Zesummen, wann och verschidden / Esch 2022

Zesummen, wann och verschidden / Esch 2022

«Zesummen, wann och verschidden» (Ensemble même si différents) war e Projet, deen op Initiativ vum Pastoralrot vun der Por Esch-Uelzecht Helleg Famill am Kader vun Esch 2022, europäesch Kulturhaaptstad, organiséiert gouf.

D’Zil war et, d’Liewen, d’Kultur an d’Dynamik vun der kathoulescher Kierch wéi och hire Beitrag an der Populatioun ervirzehiewen an ze weisen, datt eng Zesummenaarbecht mat den anere Konfessioune méiglech ass.

Donieft stoungen eng Rëtsch aner Initiativen um Programm:

  • d’Publikatioun vun engem Konschtbuch iwwer d’reliéis Gebaier zu Esch,
  • Concerte mat renomméierten Ensembelen a Solisten,
  • Konferenzen a Ronndëschgespréicher,
  • d’Schafe vun engem Solidaritéitsmaart an Zesummenaarbecht mat den Acteure vun der Plaz (Caritas, Missio, Rout Kräiz, Foulards blancs…),
  • e grousst interreliéist an ökumeenescht Fest, zu deem all Pore vun de Partnergemenge vun Esch 2022 ageluede goufen, zousätzlech zu deenen, déi um Gebitt vun Esch 2022 an an der franséischer Grenzregioun sinn,
  • eenzel Evenementer, déi am Laf vum Kierchejoer stattfonnt hunn (wéi z.B. de Kräizwee mat alle Gemeinschaften op Karfreideg).

De Projet konnt an Zesummenaarbecht mat ville Veräiner a Gruppen e Maximum u Leit vun allen Originnen a Nationalitéiten erreechen. Och goufen all reliéis Konfessiounen abezunn, an déi verschiddene Begéinungen haten eng international Dimensioun.