Thumos – Verbum Spei

Thumos – Verbum Spei

Thumos heescht “ënneren Elan” op Griichesch

Mission Verbum Spei

“THUMOS” – Missionareschen Zenter Jean-Paul II, Belval

De Projet “THUMOS – Missionareschen Zenter Jean-Paul II” wëll am neien Zenter Jean-Paul II op d’mannst 7 jonk Studenten ophuelen, sief et aus Lëtzebuerg, Europa oder soss engem anere Land, fir hinnen eng missionaresch Erfarung am Kader vun der Uni zu Belval ze erméiglechen. Dës Initiativ gouf scho viru 5 Joer lancéiert an huet Friichte gedroen. Neng jonk Studente konnten zënter dem Ufank vun dësem Projet eng missionaresch Erfarung maachen. No enger Ënnerbriechung bedéngt duerch d’Corona-Pandemie relancéiert d’Briddergemeinschaft dëse Projet nees am Kader vun der Aweiung vum neie Zenter Jean-Paul II, déi fir 2022 geplangt ass.

Dëse Projet bitt Jonken tëscht 18 an 30 Joer, virun allem Unisstudenten, d’Méiglechkeet, fir op d’mannst wärend engem Schouljoer (September bis Juni) d’Erfarung vun enger “missionarescher Liewensschoul” ze maachen.

Et geet virun allem ëm eng Formatioun fir ee selwer an a Gemeinschaft: Verbum Spei Thumos Mission

  • Si entdecken e Liewen am Gebiet mat de Bridder vu Verbum Spei: stëll Veréierung, Bedeelegung un de Massen an un anere reliéise Feieren. Dës Erfahrung geschitt je no hiren Interessen a Besoinen an engem fir all eenzelne Student adaptéierten a flexibelen Tempo.
  • Si kréien eng Formatioun, déi sech ëm d’Wuert vu Gott an ëm d’Léier vun der Kierch dréit.
  • Si maachen d’Erfarung vun engem Liewen a Gemeinschaft, andeems si mateneen iessen an zesumme verschidden Aktivitéiten ënnerhuelen.

Et geet och ëm e missionarescht Liewen:

  • Jonker um Unicampus begéinen, fir mat hinne Frëndschaften opzebauen a fir si op verschidden Aktivitéiten ze invitéieren, déi vun der Héichschoulpastoral ugebuede ginn.
  • Pastoral Aktivitéiten, virun allem um Site Belval an zesumme mat de Bridder vu Verbum Spei, fir Studenten a fir Jonker am Berufsliewen organiséieren a proposéieren.

 

Spendenopruff

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, sidd generéis, a maacht wgl. en Don!

MENTIOUN VUM DON : THUMOS – VERBUM SPEI

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

D’Donen un d’Fondation Sainte-Irmine si vun der Akommessteier ofsetzbar no de gesetzleche Bestëmmungen.

Brudder Wandrille

Brudder Wandrille
Veuillez indiquer le montant que vous souhaitez donner.
Informations personnelles

Information de carte bancaire
Paiement sécurisé par SSL.
Détails de facturation

Termes

Total du don : 50,00€

Mat mengem Klick akzeptéieren ech d’Notzung vun deene Cookien, déi fir d’Bezuelen onbedéngt noutwenneg sinn. Méi doriwwer wëssen

Payconiq Verbum Spei Thumos