Reegelméisseg ënnerstëtzt d’Fondatioun d’Seminaristen, déi hei zu Lëtzebuerg studéieren, sief et am Grand séminaire de Luxembourg oder am Séminaire Redemptoris Mater. Wéi déi Semestere virdrunn och, huet d’Stëftung nees d’Käschte fir déi extern Professeren am Kader vun der “Formation canonique en philosophie et théologie” iwwerholl; financéiert goufen doriwwer eraus och Sproochecoursen (Lëtzebuergesch a Franséisch).
Dank der Hëllef vun enger Rei Donatricen an Donateure konnt d’Fondatioun Sainte-Irmine Rechnungen am Gesamtwäert vun 11.476,24- Euro fir d’Summersemester 2026 iwwerhuelen. Merci am Numm vun de Seminariste fir Är Generositéit an Äert Vertrauen!
Wann och Dir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister matdroe wëllt, daklickt hei. Merci villmools fir all Gest!

