Bibelen am Prisong

Bibelen am Prisong

D’kathoulesch Aumonerie vun de Prisongen zu Lëtzebuerg brauch Fonge fir de Kaf vu Bibelen a Kalennere fir Leit, déi zu Lëtzebuerg am Prisong sinn, souwuel fir déi an Untersuchungshaft wéi fir déi Veruerteelt.

Säit Enn 2022 iwwerhuelen d’Direktioune vun deenen zwee Prisongen net méi d’Käschte vun de Bibelen a Kalenneren, déi un d’Prisonéier verdeelt ginn.

D’Bibele kaschte ronn 25 €, TVA abegraff, fir Sproochen, déi zu Lëtzebuerg geschwat ginn, oder méi fir hei manner geleefeg Sproochen. D’Aumonerie muss also eng alternativ Finanzéierung fannen, fir och an d’Zukunft dës reliéis Objeten de Prisonéier kënnen unzebidden an appelléiert un d’Generositéit vun den Donatricen an Donateure vun der Fondatioun Sainte-Irmine.

D’Bibel (a kompletter Versioun) an der eegener Sprooch liesen ze kënnen, ass wichteg fir déi Prisonéier, déi op der Sich no Glawen a Spiritualitéit sinn. Et ass e wichtegt “Hëllefsmëttel” fir déi Prisonéier, déi froen, vun der Aumonerie begleet ze ginn. D’Texter vun der Helleger Schrëft gehéieren dacks zu den éischte Saachen, no deene si froen, wa si an de Prisong kommen.

Esou kënne si also d’Bibel entdecken an/oder hiert Wësse verdéiwen, andeems se de Lien tëscht dem Alen an Neien Testament maachen. Verschiddener maachen e wierkleche Glawenswee am Prisong. D’Bibel an hirem eegenen Tempo an an hirer eegener Sprooch ze liesen, ass e gewëssen Trouscht, besonnesch fir déi, déi zu Lëtzebuerg manner geleefeg Sprooche schwätzen (Bibelen an enger Dose Sprooche ginn offréiert).

De Kalenner, dee verdeelt gëtt (“Paroles d’espérance”), riicht sech un déi Prisonéier, déi Franséisch verstinn. En enthält Illustratiounen an Temoignagen am Beräich vu Spiritualitéit a Glawe vu bekannten oder anonymme Leit, fréier Prisonéier oder net. Dës Wierder kënnen de Prisonéier an hirem Alldag Courage ginn.

MENTIOUN VUM DON : BIBELEN AM PRISONG

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Bibles en prison

Bibles en prison

Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 100,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen