Blog

Wat ass eng Donatioun?

Maacht eng Donatioun elo – virun Ärem Doud

Eng Schenkung maachen heescht fir eng Persoun (den Donateur) zu Liefzäiten an op eng irreversibel Manéier, d’Rechter un oder de Besëtz vun engem Gutt un eng aner Persoun (den Donataire) z’iwwerschreiwen.

 

Nom Gesetz muss eng Donatioun duerch en „Acte authentique” virun engem Notaire gemaach ginn. D’Schenkung däerf net den Undeel, deen zur Verfügung steet („Quotité disponible”), depasséieren, wann Dir Flichtierwen hutt. Am anere Fall gëtt se entspriechend reduzéiert.

Wat kënnt Dir schenken?

All Besëtz ka Géigestand vun enger Donatioun sinn: Geld, e „Bien mobilier ou immobilier”, Wäertpabeieren,…

Et kann een tëscht zwee Typpe vun Donatiounen ënnerscheeden:

  • „Donation de la pleine propriété”:

Dir decidéiert, Äre Besëtz exklusiv an absolut weiderzeginn.

  • „Donation de la nu-propriété”:

Dir iwwergitt Äre Besëtz, mee Dir behaalt d’Notzerrecht (usufruit), sief et fir Iech selwer, sief et fir eng drëtt Persoun, déi Dir bestëmmt hutt. Dës Formule ass besonnesch praktesch fir Gebaier: Dir kënnt, zum Beispill, Äert Haus schenken a weiderhi wärend Ärem ganze Liewen dra wunnen (Widdem), wéi e Besëtzer.

Wéi mécht een eng Schenkung?

Wann Dir Iech decidéiert hutt, eis eng Donatioun ze maachen, huelt Kontakt mat eis op.