Den Erhalt vum reliéisen Ierwe läit der Äerzdiözees Lëtzebuerg um Häerz.
Allerdéngs ass d’Quantitéit un Archiven an d’Zuel vu reliéisen Objeten, déi zum Patrimoine vun der Kierch gehéieren, mee an engem schlechten Zoustand sinn, grouss. D’Diözesanarchiv ass mat dëser Problematik befaasst, déi an de leschte Joren däitlech zougeholl huet, wëll eng grouss Zuel u Porarchiven iwwerholl gouf.
Et ass absolut noutwenneg, dëse reliéise Patrimoine, souwäit wéi nëmme méiglech, ze retten a professionell restauréieren ze loossen. An dëser Perspektiv hunn d’Archiven de Projet “Erhalt vum reliéisen a kulturellen Ierwe vun der kathoulescher Kierch” an d’Liewe geruff.
D’Demarche, déi duerch dëse Projet lancéiert gouf, erlaabt et der Äerzdiözees ënnert anerem de verschiddene Recommandatiounen, déi vun der peepstlecher Kommissioun fir déi kulturell Gidder vun der Kierch publizéiert goufen, besonnesch déi vun der Pastoraler Funktioun vu kierchlechen Archive vum 2. Februar 1997, nozekommen.
Wëll de Phenomeen vu Schied am Laf vun der Zäit sech net eleng op d’Archive limitéiert, mee och vill liturgesch a kënschtleresch Objete betrëfft, wëll dëse Projet och reliéis Objete restauréieren, déi an de Kierchen oder an anere Gebaier, déi dem kathoulesche Culte reservéiert sinn, stinn.
Andeems datt Dir en Don fir de Projet “Erhalt vum reliéisen a kulturellen Ierwe vun der kathoulescher Kierch“ maacht, drot Dir direkt zur Restauréierung an zum Erhalt oder och zur Digitaliséierung vun engem liturgeschen Objet bäi.
MENTIOUN VUM DON: ERHALT VUM RELIÉISEN IERWEN
CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000
D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.
Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.