Blog

Reech eng Hand brauch Iech!

Eng Famill am Pakistan krut Morddroungen, well si kathoulesch ass an zu hirem Glawe steet. Well hiert Liewen dohannen a Gefor war, huet si ganz séier misse fort. D’Famill setzt sech aus dem Papp, der Mamm an hirem Bouf vun 11 Joer zesummen.

Et ass eisem Här Äerzbëschof an der Ekipp vu Reech eng Hand en Uleies, dëser Famill, déi wéinst hirem Glawen huet misse vun doheem fort, eng Méiglechkeet ze ginn, zu Lëtzebuerg en neien Ufank ze maachen. D’Famill schwätzt fléissend Englesch a léiert elo Franséisch. De Bouf geet an eng Classe d’accueil. An der engleschsproocheger Gemeinschaft an der Stad huet d’Famill, déi vu Benevolen a vu Reech eng Hand encadréiert gëtt, en Doheem fir hire Glawe fonnt.

Enn Dezember 2023 huet d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg d’Prise en Charge vun dëser pakistanescher kathoulescher Famill iwwerholl.

Fir déi zwee Joer, déi d’Prise en charge dauert, brauche mir ronn 80.000.- Euro. Mir wëllen ëm Är Ënnerstëtzung froen. Et ass eng Prise en Charge, déi eis um Häerz läit, well mir domadder och eis konkreet Solidaritéit mat Chrëschten ausdrécken, déi wéinst hirem Glawe verfollegt ginn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech gären un d’Madamm Marie-Christine Ries (Mail: marie-christine.ries@cathol.lu / Tel.: 462023-48 oder 621-161837) wenden.

Am Viraus e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung.

Payconis Reech