De Ritteruerde vum Hellege Graf zu Jerusalem (Ordre Équestre du Saint-Sépulcre de Jérusalem – OESSH) huet seng Uerspréng an der Asetzung vun de Chanoinë vum Hellege Graf an an der mëttelalterlecher Traditioun vum Ritterschlag um Graf vu Christus. Am Laf vun de Jorhonnerte gouf den Uerde reorganiséiert. Eng decisif Etapp war 1847 mat der Restauratioun vum laténgesche Patriarchat vu Jerusalem. De Poopst Pius IX. huet den Uerden duerch d’Promulgatioun vu sengen éischte Statuten 1868 strukturéiert a sech selwer d’Charge vum Groussmeeschter ginn an de laténgesche Patriarch vu Jerusalem als Groussprior designéiert. Den Uerden, deen de Statut vun enger juristescher Persoun am Kiercherecht an am Vatikanstaat huet, ass en zentraalt Organ vun der kathoulescher Kierch. Den Uerden, deen haut eng 30.000 Ritter an Dammen uechter d’Welt zielt, ass organiséiert an national oder regional “Statthaltereien” (Lieutenances).
Zu Lëtzebuerg gouf d’Lieutenance den 1. September 1994 vum Mgr. Fernand Franck, dem deemolegen Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, agesat.
D’Haaptmissioun vun de Grawesritter, déi si vum Poopst uvertraut kruten, ass d’kathoulesch Kierch am Hellege Land ze ënnerstëtzen an do eng lieweg chrëschtlech Presenz ze erhalen. Konkreet bedeit dëst:
- Eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’kathoulesch Kierch am Hellege Land an
- D’Hëllef bei Projeten zu Gonschte vun de Chrëschten, déi ënnert d’Juridictioun vum laténgesche Patriarchat vu Jerusalem falen.
Zanter hirer Grënnung huet d’Lieutenance fir Lëtzebuerg dozou bäigedroen, humanitär, kulturell a sozial Projeten am Hellege Land ze entwéckelen. Dacks profitéieren och Net-Chrëschte vun dëse Projeten. An Ofsprooch mat der Spëtzt vum Ritteruerden zu Roum proposéiert d’Lieutenance, all Joer en humanitäre Projet am Hellege Land ze ënnerstëtzen. An de leschte Jore goufe vu Lëtzebuerg aus dës Projeten matgedroen: den Neesopbau vun enger Mauer vun enger Spillschoul vun de Comboni-Schwësteren zu Bethanien (2024), d’Renovéierung vum Porsall zu Ramallah (2023), d’Entwécklung vun der Pastoral duerch katecheetesch Aktivitéite vum laténgesche Patriarchat (2022), d’Renovéierung vum Versammlungsraum vun der “Jeunesse Chrétienne” a Jordanien (2021).
Fir 2025 huet d’Lieutenance fir Lëtzebuerg decidéiert, e mobile Röntgenapparat fir d’Klinick Caritas Baby Hospital zu Bethlehem matzefinanzéieren.
Fir méi iwwer de Projet 2025 gewuer ze ginn: https://luxembourg.oessh.lu/#projets2025
Projeten 2026
Bei Geleeënheet vun hirer Generalversammlung 2026 huet d’Lieutenance fir Lëtzebuerg decidéiert, dës zwee aktuell Projeten am Hellege Land ze ënnerstëtzen:
1. Renovéierung vun de sanitären Anlagen am Altersheem “Beit Afram” zu Taybeh
Taybeh, am Nordoste vu Ramallah geleeën, ass dat lescht integraalt chrëschtlecht Duerf am Hellege Land. D’Lieutenance fir Lëtzebuerg hat hei schonn 2012/2013 Projeten ënnerstëtzt a wëll elo säin Engagement hei fortsetzen.
D’Altersheem, dat 2005 gegrënnt gouf, hëlt eeler Leit op, déi dacks isoléiert a schwaach sinn. An dräi Zëmmere kënnen an Tëschenzäit d’Buedzëmmer net méi genotzt ginn; dëst bedeit, datt d’Bewunner sech sanitär Installatiounen deele mussen, wat manner bequeem ass a sanitär Risike mat sech bréngt.
De Projet gesäit vir:
– d’Demolitioun an de komplette Neiopbau vun de sanitären Anlagen,
– d’Ersetze vun de Waasser- an Ofwaasserreseauen,
– d’Installatioun vun neien elektreschen a sanitären Ekipementer,
– Finitiounsaarbechten an d’Anhale vu gesetzlechen Normen.
Zil vum Projet ass et, würdeg a sécher Liewenskonditioune fir d’Awunner nees hierzestellen.
Dauer: 3 Méint. – Käschtepunkt: 23.690.- Euro.
2. D’Installatioun vun engem Heizungssystem am Haus vu de Rousekranzschwësteren zu Beit Jala
Zu Bei Jala, bei Bethlehem, spillen d’Rousekranzschwësteren, déi zanter 1856 present sinn, eng weesentlech Roll an der Erzéiung an am soziale Liewen op der Plaz. De rezenten Ausbau vun hirer Residenz verlaangt d’Installatioun vun enger adaptéierter Heizung.
De Projet gesäit vir:
– d’Installatioun vun enger Gasheizung mat engem héije Rondement,
– e komplette System vu Produktioun an Distributioun vun Hëtzt,
– Heizkierper an thermesch Ekipementer,
– e System, deen d’Anlag regléiert, an aner technesch Installatiounen.
Dëse Projet erlaabt et, uerdentlech Liewenskonditiounen ze garantéieren an d’Missioun vun de Schwësteren dauerhaft ze ënnerstëtzen.
Dauer: 3 Méint. Käschtepunkt: 12.950.- Euro.
Dës zwee Projete sti fir de konkreeten Engagement vun der Lieutenance fir Lëtzebuerg zu Gonschte vun der mënschlecher Würd a fir den Erhalt vun enger chrëschtlecher Presenz am Hellege Land.
MENTIOUN VUM DON : DON PROJET OESSH
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

KONTAKT
Montant à collecter:
40.000 €
Aide humanitaire de l’OESSH
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen











