Blog

Legal Mentiounen

GENERELL BENOTZUNGSKONDITIOUNEN

D’Persounen, déi d’Internetsäit vun der Fondation Sainte-Irmine besichen, si mat dëse Konditiounen averstanen:

INFORMATIOUN

Dës Säit gouf entwéckelt vun der Fondation Sainte-Irmine a gëtt vun hir verwalt.

D’Fondation Sainte-Irmine mécht alles, fir datt d’Informatiounen an d’Donnéeën, déi um Site publizéiert sinn, richteg a reegelméisseg aktualiséiert ginn. D’Informatiounen op dëser Säit stamen aus zouverlässege Quellen. An awer kann d’Fondation Sainte-Irmine net als responsabel gëlle fir Feeler, Ännerungen oder Aktualiséierunge vun dësen Informatiounen an Donnéeën, déi ze spéit gemaach goufen. Dowéinst sinn d’Leit am Netz gebieden, hir Entscheedungen net op Base vun dësen Informatiounen ze treffen, éier se d’Richtegkeet vun dëse gepréift hunn. Den Notzer ass sech bewosst, datt hien dës Donnéeën an Informatiounen op eegene Risiko a Gefor notzt.

 

LINKEN

Dës Internetsäit bitt Linken zu Drëttsäiten un. D’Fondation Sainte-Irmine bitt dës Linke just aus Grënn vun der Kamouditéit un a leent all Verantwortung, wat d’Disponibilitéit oder den Inhalt vun dëse Site betrëfft, of. D’Notzer besichen dës Säiten op eege Gefor.

 

PERSÉINLECH DONNÉEËN

Fir Informatiounen zu de perséinlechen Donnéeën, kuckt wgl. d’Dateschutzpolitik vum Äerzbistum.

 

AUTEURSRECHTER

De ganze Contenu vun dëser Internetsäit, den Domaine-Numm, d’Logoen, d’Grafiken an aner Fichieren abegraff, gehéiert der Fondation Sainte-Irmine an ass geschützt duerch Gesetzer, déi d’intellektuell Proprietéit stäerken. Den Notzer ass fräi, Artikelen, Säiten oder Deeler vun der Internetsäit erofzelueden oder auszedrécken ënnert der Konditioun, datt d’Mentioun vun den Auteursrechter an aner Mentiounen, wat d’Proprietéit ubelaangt, net suppriméiert ginn.

 

RECHT

Dës Internetsäit ënnerleit dem lëtzebuergesche Recht an deemno der Zoustännegkeet vun de Lëtzebuerger Autoritéiten.