Thailand 2019

Thailand 2019

No zwou Reesen an Thailand an op Invitatioun vun de jonke Karens op d’JMJ zu Krakau, hat den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg de Projet lancéiert fir mat engem Grupp vu jonke Leit a Begleeder a Kambodscha an Thailand ze goen. No der Acclimatiséierung an Asien haten si eng historesch, kulturell a reliéis Entdeckung duerch Ayutthaya an d’Regioun Siam Reapau, Kambodscha gemaach, éiert hir Rees an Thailand weidergung.

Zu Chiang Rai hat de Grupp,e puer Deeg en interkulturellen Austausch mat Studenten aus dem “Xavier Learning Center” verbruecht, meeschtens Karens. Wärend der leschter Rees haten déi Jonk un engem Projet deelgeholl fir dësen Zenter ze bauen. D’Kare sinn eng Tibeto-Birmesesch Ethnie vu 4-5 Millioune Leit, vun deenen ongeféier 10% an Thailand liewen an 90% am Burma. D’Karen, déi am Norde vun Thailand an der Provënz Tak etabléiert sinn, liewen an Dierfer an der Biergregioun. Eng grouss Zuel vu Karen an Thailand (140.000) liewen awer a Flüchtlingslagere laanscht d’Grenz mam Myanmar.

D’Erfarung, déi gelieft gouf, war déi vun engem vill méi einfache Liewen a méi aarmen Ëmfeld wéi zu Lëtzebuerg. Déi Jonk hate Fraen a Männer begéint mat liewege Glawen.

Déi Jonk Leit:

  • • haten eng nei, a ganz ofwiesslungsräich Kultur entdeckt,
  • • haten den Alldag a Glawen vun de Karens gedeelt,
  • • haten en intensiven Austausch mat jonke Karens am Kader vun engem interkulturellen Austauschprogramm erlieft,
  • • hunn mat den anderen Echange gemaach, a sinn doduerch gewuess.

Aktivitéiten als Virbereedung op dës Rees waren Deel vum Projet. Déi Jonk hate besonnesch u Virbereedungsdeeg an un der Entwécklung an Ëmsetzung vu Spendenaktiounen deelgeholl.