Reech eng Hand de Flüchtlingen

Reech eng Hand de Flüchtlingen

“Reech eng Hand – Tends la main” ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Dëse Projet gouf 2015 gegrënnt mat der Arrivée vu ville Flüchtlingen zu Lëtzebuerg. Et ass warscheinlech déi eenzeg Initiativ hei am Land, déid’Integratioun op lokalem Plang vun de Flüchtlinge viséiert.

Dëse Projet ass op zwee Niveaue strukturéiert: eng kleng Koordinatiounsekipp op diözesanem Niveau, deen d’Projete vun der Oeuvre Nationale de Secours GrandeDuchesse Charlotte (D’Projete mateneen “Le Luxembourg en poche, guide pour les nouveaux arrivants” – an Zesummenaarbecht matderErwuesseBildung fir dApp an de Projet Equitable, e Gaarden- a Kicheprojet fir Awunner a Flüchtlingen zesumme matderEquigaart asbl).

DKoordinatiounsekipp këmmert sech ëm d’Informatiounen, d’Formatiounen an de Suivi vun de Benevollen. Si lancéiert och zesummemat anere Vereenegungen dorënner de Collectif Réfugiés Aktiounen am Beräich vum Plädoyer an ënnerstëtzt verschidden Initiativen (de Projet “Le temps dun souffle/Carvansara Ubuntu » fir den Accueil a Begleedung vu Persounen, déi dem Dublin-Reglement ënnerleien, Finanzement vu Fäll vu Familljenzesummeféierung …).

Déi lokal Gruppen “Reech eng Hand” hunn dank hirem Engagement an hirer Presenz op der Plaz e ganz positiven Afloss op dIntegratioun vun de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg. Jee no Ekipp organiséieren dës Gruppen:

  • Aktivitéiten am Beräich vum Accueil: Verdeele vun Iessen a verschidde Foyeren (Lily Unden), Organisatioun vu Momenter vu Begéinung a vu Fester;
  • Aktivitéiten am Beräich vun der Integratioun: Nohëllefcoursen ande Sproochen, Hausaufgabenhëllef, Aktivitéite fir Kanner, Begleedung vu Persounen, déi eleng liewen, a vu Familljen, materiell an administrativ Hëllef,jee no Fall Wunnengssich a Sich no enger Aarbecht, kulturell a sportlech Aktivitéiten (Visitten am Land, Kachen, Fussball, Bastelen…);
  • D’Sammele vu Sue fir bestëmmte Projeten, sou ënnert anerem “L’échappée à la Moselle” (Vakanzewoch fir jonk Flüchtlingen), d’Organisatioun vun engem Franséischcours wärend der grousser Vakanz, de Projet “Cuisine du Monde” (am Foyer zu Monnerech).

MENTIOUN VUM DON: REECH ENG HAND

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Payconis Reech

KONTAKT / RESPONSABEL

Marie-Christine RIES
Bëscheeflech Delegéiert

marie-christine.ries@cathol.lu

reech-eng-hand@cathol.lu

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen