Renovatioun vun der Glacis-Kapell

Renovatioun vun der Glacis-Kapell

Den 8. Dezember 1624 huet de Jesuittepater Jacques Brocquart d’Statue vun der Tréischterin am Leed mat Schüler aus dem Kolléisch op d’Glacisfeld bruecht an zu Féiss vun engem Holzkräiz niddergestallt. Eng 1. Glaciskapell gouf gebaut an den Ufank vun eiser Muttergottesoktav war domat grondgeluecht. Am Virfeld vun dësem 400. Jubiläum ass de Projet entstanen, déi aktuell Glaciskapell, déi 1885 vum Charel Arendt gebaut gouf, nei unzesträichen an zum Deel ze restauréieren. Geplangt sinn d’Schéinheet vum Originalzoustand vu folgende Flächen nees hierzestellen :

1.

fank vun de Restauratiounsaarbechten, den 23.10.23 ; Dr Thomas Lutgen an zwee Mataarbechter, Abbé Patrick Muller, Rektor vun der Glaciskapell

Glaciskapell Glaciskapell

Feld mam Grafstee vum 1. Bëschof vu Lëtzebuerg, dem Nicolas Adames, deem et en Häerzensuleies war fir déi haiteg Glaciskapell 1885 als Friddenskapell an als fir eis Diözes identitéitsstëftend Erënnerungskapell und den Ufank vun der Oktav ze bauen.

2.

Glaciskapell

en Deel vum Ducksall scho fräigeluechte Medaillon

3. Dann ass och nach ee mam restauréierten Deel ofgestëmmten a vum INPA autoriséierten Neiustrach vum Rescht vun der Kapell geplangt, wéi och d’Beliichtung ze moderniséieren.

De gesamte Käschtepunkt läit ongeféier bei 250.000€ (Ordre de grandeur). Mir maachen e waarmen Opruff fir duerch (steierlech ofsetzbar) Donen dëse wichtege Projet generéis ze ënnerstëtzen. D’Glaciskapell ass eenzegaarteg an ontrennbar mat eiser diözesaner a marianescher Identitéit verbonnen.

MENTIOUN VUM DON : RENOVATIOUN VUN DER GLACIS-KAPELL

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Montant à collecter:

200.000 €

Rénovation de la Chapelle du Glacis

725€ of 200.000€ raised
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 100,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen