Blog

Ausfluch vun der Scuola Materna op de Bauerenhaff

Wärend dem leschten Ausfluch vum Joer hunn d’Kanner vun der Scuola Materna Cattolica Internazionale d’Déiere vum Haff besicht. Um Programm ware verschidden Atelieren: Déiere fidderen, Stall botzen, mat Schofswoll eppes maachen oder och nach d’Iesele kämmen.

Fir de Projet vun der Scuola Materna Cattolica Internazionale ze fannen, klickt hei!

SCMI Bauerenhaff 2022

Read more

Parcours gastronomique am Kader vun Esch 2022

Den 2. Juli 2022 huet en Visite guidée mat lokale Guiden am Kader vun Esch 2022 (PROJET Zesummen, wann och verschidden) 31 Participanten op 5 reliéise Sitten zu Esch-Uelzecht, Bieles, Monnerech a Schëffleng gefouert. E musikalesche Programm huet dat d’ganzt verschéinert.

Op all Etapp war e gastronomesche Moment mat derbäi. Dëse besonnesche Programm huet et erlaabt, e puer kulturell Momenter “zesummen” ze erliewen.

Déi nächst Manifestatioune fannt Dir op www.ensembleesch2022.lu

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Esch 2022

Read more

De Fong fir déi Krank u Lourdes

Pilger vu Lëtzebuerg si mat der Ënnerstëtzung vum Fong fir déi Krank zu Lourdes mat den Diözeese vu Metz a Verdun.

Notre-Dame vu Lourdes, biet fir eis!

Fir de Fong fir déi Krank ze ënnerstëtzen, klickt hei!

 

 

 

Read more

Joresofschloss am Gaart vun der Maison Iñigo

Den 19. Juni hu sech eng grouss Zuel vu Famillje fir e flott Grillfest zesumme fonnt. Et war och eng Geleeënheet fir déi verschidde Projete vun der Maison Iñigo ze presentéieren. Ganz besonnesch déi vum Grupp “Laudato Si’ an Aktioun”.

E schéine Moment vun intergenerationellen Treffen!

Fir de Projet Maison Iñigo ze ënnerstëtzen, klickt hei!

220619-Maison Iñigo

 

Read more

Grillfest fir de Joresofschloss vum spirituellen Zenter um Cents

Cents2022Fir d’Aktivitéiten ofzeschléissen, huet de spirituelle Zenter um Cents d’Familljen no der Mass op e Fest a Barbecue invitéiert. Et war eng grouss Freed fir d’Schwësteren d’Famillje virum Summer ze versammelen!

Fir de spirituellen Zenter um Cents z’ënnerstëtzen, klickt hei!

 

BBQ Cents 2022 BBQ Cents 2022

Read more

Nei Koordinatoren fir d’Réseau Mondial de Prière du Pape

De Réseau Mondial de Prière du Pape huet nei Koordinatoren zanter Abrëll: den Diakon Michele Camposeo a seng Fra d’Isabella. Si schloen Iech vir, fir d’Intentiounen vum Poopst matzebieden.

Fir d’Video vun den Intentiounen ze gesinn, klickt hei!

Fir dëse Projet ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Reseau Mondial de Priere du Pape

Read more

Reech eng Hand beim Nationalfeierdag

Reech eng Hand Ëlwen

De Grupp Reech eng Hand vun Ëlwen huet am Kader vun de Festivitéite fir den Nationalfeierdag zesumme mat afghanesche Familljen um kulinareschen Duerf deel geholl.

Fir méi iwwer de Projet Reech eng Hand gewuer ze ginn, klickt hei!

Reech eng hand Ëlwen2

Read more

Picknick vun der Scuola Materna

Virum Schluss vum Schouljoer huet d’Scuola Materna Cattolica Internazionale e grousse Picknick fir d’Kanner, hir Elteren an d’Ekipp vun der Schoul organiséiert.

Fir méi iwwer de Projet Scuola Materna Cattolica Internazionale gewuer ze ginn, klickt hei!

 

Picnic Scuola Materna

 

Read more

Barbecue-Invitatioun fir den Nationalfeierdag

D’Jugendpastoral invitéiert Iech op e Barbecue um Virowend vun Nationalfeierdag am Gaart vum Bëschofshaus.Barbecue JMJ2023

De RV ass dëse Mëttwoch, den 22. Juni, vun 18.30 Auer un op 3, avenue Marie-Thérèse, an der Stad. Häerzlech Invitatioun fir dëse freedege Moment virun Nationalfeierdag.

De Museksgrupp « Young souls » animéiert dësen Owend. Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt – den Erléis ass fir d’Participatioun vun de Jonken un de Weltjugenddeeg 2023 am Portugal.

Kommt alleguer a verbréngt zesummen en agreabelen Owend!

Klickt hei fir den Detail vum Projet JMJ2023

Read more

Tournage fir Reech eng Hand

Tournage Reech eng HandDen UNHCR (Agence vun de Vereenten Natioune fir d’Flüchtlingen) huet e Clip gedréit iwwert déi zwou Familljen, déi vun der kathoulescher Kierch hei zu Lëtzebuerg opgeholl gi sinn.

Et war eng Freed ze gesinn, wéi d’Famillje sech zanter dem 19. November 2019 integréiert hunn!

 

Klickt hei, fir de Projet vu Reech eng Hand ze entdecken an ze ënnerstëtzen!

Tournage Reech eng Hand

 

Read more