D’europäesch Kultur ass staark beaflosst gi vum Liewen a vun den Aktivitéite vun den Abteien a Kléischter, déi sech am Laf vun de Jorhonnerten um Kontinent niddergelooss hunn. De Karmel um Cents schreift sech mat sengem spirituellen Zenter (Centre spirituel) an dës Traditioun an.
Zwou Gemeinschafte vu Schwëstere vum Institut vun de “Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará”, déi eng apostoulesch, déi aner kontemplativ, wierken haut am Carmel a gi vun hirem Aumônier, deen um Site lieft, begleet.
Jidderee kann un de Gebieder vun de Schwësteren souwéi un den Zelebratiounen deelhuelen, déi am Klouschter gefeiert ginn. De spirituellen Zenter um Cents mécht eng intensiv pastoral Aarbecht mat jonke Mënschen an Erwuessenen (Katechees, Preparatioun op d’Sakramenter, spirituell Exercicer, kulturell Veranstaltungen).
D’Schwësteren notzen d’Klouschtergebäi; den Ënnerhalt-an d’Betribskäschte ginn an éischter Linn vun der Äerzdiözees iwwerholl.
Är Spenden un d’Fondation Sainte-Irmine hëllefen, déi héich Fraise vum Site um Cents ze decken. Gitt wgl. als Mentioun „ Projet Cents“ un.
Institut du Verbe Incarné
Père Jorge ALVAREZ
jorgealvarez@ive.org
Institut des Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará
Sr Porta Lucis
m.portalucis@servidoras.org
Montant à collecter:
80.000 €

MENTIOUN VUM DON: PROJET CENTS
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.