Hir eenzeg finanziell Resourcen sinn d’Membersbeiträg a d’Done vun eenzelne Memberen. Hir administrativ Käschten an de Poste vun der Generalsekretärin ginn iwwer d’Beiträg an d’Done bezuelt.

Zu engem Moment, zu deem iwwerall am Land d’Zuel vun den Éirenamtlechen, déi eng Cotisatioun bezuelen, erofgeet an d’Reserve vun der ACFL méi kleng ginn, mussen nei finanziell Quellen erschloss ginn:

Andeems datt Dir e punktuellen Don oder en Ordre permanent zu Gonschte vun der Fondation Sainte-Irmine maacht, kënnt Dir hëllefen, datt d’ACFL dës Aktivitéiten och an Zukunft ubidde kann:

• Konferenzen, Wallfaarten a Formatiounen: ca. 1000, – € pro Veranstaltung (Aarbechtszäit, Material, Publizitéit).

• Representatioun vum Verband am Ausland a bei internationale Fraeverbänn (z.B. Deelhuelen un internationale Konferenzen): ca. 1000, – €

• D’Verëffentlechung vun der Zeidung „Marienland“, déi gratis un all Membere verschéckt gëtt an déi 4 mol am Joer erauskënnt; Käschte pro Ausgab: ca. 5.000, – €

Am Laf vum Joer si regelméisseg verschidde Veranstaltunge geplangt:

– 1 Wallfaart (Avioth)

– 2 Konferenzen/ Formatiounen

– Deelhuelen un enger internationaler Konferenz

– Verschidde spirituell Offeren a verschiddene Regioune vum Land

MENTIOUN VUM DON: SOUTIEN AU MOUVEMENT DE L’ACFL

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

All Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

KONTAKT

ACFL
Linda Hartmann
Présidente

Secrétariat ACFL
tausch@acfl.lu

Tel: 44 74 33 45

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.

Payconiq ACFL