Aktivitéitsrapport 2021

Aktivitéitsrapport 2021

 

Wärend dem Exercice 2021 huet d’Fondatioun 5.186 Done kritt. D’Gesamtzomm vun den Done beleeft sech op 1.521.014 €, géintiwwer 1.964.248 € am Joer 2020, dëst entsprécht engem Minus vun 22,5%. Dës Baisse ass doduerch ze erklären, datt manner Donen iwwer 10.000 € erakomm sinn. Am Ganze gekuckt bleift Joer 2021 e ganz gutt Joer – dat zweetbeschte Joer zanter der Grënnung vun der Fondatioun 2012, dank der grousser Ënnerstëtzung duerch eis trei a generéis Donateuren Um Enn vun dësem Rapport komme mir op dës Entwécklung zeréck.

2021, huet d’Fondatioun dës Projeten ënnerstëtzt:

 

Den Zukunftsfong vum Äerzbistum

Dësen zweckgebonnene Fong (Fonds d’Avenir) vum Äerzbistum soll der Kierch zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttele ginn, fir hir Pastoral um ganzen Territoire vun der Äerzdiözees ofzesécheren. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den haaptamtleche Laien am kierchlechen Déngscht, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn.

Am Laf vum Joer 2021 huet d’Stëftung d’Rekordzomm vu 671.679 € un Done fir den Zukunftsfong krut, e Plus vu 15% am Verglach zum Joer 2020 (584.985 €). €). Op den 31. Dezember 2021 hu sech d’Reserven am Fong op am ganzen 2.325.574 Euro belaf. Dës Mëttele esou wéi all aner temporär Liquiditéite vun der Stëftung kënnen nëmmen a Finanzproduiten investéiert ginn, déi den Ufuerderunge vun der Sozialléier vun der kathoulescher Kierch entspriechen an dëst bei Finanzinstituter mat enger exzellenter Bewäertung, déi d’Zréckbezuele vum investéierte Kapital garantéieren.

 

D’Initiativ vun der Diözees „Reech eng Hand” a besonnesch de Projet „Accueil vu Flüchtlingen”

Reech eng Hand”ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. E gouf 2015 gegrënnt, wéi am Kader vun der Migratiounskris vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn.

Dräi Joer no senger Visitt op der griichescher Insel Lesbos hat de Poopst François en neien Appell lancéiert zu Gonschte vun enger méi grousser Opmierksamkeet fir d’Flüchtlingen a fir méi Solidaritéit an der europäescher Migratiounspolitik.

An dem Kader war am Mee 2019 eng Delegatioun vum Vatikan, mat ë.a. dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, op Lesbos gereest, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune liewen. D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: Caritas Griichenland, Caritas Lëtzebuerg an den Immigratiounsministère hunn hiren Accord ginn, fir den 19. November 2019 zwou Flüchtlingsfamilljen hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.

Dës Famillje gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer, bis Enn 2021, huet d’kathoulesch Kierch all Käschten gedroen.

Dat eent ass eng syresch Famill kurdescher Hierkonft mat Zwillinge vu 4 Joer, déi aner Famill ass “staatenlos” (si gehéieren zur bedouinescher Ethnie, déi ë.a. am Kuwait lieft) an huet zwee Bouwe vu 7 an 10 Joer.

D’ Familljen hunn 2020 de Statut als “bénéficiaires de protection internationale” krut.

E formidabelt Engagement vun de Leit ass hinnen entgéint bruecht ginn: en Haus mat zwee miwweléierten Appartementer zu Uewerfeelen ass der Fondation Sainte-Irmine vun der Kierchefabrick zu engem moderéierte Präis verlount ginn.

De Buergermeeschter, déi Bénevol vu Kolping, d’Fraen a Mammen, d’Noperen, Donateuren, an eng ganz engagéiert Iwwersetzerin hunn d’Koordinatiounsekipp vu Reech eng Hand bei der Begleedung an der Integratioun vun den zwou Familljen ënnerstëtzt.

Dëst Engament ass den 19. November 2021 zu Enn gaangen. Déi zwou Familljen kréien zanterhier de Revenu d’inclusion sociale (Revis), bis d’Elteren eng Aarbecht fonnt hunn. Si fuere weider mat hire Sproochecoursen respektiv mat der Alphabetiséierung. All Famill huet elo en Auto, d’Kanner hu grouss Fortschrëtter an der Schoul gemaach, an e Puppelchen ass bei deene zwou Familljen op d’Welt komm. Wann si no Hëllef froen, ass d’Ekipp vu Reech eng Hand ëmmer fir si do.

Wat Donen ubelaangt, huet d’Initiativ vu « Reech eng Hand » 2021 e groussen Opschwong erlieft. D’Fondatioun krut insgesamt 112.556€ un Donen op den 31. Dezember 2021, wouvunner 87.506 € reng fir déi zwou Famillje vu Lesbos bestëmmt waren.

“Reech eng Hand” bleift och 2022 weiderhi fir d’Flüchtlingen täteg an hëlleft bei hirer Integratioun, dëst och duerch déi lokal Gruppe vu Reech eng Hand. De politesche Plädoyer an d’Zesummeféiere vu verschiddenen Akteure, fir Léisungen fir d’Herausfuederungen ze fannen, déi d’Leit begéinen, gehéieren och zur Aarbecht vun der Ekipp.

 

D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav (Projet „Radiosmass” / „Tëleesmass”)

Zanter Januar 2017 finanzéiert den Äerzbistum d’Opnam an d’Iwwerdroung per Toun, méi rezent och per Bild (Initiativ lancéiert wärend der Pandemie 2020) an am Internet vun de Sonndesmassen a vun der Oktav. . Dës Déngschtleeschtunge ginn assuréiert vu professionellen Entreprisen an hunn en héije Käschtepunkt. An awer erlaabt dëse pastorale Projet et, dank der Notzung vun de moderne Kommunikatiounsmëttelen deene Persounen, déi wéinst Alter oder Krankheet net méi kapabel sinn, an d’Kierch ze goen, um Liewe vun der chrëschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen.

Dës Initiativ war 2020 marquéiert vun der Transitioun vun enger Radios- zu enger Tëleesmass, déi och am Internet diffuséiert gëtt. Datt dësen Iwwergang vun der chrëschtlecher Gemeinschaft appreciéiert gouf, weist sech an hirer Generositéit. 2021 gouf dëse Projet nees vu ganz villen Donateuren ënnerstëtzt mat insgesamt 163.006 €, géintiwwer 158.540 € am Joer 2020.

Wéi 2020 ass de Projet vun der Tëleesmass och am vergaangenee Joer, dat op en Neits vun der Pandemie marquéiert war, op ganz vill Interessi gestouss.

 

D’Formatioun vun den zukünftege Priister

De Projet, deen Enn 2016 lancéiert gouf, läit der Fondatioun um Häerz. Fir d’Joer 2021 si 16.255 € gesammelt ginn. Mat dëse Suen ass d’Formatioun vun de Seminariste vun der Äerzdiözees finanzéiert ginn. Konkreet sinn 2021 lëtzebuergesch a franséisch Sproochecourse fir d’Seminariste vum Seminaire “Redemptoris mater” bezuelt ginn.

 

Missio – Parrainage vu 4 Seminairen an der „Drëtter Welt”

De Parrainage vun de Seminairen ass eng Initiativ vum Hl. Apostel Paulus-Wierk (zu Lëtzebuerg genannt “Priister fir d’Drëtt Welt”), dat zanter méi wéi 125 Joer d’Formatioun vun de Priister an den Entwécklungslänner ënnerstëtzt.

An dësem Kader huet Missio Lëtzebuerg sech engagéiert, e puer Seminairen z’ënnerstëtzen, fir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister an afrikaneschen an an asiateschen Diözeesen sécherzestellen. An de Missiounslänner ass de Priister dacks net nëmmen den Hiert a Grënner vu Gemeinschaften, mee hien engagéiert sech och, d’sozial Entwécklung ze fërderen. Dofir brauch et eng zolidd Formatioun.

De Käschtepunkt fir de Studium vun engem Seminarist beleeft sech op ronn 1.500 € pro Joer; d’Zomm, déi all Joer gesammelt soll ginn, entsprécht dem Finanzement vun de Studie pro Joer fir 40 Seminaristen.

Hebergéiert vun der Fondation Sainte-Irmine zanter hirer Grënnung huet dëse Projet eng ganz schéin Entwécklung iwwer d’Jore gemaach; 2021 konnten 42.000 € ënner Form vun Done gesammelt ginn.

 

Restauréierung vun der symphonescher Uergel “Haupt” an der Kathedral vu Lëtzebuerg

D’Joer 2021 war wéi dat Joer virdrunn och nees markéiert vum Projet vun der Restauréierung vun der symphonescher Uergel an der Kathedral vu Lëtzebuerg.

Zanter hirem Bau an de Joren 1937/1938 duerch d’Firma “Manufacture d’orgues luxembourgeoise G. Haupt” huet dëst historescht Instrument – mat sengen 106 Regësteren dat gréisst, dat jee zu Lëtzebuerg gebaut gouf – all grouss reliéis an national Feiere vum Land begleet, vum Te Deum op Nationalfeierdag an der Oktav all Joer bis hin zu eenzelnen Evenementer wéi den Te Deum vun der Befreiung 1945, d’Visitt vum Poopst Jean-Paul II. 1985 oder och nach d’Prënzenhochzäiten an d’Staatsbegriefnesser vum Herrscherhaus vu Lëtzebuerg.

War d’Uergel bis an d’Siwwenzegerjoren eng absolut Referenz an der Uergellandschaft hei zu Lëtzebuerg an ass se och haut nach e wichtegen Zeie vum Uergelbau vun hirer Zäit, huet sech den Zoustand vun dem Instrument dach iwwer vill Jore lues ma sécher verschlechtert wéinst hirem Alter an der Ofnotzung vum Material. Um Enn blouwen eng Partie vun den nach 82 Regësteren zum Deel stomm; d’elektronesch Kombinatioun an d’elektro-pneumatesch Iwwerdroung hunn net méi zouverlässeg fonctionéiert; Startproblemer, stomm Tasten oder Päifen goufe méi heefeg an de generellen Zoustand vum Material huet kee stabille Klang vun der Uergel méi erméiglecht.

D’komplett Restauréierung vun der grousser Uergel vun der Kathedral huet am Juli 2020 ugefaang an zitt sech iwwer 2021 an 2022 hin. D’Aarbechte ginn duerch déi éisträichesch Firma “Rieger Orgelbau GmbH” duerchgefouert.

Wärend dem Chantier vun der Restauratioun gëtt och dovu profitéiert, en neie performante Lautsprecher-System ze installéieren (System Omniwave), fir déi generell Akustik an der Kathedral ze verbesseren.

Fir de Restauréierungsprojet, deen am Laf vun dësem Joer wäert ofgeschloss kënne ginn, konnten am Ganzen 88.000€ an zweeanenhalleft Joer gesammelt ginn, dovunner 38.027€ am Joer 2021.

 


Dank der Ënnerstëtzung vu villen Donateure konnt d’Fondatioun doriwwer eraus dës Projeten matfinanzéieren:

  • « Karibuni», une initiative humanitaire mise en place par le JRS (Jesuit Refugee Service) en faveur de l’accueil et l’intégration de jeunes réfugiés au Luxembourg.

 

  • Entwécklung vum Centre spirituel um Cents” fir den Ënnerhalt vum Kloschtergebäi a fir déi pastoral Aarbecht vun de Schwëstere vum “Institut des Servantes du Seigneur et de la Vierge de Matará”.

 

  • « Adveniat » en soutien de l’activité missionnaire, humanitaire et spirituelle de l’abbé Julien Braun en Amérique Latine.

 

  • Esch 2022, Zesummen, wann och verschidden” ass e Projet, deen op Initiativ vum Pastoralrot vun der Por Esch-Uelzecht Helleg Famill am Kader vun Esch 2022, europäesch Kulturhaaptstad, organiséiert gëtt. D’Zil ass et, d’Liewen, d’Kultur an d’Dynamik vun der kathoulescher Kierch wéi och hire Beitrag an der Populatioun ervirzehiewen an ze weisen, datt eng Zesummenaarbecht mat den anere Konfessioune méiglech ass.

 

  • Ënnerhalt vun der Kapell vum Christ-Roi

Propriétaire vun der Kapell vum Christ-Roi, déi um Belair läit, ass d’Communautéit vun de Jesuitten. Well si e reegelméissegen Ënnerhalt brauch, hëlleft d’Fondation Sainte-Irmine beim Erhalt vum Gebai.

 

  • Den Entwécklungsfong vun der Scuola Materna Cattolica Internazionale hëlleft, d’Zukunft vun der « Scuola » ze assuréieren a besonnesch déi kathoulesch Wäerter ze erhalen, déi vun de Schwëster vun der Congregazione delle Suore Francescane Missionarie del Sacro Cuore am Joer 1965 Grond geluecht goufen.

 

  • Fong fir déi Krank, Ënnerstëtzung fir d’Aktivitéite vu LuxPélé asbl, dem diözeesane Pilgerdéngscht, deen – an normalen Zäiten – Pilgerreesen fir krank oder eeler Leit a Mënsche mat enger Behënnerung organiséiert. De Pilgeruert Lourdes ass hei eng privilegéiert Destinatioun vun der Associatioun.

 

  • D’weltwäit Giebetsnetz vum Poopst ass e peepstlecht Wierk, dat sech un all Chrëschte riicht, fir datt si sech am Gebiet mobiliséiere fir d’Erausfuerderunge vun der Mënschheet a vun der Missioun vun der Kierch, déi de Poopst ons all Mount uvertraut.

 

  • D’Europa Scoute vu Lëtzebuerg (ESL) sinn eng Scoutsbeweegung, déi zanter Joren hire Fokus op déi kathoulesch Erzéiung leet. Zil ass et d’Generositéit bei de Jonken ze entwéckelen a konkreet Aktiounen ëmzesetzen. Begéinungen tëscht jonken Europäer an deem selwechte chrëschtleche Geescht gi favoriséiert.

 

  • Ënnerstëtzung fir de Mouvement vun der ACFL ass e rezente Projet op d’Initiativ vun der Action Catholique des Femmes hei zu Lëtzebuerg. D’ACFL wëll e verantwortungsvollen Akteur an der Zivilgesellschaft sinn, deen an de Beräicher vum Glawen, vun der Kultur, vum sozialen Engagement an der Fortbildung aktiv ass.

 

Promotioun an Ëffentlechkeetsaarbecht

 

Promotiounscampagne

Am Laf vum Joer 2021 huet d’Fondatioun e puer Campagne gemaach, fir de Public fir verschidde Projeten ze sensibiliséieren.

Trotz gudde Resultater konnt wéinst Covid-19 fir d’zweet Joer hannerteneen den direkte Kontakt mat den Donateuren net esou gesicht ginn wéi virun der Pandemie. De mënschleche Kontakt tëscht der Ekipp vun der Fondatioun an den Donateure war op en Neits zimmlech ageschränkt.

Wéi déi Jore virun, huet d’Fondatioun am Mäerz 2021 nees eng nei “Campagne de réveil” lancéiert vu verschiddenen Donateuren. E Courrier ass an deem Kader u méi wéi 2000 Donateure geschéckt ginn. Dank dëser Aktioun hu sech verschidden Donateure erëm fir verschidde Projete vun der Stëftung interesséiert.

D’Fondatioun Sainte-Irmine huet och am Joer 2021 Spendenappeller lancéiert, déi hir Friichte gedroen hunn.

  • – Projet REH, Sensibiliséierung vun den Donateure fir d’Flüchtlingshëllef,
  • – Projet Tëleesmass, fir d’Ausgabe vun der Iwwerdroung vun de Massen,
  • – Projet Scuola Materna Internazionale, fir hir organisatoresch Fraisën ze decken,
  • – Projet Restauréierung vun der symphonescher Uergel.

 

Villfälteg an Intensiv Kommunikatioun

2021 ass nees vill Zäit investéiert ginn, fir dem Publik eng Iwwersiicht vun den Aktivitéiten an den Initiativen ze bidden.

Den Depliant vun der Fondatioun Sainte-Irmine (iwwersat an dräi Sproochen: däitsch, franséisch an englesch), deen op eng einfach Manéier d’Missioun vun der Stëftung resuméiert, ass 202 an enger dreeter Editioun erauskomm Dësen Depliant ass och un all neien Donateur, deen sech un d’Fondatioun geriicht huet, geschéckt ginn an huet esou gehollef, déi diözesan Ziler duerzestellen. Den Effet war gutt an d’Resultater vun dëser Aktioun ware vill verspriechend, besonnesch wat d’Zomm vun den Donen 2021 ugeet.

 

Fortsetzung vun der Aktivitéit am Web

Als Erënnerung: D’Fondatioun huet 2019 eng Partie Aarbechte gemaach fir hir Websäit www.irmine.lu ze starten, déi den 13. Mee 2019 online goung.

Ënnert der WordPress Dimensioun entwéckelt, bitt dëse Site e konkreten Iwwerbléck iwwer déi verschidde Projeten, déi vun der Fondatioun Sainte-Irmine hebergéiert ginn. Zousätzlech wëll de Site och e “liewegt” Kommunikatiounsinstrument sinn, dat fäeg ass d’Internet-Benotzer z’informéieren iwwer déi vill Aktivitéiten, Initiativen oder Eventer, déi d’Fondatioun mat der Zäit promovéiert. Zanter 2020 presentéiert sech de Site op lëtzebuergesch an op franséisch.

Zousätzlech huet d’Fondatioun 2020 d’Fonctioun “Online Don” per Kreditkaart ageriicht. Wärend dëse Service an enger éischter Phas manner vun Donateure benotzt gouf, konnten een am leschte Véierel 2021 a besonnesch am Dezember festzestellen, datt dës nei Applicatioun méi dacks gewielt gouf. Mir hoffen, datt dëse Moyen, déi den direkten Transfert vum Betrag vun den Donen op d’Konte vun der Fondatioun erlaabt, am Joer 2022 weider zouhëlt; dëst och fir déi traditionell Transferte per Bankiwwerweisung ze kompenséieren, déi méi laang an ëmständlech sinn.

 

Aktiounsplang fir 2022

Dynamesch Kommunikatioun

Wéinst der Evolutioun vun der Pandemie schéngt et eis schwéier, zu dësem Zäitpunkt Prognosen ze maachen iwwer d’Kommunikatiounsaktivitéite vun der Fondatioun Sainte-Irmine 2022.

Natierlech steet am Virdergrond vun der Fondatioun Sainte-Irmine de Wonsch seng Kommunikatiounspolitik aktiv ze relancéieren vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet an den Donateuren. Eng Aarbecht, déi sech bezuelt mécht, wéi d’Resultater vun 2017 bis 2020 ënnersträich. Ausserdeem ass eng speziell Aktioun virgesinn, fir och déi auslännesch kathoulesch Kommunitéiten ze cibléieren.

Zousätzlech wäert d’Fondatioun Sainte-Irmine e reegelméissegen Austausch mat de Verantwortleche vun de verschiddene Projeten hunn, si weider ënnerstëtzen an d’Donateuren transparent informéieren.

An dësem selwechte Kontext plangt d’Fondatioun och aktiv an eenzelnen sozialen Netzwierker ze ginn, fir esou de Bekanntheetsgrad ze vergréisseren. D’Piste sinn amgaangen analyséiert ze ginn an d’Donateure vun der d’Stëftung gi mat Zäit informéiert.

 

Och weiderhin Donen zugonschte vum Kierchefong méiglech

D’Fondatioun Sainte-Irmine spillt weider eng wichteg Roll an der Transmissioun vun Donen zu Gonschte vum Kierchefong a besonnesch vun de Kierchefabricken an de CGP (Conseils de Gestions Paroissiaux).

D’Zomm vun den Donen zu Gonschte vum Kierchefong via d’Fondatioun chiffréiert sech 2020 op 273.839 €, géint 421.818 € am Joer 2020. Dës Baisse erklärt sech duerch verschidden exzeptionnel Donen 2020, déi 2021 ausbliwwe sinn. Dovunner ofgesinn, war 2021 e ganzt respektabelt Joer. Dës Baisse erklärt sech duerch verschidden exzeptionnel Donen 2020, déi 2021 ausbliwwe sinn. Dovunner ofgesinn, war 2021 e ganzt respektabelt Joer.

An dëser Perspektiv huet d’Fondatioun Sainte-Irmine wëlles an den nächste Jore weiderzefueren an hir Kollekt vun Donen zugonschte vum Kierchefong, fir all Donateuren, déi dëst gären hätten, beizebehalen.

 

Conclusioun

Opwuel 2021 op en Neits staark vun der Pandemie betraff war, hunn sech d’Donateure am vergaangene Joer nees ganz genéreis gewisen.

Déi meeschte Projete fannen nach ëmmer vill Zousproch a bleiwen aktuell, wat engersäits d’Donateure motivéiert an anersäits d’Stëftung méi bekannt mécht.

An dësem Sënn schafft d’Fondatioun all Dag, fir esou gutt wéi méiglech déi pastoral Aktivéite vum Bistum ze ënnerstëtzen an zugläich och Initiativen am Zesummenhang mat der Aus- a Weiderbildung an der Protectioun vum Patrimoine ze fërderen, ouni déi sozial an humanitär Projeten ze vergiessen.

Wann d’Resultater 2021 am Verglach vum Virjoer zréckgaange sinn, sou ass dat zu engem groussen Deel drop zréckzeféieren, datt am Joer 2020 méi aussergewéinlech grouss Done gemaach goufen.

Dëse Constat sprécht fir d’Resultat vun 1.521.014 Euro. Wärend am Joer 2021 44% vum Gesamtresultat op aussergewéinlech Donen (Donen vun 10.000 Euro un) zréckzeféiere waren, waren et 2020 53,5%.

 

De Verwaltungsrot an d’administratiivt Personal vun der Fondatioun soen all den Donateuren an Donatrice vu ganzen Häerzen e grousse Merci fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung am Laf vum Joer 2021.

 

AW/RN Abrëll 2022