A senger Sëtzung vum 19. Juni 2026 huet de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Sainte-Irmine d’Konte vum leschte Joer definitiv approuvéiert, dëst nodeems se vum Réviseur d’entreprise PKF kontrolléiert goufen. Fir 2025 konnten 1.164.183,32.- Euro un zweckgebonnene Spenden a fräien Done verbucht ginn, dëst ass e Réckgang par rapport zum Joer virdrunn, dee virun allem drop zréckzeféieren ass, datt d’Fondatioun keng Testamenter krut. Am selwechten Exercice huet d’Fondatioun méi wéi 20 Projeten an de Beräicher vun der Pastoral, der Diakonie, der Formatioun a vum Patrimoine mat 991.742,04.- Euro ënnerstëtzt. Déi intern Verwaltungskäschte louche bei 39.760,63.- Euro. Ënnert dem Stréch bleift fir 2025 e positiivt Resultat vu 12.857,89 Euro.
De Verwaltungsrot an d’Ekipp vun der Fondatioun soen allen Donatricen an Donateuren en häerzleche Merci fir all Ënnerstëtzung a fir hir Trei wärend dem Joer 2025!
De ganze Finanzrapport fannt Dir hei: FSI-Finanzrapport-2025

