Blog

Wat kënnt Dir verierwen?

„LEGS PARTICULIER”

Dir kënnt e bestëmmten Deel verierwen (eng Wunneng, eng Geldzomm, Wäertpabeieren, e wäertvolle Géigestand, asw.).

„LEGS UNIVERSEL”

Dir kënnt Äre ganze Besëtz verierwen. D’Integralitéit vun Ärem Patrimoine geet un dee vun Iech designéierten Ierwen, virausgesat Dir hutt keng Ierwen, deenen e Flichtdeel zousteet.*

„LEGS À TITRE UNIVERSEL”

Dir wëllt e Véirel, en Drëttel oder d’Hallschent vun Ärer Ierfschaft oder eng Kategorie vun Äre Gidder (all „Biens mobiliers”, all „Biens immobiliers”) vermaachen.

*Wann dat de Fall ass („Nokommen” oder e „Partner”), si si vum Gesetz aus geschützt, andeem’s datt een Deel vun der Ierfschaft, genannt „Réserve” fir si blockéiert ass. Deen Deel, deen iwwreg bleift, gëtt „Quotité disponible” genannt. Dësen Deel kënnt Dir der Fondation Sainte-Irmine vermaachen.