Projet Adveniat 2022

Projet Adveniat 2022

De Lëtzebuerger Paschtouer vum Sacré-Coeur, de Julien Braun, war zënter méi wéi 45 Joer op Missioun am Chile. De Moment schafft de Julien Braun am Santo Cura de Ars zu Santiago de Chile. Säin Zil ass et, en treien Zeie vun der Léift vu Gott fir seng Leit ze sinn. Sou gesäit d’Por Santo Cura de Ars, déi hien zesumme mat enger grousser Grupp vun engagéierte Laien animéiert, sech ëmmer méi an der Roll vum baarmhäerzege Samariter. Tatsächlech si vill Leit an dësem Land gepräägt vun enormen Ongläichheeten.

D’Por huet vill ganz aarm Leit:

– traditionell oder monoparental Familljen, an deenen Erwuessener keng Aarbecht fannen an déi an extremen Aarmutsbedéngunge liewen,

– Familljen, an deene Gewalt herrscht,

– veraarmt eeler Leit, déi hir Deeg a ganz bescheidenen Zoustänn verbréngen, déi et hinnen net erlaben, d’Medikamenter an d’Hygiènesartikelen ze kréien, déi se brauchen,

– och Migranten, besonnesch aus Venezuela an Haiti, déi hir vu enger schwéirer Kris betraffe Länner verlooss hunn a besser Liewensbedingungen am Chile sichen.

Als kierchlech Gemeinschaft wëll d’Por no bei all dëse Leit sinn an hinnen hëllefen ze gleewen, “datt se net aus der Hand vu Gott gefall sinn”. D’Gemeinschaft temoignéiert hire Glawen u Christus andeems se aner Mënschen ophëlt an andeems se spirituell a materiell Ënnerstëtzung ubitt, do wou et néideg ass.

E puer vun den Aktivitéiten, déi mir ënnerstëtzen, sinn dës:

– Verdeelung vu Liewensmëttelpäck fir aarm Familljen (1x / Mount) a waarm Iessen u Leit ouni Daach iwwer dem Kapp (2x / Woch), Ënnerstëtzung fir eeler Leit, déi keng Mëttelen hunn, fir hir Medikamenter ze bezuelen

– Spirituell an theologesch Formatioun vu Laien (m / f) an Diakonen, déi an der Por engagéiert sinn

– Spirituell Retraite fir déi jonk Leit aus der Por, fir Katecheeten a Pastoralagenten

– Formatioun vun der kierchlecher Gemeinschaft iwwer d’Preventioun vu sexuellem Mëssbrauch. Tatsächlech ass d’chileenesch kathoulesch Kierch ferm gerëselt gi vu ville Fäll vu sexuellem Mëssbrauch duerch Paschtéier an de leschte Joren. D’Porgemeinschaft wëll dëst Thema besser kenne léieren, méi waakreg ginn an e méi gesond Ëmfeld an der Gemeinschaft awer och an hiren Heemer an op der Aarbecht schafen.

– Campagne “1 Bibel pro Stot”, d’Communautéit ass missionaresch a fërdert d’Liese vun der Bibel, besonnesch an der Famill an an der Gemeinschaft.

MENTIOUN VUM DON: ADVENIAT 2020

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

All Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Mgr Leo Wagener an de P. Julien Braun

Responsabel vum Projet

Abbé Henri HAMUS

henri.hamus@cathol.lu

Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€