Mariejubiläum 2024-2025

Mariejubiläum 2024-2025

Den 8. Dezember 1624 huet de Jesuittepater Jacques Brocquart zesumme mat jonke Studente vum deemolege Jesuittekolléisch an enger Pressessioun eng Statu vun der Muttergottes virun d’Diere vun der Stad gedroen, fir se um Glacis-Feld opzestellen. Dëst war den Ufank vun enger populärer an offizieller Frëmmegkeetsbeweegung, déi vun deemools un d’reliéist an d’ëffentlecht Liewen an der Stad Lëtzebuerg, am Land an doriwwer eraus gepräägt huet. Virun allem ass dëst de Gebuertsdatum vun der Oktav zu eiser léiwer Fra vu Lëtzebuerg, der Tréischterin am Leed.

Op Invitatioun vum Här Äerzbëschof, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, gouf de 400. Anniversaire vun dësem bedeitenden Grënnungsevenement fir d’Kierch hei zu Lëtzebuerg mat engem Mariejubiläum gefeiert. Dëse Jubiläum goung vum 8. Dezember 2024 bis de Schlussoktavsonndeg, de 25. Mee 2025.

Am Kader vum Jubiläum goufen organiséiert:

  • Gottesdéngschter,
  • kulturell a geschichtlech Manifestatiounen,
  • Ausstellungen,
  • kulturell Weeër duerch d’Stad,
  • Concerten,
  • Publicatiounen,…

Grad wéi och e Projet fir d’Kathedral(wärend der Zäit vun de “Winter lights” an der Stad Lëtzebuerg) ze beliichten.