Blog

Firwat Äre Patrimoine un d’Fondation Sainte-Irmine viruginn

Firwat Äre Patrimoine un d’Fondation Sainte-Irmine viruginn

D’Fondation Sainte-Irmine kritt keng staatlech Subventiounen oder Hëllef. Dowéinst ass Är Ënnerstëtzung essentiell. Eng Ierfschaft oder eng Donatioun un d’Kierch ass en Akt, dee Sënn mécht, e Message vun Ärer Säit, aus dem Glawen eraus, en Ausdrock vun Ären déiwen Iwwerzeegungen, jo, vun Ärem Choix an Äre Prioritéiten iwwer den Doud eraus.

Wann d’Fondation Sainte-Irmine handele kann zu Gonschte vun der Zukunft vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg a vun deenen, déi benodeelegt sinn, da wéinst dem Engagement vu ville Gleewegen an Donateuren, déi all eis Aktioune méiglech maachen.

Ierfschaften, Donatiounen a Liewensversécherungen erlaben et der Fondation Sainte-Irmine op laang Siicht ze schaffen. Fir d’Weidergi vum kathoulesche Glawen a fir deenen, déi an Nout sinn, ze hëllefen, brauch een e laangen Otem.

All Ufroen an d’Demande fir Informatioune gi vertraulech behandelt.

 

Wann d’Fondation Sainte-Irmine haut d’Vertraue vun den Donateure genéisst, dann ass dat och well:

  • Et gëtt bal keng Verwaltungskäschten: 98% vun de Mëttele vun der Fondatioun gi fir hier spirituell a sozial Missioun genotzt.
  • Dir kënnt Är Done sieft et fir e spezifescht Zil affektéieren, an da gi se och net fir en anert Zil genotzt, oder als fräien Don, deen d’Fondatioun engem vu senge Projeten zouféiere kann.
  • D’Stëftung ass zanter hirer Grënnung als „Utilité publique” unerkannt.
  • Hier Konte gi publizéiert a reegelméisseg vun onofhängege Reviseure kontrolléiert.