Blog

Merci !

Léif Donatricen, Léif Donateuren,

Mat grousser Dankbarkeet konnte mir wärend der Oktav 91 Done fir d’Iwwerdroung vun den Oktavandachten a vun der Tëleesmass enregistréieren; fir d’Renovatioun vun der symphonescher Uergel an der Kathedral si wärend der Wallfaart 9.555 Euro erakomm: Mir soen Iech villmools MERCI fir Är Generositéit!

Copyright : cathol.lu

Read more

Pauline Jaricot, Grënnerin vu Missio, gëtt den 22. Mee séileggesprach

Pauline JaricotD’Pauline Jaricot huet zu Lyon a Frankräich gelieft, ufanks vum 19. Joerhonnert. Als Kand vun enger industrieller Famill, déi an der Fabrikatioun vu Seid geschafft huet, huet hatt eng onbeschwéiert Kandheet. Zesumme mat sengem Brudder war et säi Wonsch, an d’Missioun ze goen Zur där Zäit war Frankräich entchristianiséiert an de Besoin fir d’Evangeliséierung war grouss.

D’Pauline Jaricot fillt sech mat 17 Joer beruff. Hatt ass onermiddlech, huet e Sënn fir Organisatioun an e Glawen, fir Bierger ze versetzen. Hatt biet an handelt an engem Stéck.

Duerch seng Initiativ an säin Engagement huet hatt zu der Zäit ville Katholicken de Wee gewisen. Et ass virun allem gebiet ginn, de liewege Rousekranz gouf gegrënnt (bei hirem Doud waren et 2,5 Millioune Leit), an d’Wierk Propagation de la Foi (d’Verbreedung vum Glawen) gouf an d’Liewe geruff.

D’Pauline Jaricot setzt sech fir d’Aarbechterklass an, andeems et eng Modellschmëtt kreéiert, awer et gëtt duerch Onéierlecher ruinéiert a stierft eleng an Aarmut.

Am Joer 1922 gëtt d’«Propagation de la foi» dat éischt vun de peepstlechte Wierker (OPM). Missio ass haut an 140 Länner vertrueden.

Missio ass Deel vum peepstleche Wierk vum hellegen Apostel Péitruss an ënnerstëtzt d’Ausbildung vu Seminaristen, fir esou d’Evangeliséierung an d’Erzéiung ze fërderen.

Hei fannt Dir d’Säit vu Missio Lëtzebuerg.

Read more

Oktav 2022

Irmine@OktavD’Fondation Sainte-Irmine hëllt Deel un der Oktav !

Dir fannt ons am Piger-Café. Do leien Flyeren aus, an Dir kënnt Kontakt mat ons ophuelen.

De Programm vun der Oktav ass op cathol.lu/oktav

Read more

Reech eng Hand (REH) – Appel fir d’donen

D’Fondatioun an d’Ekipp “Reech eng Hand” soen allen Donateure VILLMOOLS MERCI!

Virun engem Mount hat d’Fondation Sainte-Irmine zesumme mat der Ekipp vu “Reech eng Hand” en neie Spendenopruff gestart fir déi zwou Flüchtlingsfamilljen, déi op Initiativ vum Kardinol Jean-Claude Hollerich am November 2019 hei am Land opgeholl goufen. Bis Enn dës Joer muss d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg finanziell fir all Ausgabe vun de Familljen opkommen. Zil vun dësem Appell war et, ongeféier 25.000 Euro un Donen ze sammelen, fir all Käschten bis Enn 2021 ze decken. Mat Ärer Hëllef konnt dësen Objectif net nëmmen erreecht, ma esouguer däitlech iwwertraff ginn. Méi wéi 120 Donateure vum Projet “Reech eng Hand” hu positiv op eisen Opruff geäntwert a sech nees eng Kéier solidaresch a generéis gewisen. Am Ganzen si bis elo 35.975 Euro un Donen erakomm. Déi Suen, déi net fir beid Famillje gebraucht ginn, ginn um Enn vun dësem Projet fir aner Aktiounen zu Gonschte vu Flüchtlingsfamilljen agesat.

 

Am Numm vun den zwou Familljen, der Ekipp vu “Reech eng Hand” an alle Bénévolen, déi si op déi eng oder aner Manéier ënnerstëtzen, seet d’Fondatioun allen Donateuren en häerzleche Merci fir dës aussergewéinlech Ënnerstëtzung!

 

 

Read more

Eise Site ass vun elo un zweesproocheg: D’Versioun op Lëtzebuergesch ass online

Gudde Moien!

D’Fondatioun ass nach méi no bei Iech!

Enn Oktober 2020 huet d’Ekipp vun der Fondation Sainte-Irmine déi lëtzebuergesch Versioun vun hirem Site online geschalt. Vun elo un kënnt Dir uewen op der Säit (riets) tëscht dem franséischen an dem lëtzebuergesche Fändel wielen.

D’Stëftung wëll op dës Manéier den Accès fir jiddereen zu den Informatioune vun de Projeten a Campagne vereinfachen a seng lokal Verwuerzelung zu Gonschte vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg ënnersträichen.

Wärend d’Artikelen an der Kategorie “Evenementer” an Zukunft op Franséisch oder op Lëtzebuergesch verëffentlecht ginn, affichéiere sech d’Rubriken “Iwwer eis”, “Eis Projeten”, Campagnen”, “Ierfschaften an Donatiounen”, “Kontakt”, “En Don maachen” an “Eis Bankkonten” elo op Lëtzebuergesch. Aus technesche Grënn bleiwen d’Formulaire fir en Don ze maachen op Franséisch.

Entdeckt déi lëtzebuergesch Versioun vum Site!

Äre (Är) Commentairen a Reaktioune si wëllkomm: info@irmine.lu

Read more

Ënnerstëtzung vun de Flüchtlinge vu Lesbos

D’Fondation Sainte-Irmine huet kierzlech en Don un d’Communauté de Sant’Egidio gemaach, fir datt si hir Aktivitéit zu Gonschte vun de Flüchtlingen, déi op der Insel Lesbos sinn, assuréiere kann.

Am August huet d’Communautéit vu Sant’Egidio eng humanitär Missioun am Camp vu Moria op d’Bee gesat.

Déi 150 Benevoller vun der Gemeinschaft, déi hir Vakanz zesumme mat de Flüchtlinge verbruecht hunn, hunn eng bemierkenswäert Aarbecht geleescht: Si hunn e Solidaritéitsrestaurant ageriicht, an deem all Dag méi wéi 1.000 Iessen ausgedeelt goufen. Doriwwer eraus konnten an dësem Kontext méi wéi 150 Flüchtlingen (virun allem Fraen a Kanner) Engleschcoursen suivéieren (fir Ufänger an Avancéierter). Zu gudder Lescht hunn déi Benevolle eng “Schoul vum Fridden” an d’Liewe geruff, déi et 300 Kanner am Camp erméiglecht huet, u klenge Fester mat ofwiesselend Schoulstonnen deelzehuelen.

 

Read more

Froen – Äntwerten

FROEN

Kann ech mäi ganze Besëtz der Fondation Sainte-Irmine verierwen?

 

 

 

 

 

Firwat muss een onbedéngt en Testament maachen?

 

 

 

 

 

Ech hunn ëmmer verschidden Organisatiounen ënnerstëtzt, déi mir um Häerz leien. Kann ech mäi Patrimoine méi Organisatioune vermaachen?

 

Meng Fra an ech, mir hu keng Kanner. Mir wéilten eise Patrimoine der Fondation Sainte-Irmine vermaachen, gläichzäiteg awer, nom Doud vun engem vun eis, de Partner, deen iwwerlieft, schützen. Wat rot Dir eis?

 

 

 

 

 

Kann d’Fondation Sainte-Irmine Äert Graf ënnerhalen?

 

 

Firwat soll ee sech vun engem Notär berode loossen?

ÄNTWERTEN

Alles hänkt vun Ärer familiärer Situatioun of. Dir kënnt d’Fondation Sainte-Irmine als universellen Ierwe vun Ärem Patrimoine bestëmmen. Allerdéngs, wann Dir Flichtierwen (héritiers réservataires) hutt, dat heescht Kanner oder Enkelkanner, oder Äre Partner a verschiddene Fäll, gëtt d’universell Ierfschaft zu Gonschte vun der Fondation Sainte-Irmine op deen Undeel, deen zur Verfügung steet, reduzéiert (quotité disponible). Wann Dir Äert Testament verfaasst, renseignéiert Iech, zum Beispill bei Ärem Notär, datt déi Dispositiounen, déi Dir huelt, konform sinn, sou datt Äre Wëlle ganz respektéiert gëtt.

 

Wann et keen Testament gëtt, gëtt Äre Patrimoine no de legalen Dispositiounen automatesch tëscht Ären Ierwen opgedeelt. Wann Dir iwwerhaapt keen Ierwen hutt, geet Äre Besëtz integral un de Staat.

En Testament erlaabt Iech et, een oder méi Beneficiaire vun Ärem Ierwen ze bestëmmen, wann Dir net méi do sidd.

 

 

 

Natierlech, Dir kënnt Äre ganze Patrimoine oder en Deel dovunner méi Vereenegungen oder Stëftunge vermaachen, preziséiert wgl. den Undeel oder déi eenzel Gidder, déi Dir jidder Organisatioun zouspriecht; berécksiichtegt heibäi de Flichtdeel fir Är Ierwen.

Et geet duer, datt jidderee vun Iech säin Testament op engem separate Blat op dës Manéier formuléiert (wann Dir dat selwecht Blat notzt, ass Äert Testament net gülteg):

« Je soussigné(e) Monsieur/Madame X, demeurant à …., institue la Fondation Sainte-Irmine, dont le siège administratif est B.P 419, L-2014 Luxembourg légataire universelle de tous mes biens, sous réserve de l’usufruit de mon épouse -en précisant son nom de jeune fille- (époux) ».

D’Fondation Sainte-Irmine gëtt dann Ierwen “en nu-propriété”, ma si gëtt eréicht nom Doud vum Partner, deen iwwerlieft huet (den “usufruitier”), wierklech Proprietär vum Besëtz, deen an der Successioun ass.

 

 

Jo, wann Dir dat an Ärem Testament ernimmt, kann d’Fondation Sainte-Irmine sech ëm den Ënnerhalt vun Ärem Graf an ëm d’Blummendekoratioun këmmeren.

 

Fir eng Ierfschaft ze maachen, kann den Notär Iech spezifesch Réit ginn, déi un Är Situatioun ugepasst sinn. Hie kann Äert Testament am “Fichier central des dispositions de dernières volontés” enregistréieren, esou datt assuréiert ass, datt e fonnt an datt dësem Rechnung gedroe gëtt.

Äre Notär kann Iech och assistéiere beim Verfaasse vun Ärem Testament. Säi Fachwëssen a seng Kenntnis vun de Prozeduren am Beräich vun den Successiounen hëllefen Iech, déi richteg Decisioune fir Iech a fir Är Ierwen ze huelen.

Read more

Aktivitéitsrapport 2019

Wärend dem Exercice 2019 huet d’Fondatioun d’Gesamtzomm vun

1.187.157 € gesammelt,

géintiwwer 851.109 € am Joer 2018 a

546.937 € am Joer 2017.

 

 

 

 

 

 

 

 

2019 huet d’Fondatioun ënnert anerem dës Projeten ënnerstëtzt:

 

Zukunfsfong vun der Äerzdiözees Lëtzebuerg

Dësen zweckgebonnene Fong soll der Kierch zu Lëtzebuerg déi néideg finanziell Mëttele ginn, fir hir Pastoral ofzesécheren. Déi gesammelt Gelder wäerte genotzt gi fir d’Ausbildung an d’Bezuele vun de Paie vum Klerus an den Haaptamtlechen, déi nom Akraafttriede vum Gesetz vum 23. Juli 2016 agestallt ginn.

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Stëftung d’Rekordzomm vun 309.433 € un Done fir de Zukunftsfong (Fonds d’Avenir) krut. Op den 31. Dezember 2019 hu sech d’Reserven am Fong op am ganzen 987.247 € belaf. Dës Mëttele esou wéi all aner temporär Liquiditéite vun der Stëftung kënnen nëmmen a Finanzproduiten investéiert ginn, déi den Ufuerderunge vun der Sozialléier vun der kathoulescher Kierch entspriechen an dëst bei Finanzinstituter mat enger exzellenter Bewäertung, déi d’Zréckbezuele vum investéierte Kapital garantéieren.

 

 

D’Initiativ vun der Diözees„Reech eng Hand” a besonnesch de Projet „Accueil vu Flüchtlingen”

Reech eng Hand – Tends la main” ass e Projet vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. E gouf 2015 gegrënnt, wéi vill Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn.

Et ass warscheinlech déi eenzeg Initiativ zu Lëtzebuerg, déi di lokal Integratioun vu Persounen, déi op der Flucht waren, am Bléck huet.

Am Mee 2019 war eng Delegatioun vum Vatikan, mat ë.a. dem Mgr Jean-Claude Hollerich, Kardinol, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, op Lesbos, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune liewen. D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: mam Accord vum Immigratiounsministère zwou Familljen, déi am Flüchtlingscamp op Lesbos liewen, hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.

Déi zwou Famillje sinn den 19. November 2019 hei zu Lëtzebuerg ukomm. Si gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer dréit d’kathoulesch Kierch all Käschten. Déi zwou Famillje kréien déi selwecht Hëllef wéi all anere Flüchtling. No zwee Joer kënne si, wann néideg, op Sozialhëllef vum Staat zréckgräifen, jee no hirem Statut.

Wat d’Resultater ubelaangt, huet d’Initiativ „Reech eng Hand” wärend dem Joer 2019 e remarkabelen Opschwong kannt. D’Fondatioun huet fir dësen Zweck op den 31. Dezember 2019 e Gesamtmontant vun 132.454 € un Done krut, dorënner 65.881 €, déi fir den Empfang vun de Flüchtlinge vu Lesbos bestëmmt waren. An awer brauch dëse Projet, dee keng staatlech Subventioune krut, fir d’Zukunft nach eng däitlech méi grouss finanziell Ënnerstëtzung vun den Donateuren, wëll den Encadrement vun den zwou Flüchtlingsfamilljen fir déi zwee nächst Joren op 180.000-200.000 € geschat gëtt.

D’Iwwerdroung vun de Sonndesmassen a vun der Oktav (Projet „Radiosmass”)

Zanter Januar 2017 finanzéiert den Äerzbistum d’Opnam an d’Iwwerdroung (Audio an Internet) vun de Sonndesmassen a vun der Oktav. Dës Déngschtleeschtunge ginn assuréiert vu professionellen Entreprisen an hunn en héije Käschtepunkt. An awer erlaabt dëse pastorale Projet et, dank der Notzung vun de moderne Kommunikatiounsmëttelen, deene Persounen, déi wéinst Alter oder Krankheet net kapabel sinn, an d’Kierch ze goen, um Liewe vun der chrëschtlecher Gemeinschaft deelzehuelen.

Dës pastoral Suerg gëtt vun der chrëschtlecher Gemeinschaft positiv opgegraff a ganz vill Donateuren ënnerstëtzen dëse Projet, fir deen 2019 58.584 € un Donen erakoumen.

Twittere mat Gott

2018 gouf de Projet „Tweeter avec Dieu – Twittere mat Gott” mat der Iddi lancéiert, e wierklechen Dialog mat de Jonken, ënnert anerem zu hire Froen iwwer d’Liewen, iwwer Gott an de Glawen, unzefänken.

Am zweete Joer hannerteneen gouf dëse Projet vu verschiddenen Institutioune generéis ënnerstëtzt, déi 2019 eng Zomm vun 117.146 € iwwerwisen hunn.

D’Formatioun vun den zukünftegePriister

Enn 2016 initiéiert, huet d’Fondatioun dëse wichtege Projet an der Ëffentlechkeet besonnesch promouvéiert. Dësen Effort um Niveau vun der Kommunikatioun huet et der Stëftung erlaabt, 2019 23.580 € ze sammelen, déi genotzt ginn, fir d’Formatioun vun de Seminariste vun der Äerzdiözees ze finanzéieren.

Missio – Parrainage vu 4 Seminairen an der „Drëtter Welt”

De Parrainage vun de Seminairen ass eng Initiativ vum Hl. Apostel Paulus-Wierk (zu Lëtzebuerg genannt “Priister fir d’Drëtt Welt), dat zanter méi wéi 125 Joer d’Formatioun vun de Priister an den Entwécklungslänner ënnerstëtzt.

An dësem Kader huet Missio Lëtzebuerg sech engagéiert, e puer Seminairen z’ënnerstëtzen, fir d’Ausbildung vun den zukünftege Priister an afrikaneschen an an asiateschen Diözeesen sécherzestellen.

An de Missiounslänner ass de Priister dacks net nëmmen den Hiert a Grënner vu Gemeinschaften, mee hien engagéiert sech och, d’sozial Entwécklung ze fërderen. Dofir brauch et eng zolidd Formatioun.

De Käschtepunkt fir de Studium vun engem Seminarist beleeft sech op 1.500 € pro Joer; d’Zomm, déi all Joer gesammelt soll ginn, entsprécht dem Finanzement vun de Studie pro Joer fir 40 Seminaristen.

Hebergéiert vun der Fondation Sainte-Irmine säit hirer Grënnung huet dëse Projet eng ganz schéin Entwécklung iwwer d’Jore gemaach; 2019 konnten 109.565 € ënner Form vun Donen an Ierfschafte gesammelt ginn.

THAILAND 2019

Nom groussen Erfolleg vun der Editioun 2017 wollt de Mgr Jean-Claude Hollerich d’Erfarung an Thailand mat engem Grupp vu 40 Jonker, déi mat him eng Visitt beim Vollek vun de Karen gemaach hunn, widderhuelen.

D’Kollekt vun den Done fir dëse Projet, dee vun der Ekipp vun der Jugendpastoral organiséiert gouf, huet 2019 39.087 € abruecht. D’Fonge si genotzt ginn, fir d’Reeskäschte vu verschiddene Jugendlechen z’iwwerhuelen, déi net déi néideg Mëttelen hunn, fir aus eegene Moyenen deelzehuelen.

 

 

 

 

Promotioun an Ëffentlechkeetsaarbecht

Promotiounscampagne

Am Laf vum Joer 2019 huet d’Fondatioun e puer Campagne gemaach, fir de Public fir verschidde Projeten ze sensibiliséieren. Mat Hëllef vun eenzelen neien Deplianten, déi systematesch un d’Donateure verschéckt goufen, an enger effikasser Promotioun ass et der Fondation Sainte-Irmine gelongen, d’Recette vun eenzele Projeten ze verduebelen respektiv ze verdräifachen.

De Kreess vun den Donateure huet ganz gutt reagéiert op eenzel Aktiounen, déi d’Fondatioun fir verschidde Projeten gemaach huet, besonnesch sinn hei d’Projeten z’ernimmen, déi vun der Jugendpastoral initiéiert goufen an déi, déi de Klerus ënnerstëtzen, wéi den Zukunftsfong oder den Appui fir d’Seminaristen.

Doriwwer eraus waren d’Donateuren och um Rendezvous fir d’Initiativen am Kader vum Accueil vun de Flüchtlingen a besonnesch fir de Projet „Reech eng Hand”.

Eng intensiv an diversifiéiert Kommunikatioun

Am Beräich vun der Kommunikatioun huet d’Fondation Sainte-Irmine vill Zäit dran investéiert, eng komplett Dokumentatioun zur Verfügung ze stellen, déi et dem Public erlaabt, en detailléierten Iwwerbléck iwwer hir Aktivitéiten an Initiativen zur Verfügung ze stellen.

En Depliant , deen op eng einfach an direkt Manéier d’Missioun an d’Aktivitéite vun der Stëftung an dräi Sproochen (däitsch, franséisch, englesch) resuméiert, gouf breet un d’Reseaue vun der Fondatioun an u quasi all hir 7.000 Donateure verdeelt. D’Resultater vun dëser Aktioun ware villverspriechend, besonnesch wann een d’Zomm vun den Done kuckt, déi 2019 erakomm sinn.

Donieft huet d’Fondatioun, wéi och schonn 2018, verschidde Flyer zu den Haaptprojete gemaach. Dës Aktioun, déi et erlaabt huet, manner bekannte Projeten ze fërderen, war e Succès, wat den Niveau un Donen ubelaangt, déi fir dës Projeten am Laf vum Joer 2019 erakomm sinn.

Kreatioun vun der Internetsäit

Am Kader vun der Kreatioun vun enger adequater Kommunikatiounspolitik huet d’Fondatioun 2019 eng Partie Aarbechte gemaach, fir d’Internetsäit www.irmine.lu ze lancéieren, déi den 13. Mee 2019 online goung.

Op der Plattform WordPress entwéckelt, bitt de Site e konkreeten Iwwerbléck iwwer d’Aktivitéite vun der Fondation Sainte-Irmine a vun den eenzele Projeten, déi si betreit.

Den Notzer huet elo d’Méiglechkeet an e puer Klicken, séier den Objektiv vun der Fondatioun an hir verschidde Projeten, Evenementer an Aktivitéiten ze gesinn.

Doriwwer eraus huet d’Fondation Sainte-Irmine de Site esou entwéckelt, datt d’Notzer online Done maache kënnen. An dësem Kader sinn nach Aarbechten am Gaang, datt de Site Done mat enger ganzer Rëtsch vun Online-Bezuelsystemer beaarbechte kann (Visa, Mastercard, Paypal, asw.). An der selwechter Perspektiv wëll d’Fondatioun der Ëffentlechkeet verschidden Objeten (Bicher, Publikatiounen, Kadoen…) zur Verfügung stellen, déi online um Site kaaft kënne ginn. All dës Verbesserungen wäerten am Laf vum éischten Trimester 2020 a Kraaft trieden.

Physesch Presenz vun der Fondatioun bei verschidde reliéise Manifestatiounen

Den neien Elan, deen d’Fondatioun 2018 um Niveau vun der Kommunikatioun geholl huet, huet sech 2019 fortgesat mat der Participatioun un an enger Presenz vun der Stëftung bei reliéise Manifestatiounen, Seminairen an aneren Evenementer.

An dësem Kader sief ernimmt, datt d’Fondatioun, wéi och schonn 2018, wärend derOktav 2019 mat hirem Stand um Parvis vun der Kathedral vertruede war: dëst war eng gutt Geleeënheet, enger Rëtsch Gleewegen an Donateuren ze begéinen, déi reegelméisseg d’Fondation Sainte-Irmine bei hire Projeten ënnerstëtzen.

 

 

 

 

Begéinung mat den Donateuren

An der selwechter Perspektiv huet d’Fondatioun Begéinunge mat Gruppe vun Donateuren organiséiert, fir hinnen d’Aktivitéite vun der Stëftung an hir zukünfteg Projeten, déi si entwéckelt, ze presentéieren. D’Iddi ass fir déi perséinlech Relatioun mat den Donateuren ze stäerken an en Austausch mat hinnen ze schafen, fir hir Erwaardungen nach besser ze kennen an dësen Rechnung ze droen. Eisen Äerzbëschof, de Mgr Jean-Claude Kardinol Hollerich, huet un dëser Renconter, déi vun den Donateure ganz geschat gouf, deelgeholl. Et ass virgesinn, dëse Reuniounen am Laf vum Joer 2020 eng Suite ze ginn.

 

 

Aktiounsplang fir 2020

Eng dynamesch Kommunikatioun

Ee vun de gréisste Wënsch vun der Fondatioun ass et, seng aktiv Kommunikatiounspolitik mat der Ëffentlechkeet an den Donateure fortzesetzen. Dank de gudde Resultater vum Exercice 2019 ass virgesinn, d’Sensibiliséierungsaktioune fir déi eenzel Projeten an Aktivitéite vun der Stëftung nach z’intensivéieren.

An deem selwechte Kontext denkt d’Fondation Sainte-Irmine och driwwer no, an eenzele soziale Netzwierker present ze sinn, fir esou hier Kanäl, iwwer déi si sech wëll dobausse bekannt maachen, z’erweideren. Projeten an dës Richtung gi gepréift, an d’Donateure gi mat Zäit iwwer Neierungen informéiert.

Entwécklung vun der Internetsäit

D’Joer 2020 wäert genotzt ginn, fir d’Internetsäit, déi d’Visittekaart vun der Fondatioun ass, weider z’entwéckelen.

Wéi scho gesot gouf, ass et eist Zil, en neie Bezuelsystem fir d’Donateuren anzeriichten. D’Iddi ass net, fir Donen ënner Form vu Virementen ze decouragéieren, mee fir einfach, séier an effikass Alternativen ze proposéieren, iwwer déi den Transfert vun den Donen un d’Fondatioun méi séier geet an den Donateuren zousätzlech Informatioune bitt, besonnesch en Historique vun den Donen.

Begéinungen

Doriwwer eraus envisagéiert d’Fondatioun, déi direkt Kontakter mam cibléierte Public z’erweideren, dëst op Grond vum Interessi, deen d’Donateuren an d’Frënn vun der Stëftung 2019 gewisen hunn.

Iwwerluecht gëtt an deem Kader och, fir Sensibiliséierungsprojeten fir d’Verméigensverwaltungsréit (CGP) an d’Kierchefabricken (FE) a vun hirem Public op lokalem Niveau z’entwéckelen, fir esou de Stamm vun Donateure vun der Fondatioun ze vergréisseren. D’Tëscheroll, déi d’Fondatioun am Kader vun den Donen, déi fir d’Poren an d’Kierchefabricke gemaach ginn, ass an Tëschenzäit esou wichteg ginn, datt et Zil vun der Stëftung muss sinn, seng Relatioune mat de lokalen Organisatiounen z’erhalen an ze fleegen, fir datt d’Leit hir Aktivitéiten nach besser kennt.

E leschte Punkt: D’Fondatioun wëll och de Potenzial vun de villen auslännesche Gruppe vu Katholicken, déi hei zu Lëtzebuerg liewen, an d’Stëftung net kennen, notzen. Dës Gemeinschafte si virun allem englescher, franséischer, italieenescher, spuenescher a portugisescher Originn.

D’Fondation Sainte-Irmine wëll Relatioune mat dëse Communautéiten opbauen, fir hinnen hir Aktivitéite virzestellen.

Donateure relancéieren

D’Fondation Sainte-Irmine huet am Januar 2020 eng Campagne gestart, fir verschidde fréier Donateuren ze relancéieren. Et geet ëm 2.000 Donateuren, déi am Fichier vun der Stëftung sinn, mee déi sech zanter 2018 net méi manifestéiert haten.

En Echantillon vu 15 Prozent vun dësen Donateure krut e Courrier an déi éischt Resultater vun dëser Campagne si ganz villverspriechend, wann een de Retour un Done gesäit, déi vun dëser Grupp vun Donateure kommen.

D’Fondation Sainte-Irmine denkt drun, op Base vun dëser positiver Erfarung déi Campagne wärend dem ganze Joer 2020 weiderzefueren.

 

Christian Descoups /Antoine Wagner

28. Februar 2020

Read more

Accueil vun zwou Flüchtlingsfamilljen zu Lëtzebuerg

D’Kierch zu Lëtzebuerg weist sech solidaresch

Dräi Joer no senger Visitt op der griichescher Insel Lesbos huet de Poopst Franziskus en neien Appell lancéiert, fir de Persounen op der Flucht méi Opmierksamkeet ze schenken a méi Solidaritéit um Niveau vun der europäescher Migratiounspolitik gefuerdert.

An deem Kader war eng Delegatioun vum Vatikan, mat ë.a. dem Mgr. Jean-Claude Hollerich, Kardinol, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg a President vun der COMECE, am Mee 2019 op Lesbos, wou Migranten aus dem Irak, aus Syrien a besonnesch aus Afghanistan ënner ganz schlechte Konditioune liewen.

D’Zil vun dëser Visitt war et, fir e konkreet Zeechen ze setzen: mam Accord vum Immigratiounsministère zwou Familljen, déi am Flüchtlingscamp op Lesbos liewen, hei zu Lëtzebuerg opzehuelen.

 

Déi zwou Famillje sinn den 19. November 2019 hei zu Lëtzebuerg ukomm. Si gi begleet vu Reech eng Hand an hiren administrativen Demarchen a bei hirer Integratioun; wärend zwee Joer dréit d’kathoulesch Kierch all Käschten. Déi zwou Famillje kréien déi selwecht Hëllef wéi all aner Flüchtling. No zwee Joer kënne si, wann néideg, op Sozialhëllef vum Staat zréckgräifen, jee no hirem Statut.

Benevoller vu Kolping a vun de Fraen a Mammen grad wéi aner Donateure begleeden dës zwou Familljen op hirem Wee.

Read more

Virwuert

Op Initiativ vum Äerzbistum am November 2012 gegrënnt, ënnerstëtzt d’Fondation Sainte-Irmine d’Entwécklung an d’pastoral Projete vun der kathoulescher Kierch zu Lëtzebuerg. Fir hier Missioun z’erfëllen, appelléiert d’Stëftung un d’Generositéit vu villen Donateuren a vu Benevollen, déi si am Alldag ënnerstëtzen an esou d’Verkënnegung vum Evangelium favoriséieren.

Haut gëtt et eng fofzéng Projeten a ganz verschidde Beräicher: Jugendpastoral, missionaresch Hëllef, Solidaritéitsaktiounen an Initiativen zu Gonschte vu Flüchtlingen a virun allem d’Erneierung vun der kathoulescher Kierch, besonnesch duerch Aktiounen wéi d’Ënnerstëtzung vun der Formatioun fir zukünfteg jonk Priister.

Et ass e kollektiivt Wierk, un deem Benevoller, Haaptamtlecher an Donateuren zesumme matschaffen, fir deenen eng materiell Hëllef an eng finanziell Ënnerstëtzung ze ginn, déi se brauchen.

Déi Leit, déi Donen un d’Fondation Sainte-Irmine maachen, bedeelege sech un dëser souwuel spiritueller an humanitärer wéi och solidarescher Aktioun. Si all temoignéieren op dësem Wee, datt hinne mënschlech a spirituell Wäerter wichteg sinn, och iwwer hiert eege Liewen eraus an esou der Hoffnung Zukunft ginn.

Ganz konkret. Hiere Gest hëlleft eiser Ekipp kuerz- a laangfristeg Aktioune mat Jonken oder kranke Leit op d’Been ze stellen an erlaabt et, den Erhalt an d’Weidervermëttele vum Glawe fir déi nächst Generatiounen z’assuréieren.

Haut frot Dir Iech vläicht, wéi Dir un dësem Zukunftsprojet duerch eng Ierfschaft, eng Liewensversécherung oder eng Donatioun zu Gonschte vun der Fondation Sainte-Irmine deelhuele kënnt. Ech soen Iech jiddefalls villmools Merci fir Ären Intressi fir eis Stëftung an hir Missiounen an ech hoffen, datt dës Säit Iech déi néideg Informatioune gi kann, fir Iech an Ären Iwwerleeungen a bei der Realisatioun vun Ärem Projet ze hëllefen.

Merci fir Äert Vertrauen a fir Ären Engagement un eiser Säit.

 

KONTAKT

Mgr Jean-Claude HOLLERICH

Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
jean-claude.hollerich@cathol.lu

MIR APPELLÉIEREN UN ÄR GENEROSITÉIT

BANKKONTE VUN DER FONDATION SAINTE-IRMINE

CCPLLULL LU64 1111 7017 0305 0000 BILLLULL LU42 0027 5100 4006 0800
BCEELULL LU53 0019 4055 0036 1000

All d’Donen, déi un d’Fondation Sainte-Irmine gemaach ginn, sinn ofsetzbar vun der Akommessteier an de Limitte vum Gesetz.

Read more