Blog

Wéi een eng Ierfschaft mécht

Fir eng Ierfschaft fir d’Fondation Sainte-Irmine ze maachen, musst Dir en Testament zu hire Gonschte verfaassen. Fir datt en Testament liicht accessibel ass nom Doud, kënnt Dir et engem Notaire uvertrauen oder eng Kopie Ärem/Ären Ierwe ginn.

Et gëtt tëscht dräi Typpe vun Testamenter ënnerscheet:

„Testament olographe”

Et gëtt vun Iech verfaasst. Et muss handschrëftlech, datéiert a vun Iech ënnerschriwwe sinn.

Et gëtt keng aner Konditioun, fir datt e gülteg ass, mee et ass wichteg, datt Äre Wëlle kloer, genee an ouni Ambiguitéiten ausgedréckt ass.

„Testament authentique ou public”

Dir diktéiert Äre Wëllen Ärem Notaire a Presenz vun zwee Zeien oder engem zweete Notaire. D’Testament gëtt dono vum Notaire verfaasst. No der Redaktioun vum Testament gëtt den Notaire Iech et fir nozeliesen, a Presenz vun den Zeien. No der Lektür gëtt d’Testament vun Iech selwer, wéi och vum Notaire an den zwee Zeien respektiv vun den zwee Notairen ënnerschriwwen.

„Testament mystique”

Dir schreift a signéiert Äert Testament a presentéiert et dono, zou a versigelt, engem Notaire. Dësen, a Presenz vun zwee Zeien, setzt en „Acte de souscription” op. Wann Dir dëse Wee wielt, gëtt Äre leschte Wëlle geheim gehalen bis zu Ärem Doud. Dir kënnt Äert Testament och vun enger drëtter Persoun opsetze loossen, ënnert der Konditioun, datt Dir et selwer ënnerschreift.