Blog

Wat ass eng Ierfschaft?

Dir wéilt gären, och no Ärem Doud, en Zeeche vu Generositéit géintiwwer Mënschen an Nout setzen an der kathoulescher Kierch hëllefen hir Missioun z’erfëllen, fir all deenen, déi Ënnerstëtzung an e Message vu chrëschtlecher Hoffnung brauchen, bäizestoen?

Da maacht eng Ierfschaft!

Wat ass eng Ierfschaft?

Eng Ierfschaft ass eng testamentaresch Verfügung mat där ee wielt, fir, den Ament vu sengem Doud, en Deel oder säi ganze Besëtz enger oder méi ausgewielte Persounen oder Organisatiounen ze vermaachen.

Andeems, datt Dir der Fondation Sainte-Irmine en Deel oder Äert ganzt Iewen iwwerschreift, vermaacht Dir Äre Patrimoine engem Zweck, deen Iech um Häerz leit. Soulaang Dir lieft, behaalt Dir Äre Besëtz, wat bedeit, datt Dir doriwwer fräi verfüge kënnt, mee Dir hutt d’Gewëssheet, datt e spéiderhin der Fondatioun erlaabt, konkret Mënschen an Nout bäizestoen.

Gitt Ärem Patrimoine, wéi och ëmmer en ass, méi Sënn.

Är Ierfschaft kann all Zorte vu Besëtz ëmfaassen: eng Zomm Suen, Bijouen, eng Wunneng, Konschtwierker asw. Et geet duer, et an Ärem Testament z’ernimmen.

Är Ënnerstëtzung ass nëtzlech an effikass, och wa se nëmme bescheiden ass. Als unerkannte Fondatioun déngen déi Gidder, déi hir iwwerschriwwe ginn, integral hirer Missioun.

 

 

 

D’Fondation Sainte-Irmine ass ermächtegt, fir Ierfschaften, Donatiounen a Liewensversécherungen unzehuelen.

D’Ierfschaft erlaabt et, Projete vun der Kierch z’ënnerstëtzen, déi keng staatlech Subventioune kréien.

Eng Ierfschaft oder eng Donatioun un d’Kierch ass eng Akt, dee Sënn mécht, e Message vun Ärer Säit, aus dem Glawen eraus, en Ausdrock vun Ären déiwen Iwwerzeegungen, jo, vun Ärem Choix an Äre Prioritéiten iwwer den Doud eraus.