Valorisatioun vun der Kathedral

Valorisatioun vun der Kathedral

Den alen Deel vun der haiteger Kathedral vu Lëtzebuerg geet zréck ob den ale Jesuittekolléisch (1603), mat deem hie bis haut eng architektonesch Eenheet bild. Ënnert der Herrschaft vun der Keeserin Marie Theresia vun Éisträich gëtt d’Kierch 1778 Porkierch a gëtt den Hellegen Niklos an Thérèse geweit, duerno am Joer 1844 eiser Damm vu Lëtzebuerg. De 17. Juni 1870, wéi Lëtzebuerg an de Rang vun enger Diözees erhuewe gouf, gëtt d’Porkierch Kathedral.

D’Kathedral gëtt an de Joren 1935-1938 ënnert der Leedung vum Architekt Hubert Schumacher (1896-1961) vergréissert. Mat der Realisatioun vun de Fënsteren am Chouer gëtt 1938 de Glasmeeschter Louis Barillet (1880-1948) beoptraagt.

Zanter 1794 steet an der haiteger Kathedral d’Statu vun der Tréischterin, Patréinesch vu Stad a Land, där hir Veréierung op 1624 zréckgeet. D’Statu am Fong vum Chouer dréit Kleeder, wéi et am westleche Chrëschtentum zanter dem Enn vum Mëttelalter Traditioun ass. Wéinst hirer Geschicht, déi räich un Traditiounen ass, dozou gehéiert besonnesch d’Oktav, déi all Joer tëscht dem 3. a 5. Ouschtersonndeg gefeiert gëtt, ass d’Kathedral déif verwuerzelt am Liewe vun der Stad a vum Land: als Pilgeruert an Heemecht vun der Statu vun der Tréischterin steet si fir d’Geschicht vum Lëtzebuerger Vollék a vu senger Kierch.

An dësem Kontext a mat Bléck op de Jubiläum vun der Veréierung vun der Tréischterin 2024 kréien déi Gleeweg an d’Donateuren de Projet “Valorisatioun vun der Kathedral” un d’Häerz geluecht. Mat dësem Projet soll de Patrimoine vum Gebai erhale bleiwen an e gudden Accueil vun de Gleewegen an de ville Besicher assuréiert an nach weider verbessert ginn.

Déi zwee éischt Projeten, déi an dësem Kader der Generositéit vun de Gleewegen uvertraut ginn:

  • D’Restauratioun vun zwee Teppecher, déi 1633 op Commande vum Eustache de Wiltheim gewieft goufen an déi den hl. Ignatius vu Loyola an den hl. François-Xavier duerstellen. Dës Restauratioun gëtt duerchgefouert vun der Manufacture royale de tapisseries De Wit (B-Mechelen). D’Zomm, déi duerfir gebraucht gëtt: 10.000€;
  • D’Valorisatioun vun der Fënster (Rosette) um Niveau vum Ducksall zur Säit vum Parvis vun der Kathedral duerch eng entspriechend Beliichtung. D’Zomm, déi duerfir gebraucht gëtt: 10.000€.

MENTIOUN VUM DON :

VALORISATIOUN VUN DER KATHEDRAL

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Mise en valeur de la cathédrale

Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 100,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen