Blog

Reech eng Hand brauch Iech!

Eng Famill am Pakistan krut Morddroungen, well si kathoulesch ass an zu hirem Glawe steet. Well hiert Liewen dohannen a Gefor war, huet si ganz séier misse fort. D’Famill setzt sech aus dem Papp, der Mamm an hirem Bouf vun 11 Joer zesummen.

Et ass eisem Här Äerzbëschof an der Ekipp vu Reech eng Hand en Uleies, dëser Famill, déi wéinst hirem Glawen huet misse vun doheem fort, eng Méiglechkeet ze ginn, zu Lëtzebuerg en neien Ufank ze maachen. D’Famill schwätzt fléissend Englesch a léiert elo Franséisch. De Bouf geet an eng Classe d’accueil. An der engleschsproocheger Gemeinschaft an der Stad huet d’Famill, déi vu Benevolen a vu Reech eng Hand encadréiert gëtt, en Doheem fir hire Glawe fonnt.

Enn Dezember 2023 huet d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg d’Prise en Charge vun dëser pakistanescher kathoulescher Famill iwwerholl.

Fir déi zwee Joer, déi d’Prise en charge dauert, brauche mir ronn 80.000.- Euro. Mir wëllen ëm Är Ënnerstëtzung froen. Et ass eng Prise en Charge, déi eis um Häerz läit, well mir domadder och eis konkreet Solidaritéit mat Chrëschten ausdrécken, déi wéinst hirem Glawe verfollegt ginn.

Fir weider Informatioune kënnt Dir Iech gären un d’Madamm Marie-Christine Ries (Mail: marie-christine.ries@cathol.lu / Tel.: 462023-48 oder 621-161837) wenden.

Am Viraus e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung.

Payconis Reech
Read more

Bibelen am Prisong

Dank Ären Done konnten am Kader vum Projet vun der Prisongsaumônerie Bibelen a Kalenner bestallt an un d’Prisonnéier ausgedeelt ginn!

“Denn ich war hungrig und ihr habt mir zu essen gegeben; ich war durstig und ihr habt mir zu trinken gegeben ; ich war fremd und ihr habt mich aufgenommen; ich war nackt und ihr habt mir Kleidung gegeben ; ich war krank und ihr habt mich besucht; ich war im Gefängnis und ihr seid zu mir gekommen.” (Mt 25,35-36)

E grousse Merci fir Är Generositéit!

Wann Dir d’Prisongspastoral ënnerstëtzen an de Kaf vu Bibele fir d’Prisonnéier matfinanzéiere wëllt, da klickt hei!

Read more

Gebietsintentioun fir den Dezember

Mir bieden duerfir, datt d’Mënschen, déi eng Behënnerung hunn, déi néideg Opmierksamkeet vun der Gesellschaft kréien an datt d’Institutionen Inklusiounsprogrammer fërderen, fir datt si aktiv deelhuele kënnen.

Fir de Video op Youtube ze kucken, klickt op d’Foto heidrënner:

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

24 Stonne fir eiser Här

« Le temps que vous passez avec Jésus au Saint-Sacrement est le meilleur temps que vous puissiez passer sur terre. Chaque instant passé avec Jésus approfondira votre union avec lui, rendra votre âme immortelle plus glorieuse et plus belle au ciel et contribuera à apporter une paix éternelle sur terre. » Sainte Mère Teresa de Calcutta

Notéiert Iech elo schonn dëse Rendez-vous fir d’Adoratioun. Tëscht 22:30 an 23:30 animéieren d’Seminaristen d’Gebiet fir d’Beruffungen

Read more

Video vum Haus Inigo

D’Haus Inigo ass e besonnesche spirituellen Uert matten an der Stad fir Kraaft ze fannen, am Glawen ze wuessen, sech ze engagéieren a sech fir eis gemeinsam Äert anzesetzen.

Fir de Video ze kucken, klickt op d’Bild heidrënner :

Read more

D’Scuola am Haus vun der Natur

Am Haus vun der Natur op der Kockelscheier gouf Viz gemaach: Nodeems d’Kanner duerch de Bësch spadséiert waren, hu si Viz preparéiert: si hunn d’Äppel gewäsch a geschielt a se dono mat enger Maschinn gepresst. Natierlech gouf dono de leckere frëschen Äppeljus geschmaacht.

Fir d’Scuola Materna ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more

Colloque: “Gott a/as Radikalisatioun?!”

Wat ass d’Bedeitung vun de Facteuren, déi un d’Relioun an d’Religiositéit gebonne sinn, am Prozess vun der Radikaliséierung? LSRS

An Zesummenaarbecht mat respect.lu – Centre contre la radicalisation an dem IFEN – Institut de formation de l’Education nationale invitéiert Iech d’LSRS op de Jorescolloque vu respect.lu, deen iwwerschriwwen ass “Dieu e(s)t radicalisation?!” (Gott a/ass Radikaliséierung) an deen den 8. an 9. November 2023 um IFEN-Belval stattfënnt.

Den éischten Dag ass geduecht, fir eng philosophesch an historesch Analys vun de Phänomene vum Glawen a vun der Relioun ze maachen. An engem Ronndëschgespréich mat Vertrieder vu verschiddene Reliounsgemeinschaften an Experten an de Beräicher vum Humanismus, vun der Preventioun vun der Radikaliséierung a vun der Theologie wäerten déi positiv an déi negativ Aspekter vun de Relioune beliicht ginn. D’Haapttheeme vum 2. Dag: Religiositéit an nei Technologien, Glawen a Radikalismus, eng psychodynamesch Approche vun der Fro “Virwat gleewe mir?”

Wärend den zwee Deeg kënnt Dir Iech a 4 parallel Ateliere mat dësen Theemen aschreiwen:

• U wie gleefs du? Wéi vum Glawen an engem formellen an an engem onformelle Kader schwätzen?
• Radikale Glawen ≠ Glawen an dat Radikaalt
• D’Sekteen: vu wéini u gi se geféierlech?
• Digital reliéis Radikaliséierung: de Glawen am ëffentlechen digitalen an analoge Raum

Fir méi gewuer ze ginn, klickt hei.

FIr d’LSRS ze ënnerstëtzen, klickt hei !

Read more

D’Gebietsintentioun fir November

Elo am November invitéiert de Poopst eis ,vir fir hien ze bieden!

Biede mir fir de Poopst, fir datt hien am Exercice vu senger Missioun och weiderhin dat Vollék, dat him uvertraut ass, mat der Hëllef vum Hellege Geescht am Glawe begleet.

Dir fannt de Video ënnert dësem Link.

Fir d’weltwäit Gebietsnetz vum Poopst ze ënnerstëtzen, klickt hei !

Read more

Concert vum bolivianesche Grupp “Moxos” zu Lëtzebuerg

D’Communautéit vu Christ-Roi ënnerhält frëndlech Relatioune mat San Ignacio de Moxos a senger Museksschoul a Bolivien.

De Moxos Ensembel spillt de Freideg, 13. Oktober, e Concert-Spectacle “Majara’iwa Resplandor” an der Mëchelskierch zu Lëtzebuerg.

Fir Är Plazen ze reservéieren, klickt hei, oder scannt dëse QR Code:

Read more

Gemeinsaamt Mëttegiessen am Haus Iñigo

Dëse Sonndeg, 24. September, invitéiert d’Gemeinschaft vum Christ Roi no der Mass vun 10.30 Auer op e Patt, e Mëttegiessen an och op eng Virstellung vun engem Kuerzfilm am Haus Iñigo!

Kommt alleguer!

Fir d’Haus Iñigo ze ënnerstëtzen, klickt hei!

Read more