Blog

Aktivitéitsrapport 2019

Wärend dem Exercice 2019 huet d’Fondatioun d’Gesamtzomm vun

1.187.157 € gesammelt,

géintiwwer 851.109 € am Joer 2018 a

546.937 € am Joer 2017.

 

 

 

 

 

 

 

 

2019 huet d’Fondatioun ënnert anerem dës Projeten ënnerstëtzt:

 

Zukunfsfong vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg

Dësen zweckgebonnene Fong soll der Kierch zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttele ginn, fir hir Pastoral ofzesécheren. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den Haaptamtlechen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn.

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Stëftung d’Rekordzomm vun 309.433 € un Done fir de Zukunftsfong (Fonds d’Avenir) krut. Op den 31. Dezember 2019 hu sech d’Reserven am Fong op am ganzen 987.247 € belaf. Dës Mëttele esou wéi all aner temporär Liquiditéite vun der Stëftung kënnen nëmmen a Finanzproduiten investéiert ginn, déi den Ufuerderunge vun der Sozialléier vun der kathoulescher Kierch entspriechen an dëst bei Finanzinstituter mat enger exzellenter Bewäertung, déi d’Zréckbezuele vum investéierte Kapital garantéieren.

 

 

D’Initiativ vun der Diözees„Reech eng Hand” a besonnesch de Projet „Accueil vu Flüchtlingen”

Reech eng Hand – Tends la main” ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. E gouf 2015 gegrënnt, wéi vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn.

Et ass warscheinlech déi eenzeg Initiativ zu Lëtzebuerg, déi di lokal Integratioun vu Persounen, déi op der Flucht waren, am Bléck huet.

Am Mee 2019 war eng Delegatioun vum Vatikan, mat ë.a. dem Mgr Jean-Claude Hollerich, Kardinol, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, op Lesbos, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune liewen. D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: mam Accord vum Immigratiounsministère zwou Familljen, déi am Flüchtlingscamp op Lesbos liewen, hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.

Déi zwou Famillje sinn den 19. November 2019 hei zu Lëtzebuerg ukomm. Si gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer dréit d’kathoulesch Kierch all Käschten. Déi zwou Famillje kréien déi selwecht Hëllef wéi all anere Flüchtling. No zwee Joer kënne si, wann néideg, op Sozialhëllef vum Staat zréckgräifen, jee no hirem Statut.

Wat d’Resultater ubelaangt, huet d’Initiativ „Reech eng Hand” wärend dem Joer 2019 e remarkabelen Opschwong kannt. D’Fondatioun huet fir dësen Zweck op den 31. Dezember 2019 e Gesamtmontant vun 132.454 € un Done krut, dorënner 65.881 €, déi fir den Empfang vun de Flüchtlinge vu Lesbos bestëmmt waren. An awer brauch dëse Projet, dee keng staatlech Subventioune krut, fir d’Zukunft nach eng däitlech méi grouss finanziell Ënnerstëtzung vun den Donateuren, wëll den Encadrement vun den zwou Flüchtlingsfamilljen fir déi zwee nächst Joren op 180.000-200.000 € geschat gëtt.

D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav (Projet „Radiosmass”)

Zanter Januar 2017 finanzéiert den Äerzbistum d’Opnam an d’Iwwerdroung (Audio an Internet) vun de Sonndesmassen a vun der Oktav. Dës Déngschtleeschtunge ginn assuréiert vu professionellen Entreprisen an hunn en héije Käschtepunkt. An awer erlaabt dëse pastorale Projet et, dank der Notzung vun de moderne Kommunikatiounsmëttelen, deene Persounen, déi wéinst Alter oder Krankheet net kapabel sinn, an d’Kierch ze goen, um Liewe vun der chrëschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen.

Dës pastoral Suerg gëtt vun der chrëschtlecher Gemeinschaft positiv opgegraff a ganz vill Donateuren ënnerstëtzen dëse Projet, fir deen 2019 58.584 € un Donen erakoumen.

Twittere mat Gott

2018 gouf de Projet „Tweeter avec Dieu – Twittere mat Gott” mat der Iddi lancéiert, e wierklechen Dialog mat de Jonken, ënnert anerem zu hire Froen iwwer d’Liewen, iwwer Gott an de Glawen, unzefänken.

Am zweete Joer hannerteneen gouf dëse Projet vu verschiddenen Institutioune generéis ënnerstëtzt, déi 2019 eng Zomm vun 117.146 € iwwerwisen hunn.

D’Formatioun vun den zukünftegePriister

Enn 2016 initiéiert, huet d’Fondatioun dëse wichtege Projet an der Ëffentlechkeet besonnesch promouvéiert. Dësen Effort um Niveau vun der Kommunikatioun huet et der Stëftung erlaabt, 2019 23.580 € ze sammelen, déi genotzt ginn, fir d’Formatioun vun de Seminariste vun der Äerzdiözees ze finanzéieren.

Missio – Parrainage vu 4 Seminairen an der „Drëtter Welt”

De Parrainage vun de Seminairen ass eng Initiativ vum Hl. Apostel Paulus-Wierk (zu Lëtzebuerg genannt “Priister fir d’Drëtt Welt), dat zanter méi wéi 125 Joer d’Formatioun vun de Priister an den Entwécklungslänner ënnerstëtzt.

An dësem Kader huet Missio Lëtzebuerg sech engagéiert, e puer Seminairen z’ënnerstëtzen, fir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister an afrikaneschen an an asiateschen Diözeesen sécherzestellen.

An de Missiounslänner ass de Priister dacks net nëmmen den Hiert a Grënner vu Gemeinschaften, mee hien engagéiert sech och, d’sozial Entwécklung ze fërderen. Dofir brauch et eng zolidd Formatioun.

De Käschtepunkt fir de Studium vun engem Seminarist beleeft sech op 1.500 € pro Joer; d’Zomm, déi all Joer gesammelt soll ginn, entsprécht dem Finanzement vun de Studie pro Joer fir 40 Seminaristen.

Hebergéiert vun der Fondation Sainte-Irmine säit hirer Grënnung huet dëse Projet eng ganz schéin Entwécklung iwwer d’Jore gemaach; 2019 konnten 109.565 € ënner Form vun Donen an Ierfschafte gesammelt ginn.

THAILAND 2019

Nom groussen Erfolleg vun der Editioun 2017 wollt de Mgr Jean-Claude Hollerich d’Erfarung an Thailand mat engem Grupp vu 40 Jonker, déi mat him eng Visitt beim Vollek vun de Karen gemaach hunn, widderhuelen.

D’Kollekt vun den Done fir dëse Projet, dee vun der Ekipp vun der Jugendpastoral organiséiert gouf, huet 2019 39.087 € abruecht. D’Fonge si genotzt ginn, fir d’Reeskäschte vu verschiddene Jugendlechen z’iwwerhuelen, déi net déi néideg Mëttelen hunn, fir aus eegene Moyenen deelzehuelen.

 

 

 

 

Promotioun an Ëffentlechkeetsaarbecht

Promotiounscampagne

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Fondatioun e puer Campagne gemaach, fir de Public fir verschidde Projeten ze sensibiliséieren. Mat Hëllef vun eenzelen neien Deplianten, déi systematesch un d’Donateure verschéckt goufen, an enger effikasser Promotioun ass et der Fondation Sainte-Irmine gelongen, d’Recette vun eenzele Projeten ze verduebelen respektiv ze verdräifachen.

De Kreess vun den Donateure huet ganz gutt reagéiert op eenzel Aktiounen, déi d’Fondatioun fir verschidde Projeten gemaach huet, besonnesch sinn hei d’Projeten z’ernimmen, déi vun der Jugendpastoral initiéiert goufen an déi, déi de Klerus ënnerstëtzen, wéi den Zukunftsfong oder den Appui fir d’Seminaristen.

Doriwwer eraus waren d’Donateuren och um Rendezvous fir d’Initiativen am Kader vum Accueil vun de Flüchtlingen a besonnesch fir de Projet „Reech eng Hand”.

Eng intensiv an diversifiéiert Kommunikatioun

Am Beräich vun der Kommunikatioun huet d’Fondation Sainte-Irmine vill Zäit dran investéiert, eng komplett Dokumentatioun zur Verfügung ze stellen, déi et dem Public erlaabt, en detailléierten Iwwerbléck iwwer hir Aktivitéiten an Initiativen zur Verfügung ze stellen.

En Depliant , deen op eng einfach an direkt Manéier d’Missioun an d’Aktivitéite vun der Stëftung an dräi Sproochen (däitsch, franséisch, englesch) resuméiert, gouf breet un d’Reseaue vun der Fondatioun an u quasi all hir 7.000 Donateure verdeelt. D’Resultater vun dëser Aktioun ware villverspriechend, besonnesch wann een d’Zomm vun den Done kuckt, déi 2019 erakomm sinn.

Donieft huet d’Fondatioun, wéi och schonn 2018, verschidde Flyer zu den Haaptprojete gemaach. Dës Aktioun, déi et erlaabt huet, manner bekannte Projeten ze fërderen, war e Succès, wat den Niveau un Donen ubelaangt, déi fir dës Projeten am Laf vum Joer 2019 erakomm sinn.

Kreatioun vun der Internetsäit

Am Kader vun der Kreatioun vun enger adequater Kommunikatiounspolitik huet d’Fondatioun 2019 eng Partie Aarbechte gemaach, fir d’Internetsäit www.irmine.lu ze lancéieren, déi den 13. Mee 2019 online goung.

Op der Plattform WordPress entwéckelt, bitt de Site e konkreeten Iwwerbléck iwwer d’Aktivitéite vun der Fondation Sainte-Irmine a vun den eenzele Projeten, déi si betreit.

Den Notzer huet elo d’Méiglechkeet an e puer Klicken, séier den Objektiv vun der Fondatioun an hir verschidde Projeten, Evenementer an Aktivitéiten ze gesinn.

Doriwwer eraus huet d’Fondation Sainte-Irmine de Site esou entwéckelt, datt d’Notzer online Done maache kënnen. An dësem Kader sinn nach Aarbechten am Gaang, datt de Site Done mat enger ganzer Rëtsch vun Online-Bezuelsystemer beaarbechte kann (Visa, Mastercard, Paypal, asw.). An der selwechter Perspektiv wëll d’Fondatioun der Ëffentlechkeet verschidden Objeten (Bicher, Publikatiounen, Kadoen…) zur Verfügung stellen, déi online um Site kaaft kënne ginn. All dës Verbesserungen wäerten am Laf vum éischten Trimester 2020 a Kraaft trieden.

Physesch Presenz vun der Fondatioun bei verschidde reliéise Manifestatiounen

Den neien Elan, deen d’Fondatioun 2018 um Niveau vun der Kommunikatioun geholl huet, huet sech 2019 fortgesat mat der Participatioun un an enger Presenz vun der Stëftung bei reliéise Manifestatiounen, Seminairen an aneren Evenementer.

An dësem Kader sief ernimmt, datt d’Fondatioun, wéi och schonn 2018, wärend derOktav 2019 mat hirem Stand um Parvis vun der Kathedral vertruede war: dëst war eng gutt Geleeënheet, enger Rëtsch Gleewegen an Donateuren ze begéinen, déi reegelméisseg d’Fondation Sainte-Irmine bei hire Projeten ënnerstëtzen.

 

 

 

 

Begéinung mat den Donateuren

An der selwechter Perspektiv huet d’Fondatioun Begéinunge mat Gruppe vun Donateuren organiséiert, fir hinnen d’Aktivitéite vun der Stëftung an hir zukünfteg Projeten, déi si entwéckelt, ze presentéieren. D’Iddi ass fir déi perséinlech Relatioun mat den Donateuren ze stäerken an en Austausch mat hinnen ze schafen, fir hir Erwaardungen nach besser ze kennen an dësen Rechnung ze droen. Eisen Äerzbëschof, de Mgr Jean-Claude Kardinol Hollerich, huet un dëser Renconter, déi vun den Donateure ganz geschat gouf, deelgeholl. Et ass virgesinn, dëse Reuniounen am Laf vum Joer 2020 eng Suite ze ginn.

 

 

Aktiounsplang fir 2020

Eng dynamesch Kommunikatioun

Ee vun de gréisste Wënsch vun der Fondatioun ass et, seng aktiv Kommunikatiounspolitik mat der Ëffentlechkeet an den Donateure fortzesetzen. Dank de gudde Resultater vum Exercice 2019 ass virgesinn, d’Sensibiliséierungsaktioune fir déi eenzel Projeten an Aktivitéite vun der Stëftung nach z’intensivéieren.

An deem selwechte Kontext denkt d’Fondation Sainte-Irmine och driwwer no, an eenzele soziale Netzwierker present ze sinn, fir esou hier Kanäl, iwwer déi si sech wëll dobausse bekannt maachen, z’erweideren. Projeten an dës Richtung gi gepréift, an d’Donateure gi mat Zäit iwwer Neierungen informéiert.

Entwécklung vun der Internetsäit

D’Joer 2020 wäert genotzt ginn, fir d’Internetsäit, déi d’Visittekaart vun der Fondatioun ass, weider z’entwéckelen.

Wéi scho gesot gouf, ass et eist Zil, en neie Bezuelsystem fir d’Donateuren anzeriichten. D’Iddi ass net, fir Donen ënner Form vu Virementen ze decouragéieren, mee fir einfach, séier an effikass Alternativen ze proposéieren, iwwer déi den Transfert vun den Donen un d’Fondatioun méi séier geet an den Donateuren zousätzlech Informatioune bitt, besonnesch en Historique vun den Donen.

Begéinungen

Doriwwer eraus envisagéiert d’Fondatioun, déi direkt Kontakter mam cibléierte Public z’erweideren, dëst op Grond vum Interessi, deen d’Donateuren an d’Frënn vun der Stëftung 2019 gewisen hunn.

Iwwerluecht gëtt an deem Kader och, fir Sensibiliséierungsprojeten fir d’Verméigensverwaltungsréit (CGP) an d’Kierchefabricken (FE) a vun hirem Public op lokalem Niveau z’entwéckelen, fir esou de Stamm vun Donateure vun der Fondatioun ze vergréisseren. D’Tëscheroll, déi d’Fondatioun am Kader vun den Donen, déi fir d’Poren an d’Kierchefabricke gemaach ginn, ass an Tëschenzäit esou wichteg ginn, datt et Zil vun der Stëftung muss sinn, seng Relatioune mat de lokalen Organisatiounen z’erhalen an ze fleegen, fir datt d’Leit hir Aktivitéiten nach besser kennt.

E leschte Punkt: D’Fondatioun wëll och de Potenzial vun de villen auslännesche Gruppe vu Katholicken, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, an d’Stëftung net kennen, notzen. Dës Gemeinschafte si virun allem englescher, franséischer, italieenescher, spuenescher a portugisescher Originn.

D’Fondation Sainte-Irmine wëll Relatioune mat dëse Communautéiten opbauen, fir hinnen hir Aktivitéite virzestellen.

Donateure relancéieren

D’Fondation Sainte-Irmine huet am Januar 2020 eng Campagne gestart, fir verschidde fréier Donateuren ze relancéieren. Et geet ëm 2.000 Donateuren, déi am Fichier vun der Stëftung sinn, mee déi sech zanter 2018 net méi manifestéiert haten.

En Echantillon vu 15 Prozent vun dësen Donateure krut e Courrier an déi éischt Resultater vun dëser Campagne si ganz villverspriechend, wann een de Retour un Done gesäit, déi vun dëser Grupp vun Donateure kommen.

D’Fondation Sainte-Irmine denkt drun, op Base vun dëser positiver Erfarung déi Campagne wärend dem ganze Joer 2020 weiderzefueren.

 

Christian Descoups /Antoine Wagner

28. Februar 2020