Blog

Accueil vun zwou Flüchtlingsfamilljen zu Lëtzebuerg

D’Kierch zu Lëtzebuerg weist sech solidaresch

Dräi Joer no senger Visitt op der griichescher Insel Lesbos huet de Poopst Franziskus en neien Appell lancéiert, fir de Persounen op der Flucht méi Opmierksamkeet ze schenken a méi Solidaritéit um Niveau vun der europäescher Migratiounspolitik gefuerdert.

An deem Kader war eng Delegatioun vum Vatikan, mat ë.a. dem Mgr. Jean-Claude Hollerich, Kardinol, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, am Mee 2019 op Lesbos, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune liewen.

D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: mam Accord vum Immigratiounsministère zwou Familljen, déi am Flüchtlingscamp op Lesbos liewen, hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.

 

Déi zwou Famillje sinn den 19. November 2019 hei zu Lëtzebuerg ukomm. Si gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer dréit d’kathoulesch Kierch all Käschten. Déi zwou Famillje kréien déi selwecht Hëllef wéi all aner Flüchtling. No zwee Joer kënne si, wann néideg, op Sozialhëllef vum Staat zréckgräifen, jee no hirem Statut.

Benevoller vu Kolping a vun de Fraen a Mammen grad wéi aner Donateure begleeden dës zwou Familljen op hirem Wee.