Blog

Pilgerrees fir déi Jonk

Vum 26. Juli bis den 9. August ass e Grupp Jonker mat eisem Här Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, a mat Begleeder op Pilgerrees am Kambodja an am Vietnam. Merci den Donateuren, déi dëse pastorale Projet ënnerstëtzt hunn. Insgesamt sinn 21.365 Euro un Donen erakomm. Mat dëse Sue kann d’Fondatioun Sainte-Irmine en Deel vun de Reeskäschten iwwerhuelen.

Via de Projet “Formatioun vun den zukünftege Priister” ass doriwwer eraus d’Participatioun vu 6 Seminariste vum Grand Séminaire a vum Séminaire Redemptoris mater bezuelt ginn (Käschtepunkt: 11.000 Euro).

Fir méi iwwer dëse Projet gewuer ze ginn, klickt hei.

Wann och Dir déi Jonk an dës aussergewéinlech Pilgerrees ënnerstëtze wëllt, da klickt hei.

Impressioune vun der Rees fannt Dir op www.cathol.lu