Blog

D’Glacis-Kapell gëtt verschéinert

Am Kader vun der partieller Renovatioun vun der Glacis-Kapell goufen zanter November 2023 Wandmolereien um Ducksall a riets a lénks vum Grafstee vum Mgr Nicolas Adames, éischte Bëschof vu Lëtzebuerg, fräi geluecht respektiv erneiert.

An enger zweeter Phas gi lo ab dem 6. Mee 2024 och d’Wandmolereie ronderëm d’Grafplack vum Mgr Jean-Joseph Koppes, zweete Bëschof vu Lëtzebuerg, erneiert. Doriwwer eraus kritt d’Kapell bannen en neien Ustrach an eng nei Beliichtung.

Profitéiert gëtt och vun der Geleeënheet, fir de grousse Wandteppech vun 1966 mam Motiv vun der Tréischterin am Chouer ze botzen.

Fir dës zweet Phas vun den Aarbechten ass d’Glacis-Kapell vum 6. Mee un fir e puer Méint zou.

Fir de Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!