Europa Scouten

Europa Scouten

D’Europa Scouten vu Lëtzbuerg (ESL) sinn eng Scoutsbeweegung, déi, komplementar zur Famill, fir kathoulesch Erzéiung steet a sech als Ierwe vum Baden Powell a vum Pater Jacques Sevin an onofhängeg vun all politescher Partei versteet.

 

D’Beweegung, déi zanter e puer Joer hei zu Lëtzebuerg etabléiert ass, orientéiert hir Aarbecht un der Léier vun der kathoulescher Kierch. Hirt Zil ass et, konkreet Geste vu Generositéit bei de Jonken z’entwéckelen an ze promouvéieren. Och Begéinungen tëscht jonken Europäer an deem selwechte chrëschtleche Geescht gi favoriséiert. De Mouvement mécht, esouwäit et him méiglech ass, mat bei Initiative vun allgemengem Interessi, vun ziviler Secherheet, am Déngscht vun humanitären Aktiounen an am Asaz fir de Schutz vun der Natur an der Ëmwelt.

D’ESL, déi zënter hirer Grënnung zu Lëtzebuerg gewuess sinn, hunn eng reell diözesan Presenz duerch hir Partizipatioun u wichtege reliéisen Evenementer, zum Beispill wärend der Oktav, an duerch d’Lienen, déi si mat verschiddene reliéise Gemeinschaften an der Äerzdiözees ënnerhalen.

 

Fir den Dialog mat de jonke Leit ze garantéieren, déi un hire Formatioune deelhuelen, organiséieren d’ESL pedagogesch Aktivitéiten, besonnesch Formatiounscampen a -weekender, déi et de Scouten erlaben, sech mam Liewen an der Gemeinschaft vertraut ze maachen a verschidde weesentlech Wäerter vum Liewen ze deelen, wéi Respekt, Nächsteléift, Fridden, Generositéit. Fir dës Missioun z’erfëllen, brauchen d’Europa Scouten vu Lëtzebuerg finanziell Ënnerstëtzung, déi et hinnen erméiglecht, all Ausgaben vun hire pedagogeschen Aktivitéiten z’assuréieren, besonnesch och d’Ausbildung vun hire Cheffen.

MENTIOUN VUM DON: ËNNERSTËTZUNG VUN DEN EUROPA SCOUTEN VU LËTZEBUERG

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

KONTAKT

Vincent CHAIGNON 
Bernadette de CRÉMIERS
gselux@gmail.com

Payconiq Europa Scouten
Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 10,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen.