Enn Juli huet de Ritteruerde vum Hellege Graf zu Jerusalem (Ordre Équestre du Saint-Sépulcre de Jérusalem) wéi virgesinn 12.950 Euro un de latengesche Patriarchat vu Jerusalem weidergeleet fir d’Installatioun vun engem Heizungssystem am Haus vu de Rousekranzschwësteren zu Beit Jala. Dëse Projet erlaabt et, uerdentlech Liewenskonditiounen ze garantéieren an d’Missioun vun de Schwësteren dauerhaft ze ënnerstëtzen. Domadder kann ee vun deenen 2 Projeten, déi de Ritteruerden 2026 matdréit, elo realiséiert ginn.
Mir soen allen Donatricen an Donateure villmools Merci, déi dëse Projet ënnerstëtzt hunn.
D’Lieutenance fir Lëtzebuerg vum Ritteruerde vum Hellege Graf finanzéiert dëst Joer nach e weidere Projet: d’Renovéierung vun de sanitären Anlagen am Altersheem “Beit Afram” zu Taybeh, deem leschten integral chrëschtlechen Duerf am Hellege Land. Wann Dir dëse Projet ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.


